Miroir du Tour 

Vum François Paoletti

Mat Préface vum Thomas Voeckler & Fotoen vum Rom Helbach

Zur 106. Editioun vum Tour de France ass et mir eng grouss Freed Iech e Buch ze presentéieren, wat dës Course emol an engem anere Liicht duerstellt.

Nach ëmmer üübt de Vëlossport a virun allem den Tour de France, eng vun den dräi gréisste Vëloscoursen, eng magesch Faszinatioun aus. Esou och op de François, deen als Kand scho vun dësem Exploit gedreemt huet. Wéi et um Cover heescht ass et eng Course, déi de François a senge Gedanke scho mat 13 Joer gewonnen huet. D’Buch, ass fir mech eng fantastesch Dokumentatioun iwwert dës groussaarteg Vëlosaventure, déi Dausenden an Dausende Leit all Joer gespaant verfollegen an déi och vu ville Vëlos Begeeschterte streckeweis nogefuer gëtt.

Esou ee Coureur ass och de François Paoletti, deen eis a sengem Buch op seng 10 wichtegst Etappe mat hëlt. Et fënnt een ënnert anerem de Galibier oder Croix-de-Fer, den Aubisque an Tourmalet, Alpe-d’Huez oder och de Mont Ventoux fir der e just e puer ze nennen.

An franséischer Sprooch erzielt hie vu senge Gedanken a senge Gefiller déi hien duerchlieft wann hien op de Spuere vun den Toppleit aus dem Vëlossport, vu sengen Idoler an den Idoler vun Dausenden an Dausenden dobaussen, fiert. Dobäi gëtt hien och ee ganz interessanten Abléck an d’Geschicht vum Tour wou sécherlech fir deen een oder anere ganz vill Onbekanntes mat dobäi ass. Och bekannt Coureure wéi den Hinault oder Fignon kommen an den Erzielunge fir.

An senger Aventure gouf de François ënnert anerem vum lëtzebuergesche Fotograf, dem Rom Helbach, dee virun allem an der Vëlozeen, souwuel hannert der Kamera mee och als fréiere Fuerer, bekannt ass. Seng Fotoe vir d’Buch vum Ralph Disiviscourt (deen d’Race Across America als zweeten 2017 gewonnen hat), vir d’Buch iwwert de faméisen Eddy Merckx, an seng vill aner Fotoreportagen aus dem Vëloberäich beweisen säi perfekt Ae vir dëse Sport.

Ech hunn fir dësen Artikel och ee klengen Interview mam Rom Helbach gemaach, deen ech Iech net well virenthalen.

Wat huet dech inspiréiert Sportsfotograf ze ginn?

Ech fotograféiere säit 40 Joer. Vun deemools nach analog – an nach ee richtegt Handwierk – bis haut bei dat Digitaalt. Beim Beruffswiessel an en face vun eiser extrem séier liewiger Social Media Welt war do déi strategesch Fro: wat genau mëschs du elo? Du muss dech haut op eppes konzentréieren, spezialiséieren an dat voll a ganz duerchzéien. Ech komme vum Sport, kenne mech do zimlech genau aus, antizipéieren esou munch Situatioune – also genau meng Nisch.

Wéi ass déi Zesummenaarbecht mat dem François Paoletti entstanen?

Dat war éischter Zoufall, ech sinn op Social Media op eng skurril Iwwerschrëft gestouss : « à 45 ans il se prend pour Eddy MERCKX (Le Parisien – online) » an hunn mir dat emol genau ugekuckt, a gesinn dass dat guer keen durchgeknallte Coco war mee ee Mann deen eng toll Iddi an ee ganzt Konzept dohannert ausgeschafft hat. Ech hunn hien dunn iwwer Facebook kontaktéiert, an elo sin mir schons seit 4 Joer op etleche Projeten (de toutes couleurs) zesummen ënnerwee – de François als Auteur/Cyclisten an ech als Fotograf/Project Manager.

Wéi kann een sech däi Liewen a graffen Zich virstellen. Ëmmer ënnerwee am Ausland?

Wei esou villes am kreative Beräich ass d’Zilgrupp hei zu Lëtzebuerg leider vill ze kleng. Dofir mäin Choix fir déi meeschten Zäit am Ausland spannend Sujets& Stories ze fannen/maachen. Et ass immens flott, ganz interessant, mee och vill ustrengend Deplacementer.

 

Wéi eng Faszinatioun léist den Tour de France haut op dech aus?

Den Tour de France ass ee Spektakel, jo quasi een Zirkus fir enorm vill Leit, live op der Streck, virum TV, an den Zeitunge … an dobäi och nach komplett gratis! Als Sportsfotograf muss du dat einfach emol gemaach hunn. Et ass déi gréisste Vëloscourse op der Welt, mee och mat dem meeschte medialen Drock a Stress. Faszinéieren deet mech awer éischter de GIRO d’Italia – déi geckeg Tifosi op der Streck, déi onvergläichlech italienesch Atmosphär, d’Authentizitéit.

Flirts du nach ëmmer Vëlo?

Jo wann et nëmme geet versichen ech och selwer um Vëlo ze sin. Net einfach wanns du dauernd fort bass. All Dag vu Moies fréi bis Owes spéit zwar beim Sport bass mee kriss do näischt fir dech selwer gemaach. Scho frustrant. Ausser kiloweis Material schleefen a vill hektesch zu Fouss hin an hier fir déi beschte Kamera-Spots… méi ass do net dran! Wann ech dann e puer frei Momenter heiheem hunn, schnell op d’Strooss, mee och Mountain Bike oder E-Bike. Absolute Schönwetterfahrer, sprinten och net méi wann een ënnerwee laanscht mech fiert.

Wat war fir dech deng beschte Foto?

Meng beschte Foto maachen ech vläicht nach. Ëmmer wann ech d’Kamera am Grapp hunn soen ech mir: Haut mëschs du deng absolut beschte Foto… ever! An heiansdo ass och eng valabel dobäi.

 

Wien ass de Rom Helbach?

De Rom Helbach huet als Kand all Méigleches gemaach – Haaptsaach dobaussen un der frëscher Loft : Vëlo, Fussball, Tennis, Lafen etc. Oft och alles parallel.

D’Blessuren huet hien ni esou richteg auskuréiert an dofir virun allem scho fréi Knéiproblemer kritt. Woumat eng ambitionéiert Carrière am Leeschtungssport scho gläich Ufanks 20 fäerdeg war. Säin Gefill sot him vir am Beruff vum Fotograf Fouss ze faasse mee seng Elteren hunn éischter gemengt dass et besser wär e buedemstännege Beruff ze léieren.

Aus dem provisoresche Job an der Finanzbranche sollt dunn schliisslech ee Laangzäit-Projet ginn (35 Joer). Bis no der weltwäiter Finanzkris 2009 hien säi Liewen a Fro gestallt huet. An endlech dem Bauchgefill nogelauschtert huet a kompletten Zeenewiessel als Sportsfotograf riskéiert huet.

©Rom Hellbach

Weider Aarbecht vum Rom Helbach:

Bicher: DIZZY – Race Across America & EDDY

Magzine: Revue Lëtzebuerg, Cycliste FR, Cycle! Magazine – Rossolis, 200 – le vélo de route autremenet

Presse: Tageblatt, Essentiel, Le Quotidien

Websäit: www.romhelbach.com 

Fazit zum Buch 

“Miroir du Tour” ass e qualitativ héichwäertegt gedréckte Buch. Fotoe si wierklech gelongen a kommen duerch déi gutt Graphik vum Buch super eriwwer. Mee och den Text huet et an sech. De François léisst ons den Tour mat sengem Ae kucken an ech hunn villInteressantes an Neies vun him geléiert.

E ‘Must have’ also vir all Velosadept mee och vir Leit déi sech vir flott Fotobandbicher interesséieren.

Tags:
Martine

Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue.    Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende  

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.