Paella

Hallo Dir léif Lieser. Haut hunn ech mer geduecht ech géing ee vu menge Rezepter mat Iech deelen dat ech elo am Summer ganz gäre maache wann Besuch kënnt. Et muss ee jo net ëmmer grille.

Wéi sinn ech zu folgende Paella Rezept komm? Mir waren, viru laanger Zäit, mat Frënn, wou de Mann ee Spuenier ass, am Süden vu sengem Heemechtsland bei sengen Elteren invitéiert. D’Leit dohanne sinn net all esou gutt gestallt wéi mir an do war et deemools üblech, dass Moies en Hong geschluecht ginn ass an dëst dunn fir d’Iessen verschafft ginn ass. Souguer d’Féiss vum Hong hunn de Wee deemools an d’Paella fonnt! Awer keng Angscht, esou wäit ginn ech net. Mee et war eng vun de beschte Paella’en déi ech bis elo a mengem Liewe giess hunn an dofir hunn ech mir d’Rezept gefrot.

 

Wat mer brauchen:

  • 500 gr Risottoräis (fir 6 Leit)
  • Gewierzer: 1 g Safran (pistilles), Peffer, Salz, eventuell Piment oder Paprika
  • 250 ml Fëschfong (Glas aus dem Handel oder selwergemaacht)
  • 1 Liter Waasser
  • 1 Packung gefruere gemëschte Fësch, Moulen, Muschelen, (Bouillabaisse)
  • Scampien, Gambas oder Crevetten, frësche feste Fësch (zB Lotte)
  • Pouletstécker oder Pilons, Kanéngche, Salcicchia, Chorizo (jee no Loscht)
  • 1-2 frësch rout Paprika
  • 2-3 Tomaten,
  • E puer gefrueren Ierzen,
  • 1 Ënn, Knuewelek
  • Olivenueleg
  • 1 Zitroun

 

Preparatioun:

  • Fleesch an enger Pan schaarf ubroden an eraushuelen.
  • Knuewelek, Paprika, Tomaten, kleng schneiden.
  • Risottoräis an der Pan mat e bëssen Olivenueleg a mam Safran glaseg gi loossen, duerno lues a lues mam Fëschfond (+ Waasser) opgéissen an akächelen.
  • An enger anerer Pan: Paprika, Tomaten, Knuewelek & di gefrueren Ierzen am Olivenueleg undëmpen.
  • De feste Fësch, d’Muschelen an d’Fleesch (Wielt d’Zorten no Loscht a Laun) op de Räis leeën an duerch zéie loossen. Elo d’Geméis och dobäi ginn a virsiichteg ënnermëschen. D’Britt ëmmer läffelweis noschëdden, bis d’Flëssegkeet nees verkacht ass. (dat Ganzt wärend 45 Minutten, onbedéngt un d’Reieren denke soss kann et ubrennen).
  • Wann de Räis mëll ass dann, d’Crevetten oder Scampien drop leeën.
  • Dat ganzt kënnt elo fir 15 Minutte bei 200 Grad an de Schäffchen. Är Kiche wäert elo scho wonnerbar richen! Den Honger steet sécherlech och schonn um Programm.
  • Virum Zerwéiere Zitroun iwwer der Paella ausdrécken. Se zerwéiert sech herrlech mat engem gudde Glas Rosé, oder och enger killer Rosport Blue.

Loosst Iech si ganz gutt schmaachen.

 

Tags:
Sylvie

Sylvie

Mäin Numm ass Sylvie Collignon-Mathieu, ech si 56 Joer al a wunnen am Süde vum Land. Als Lëtzebuerger Artistin an Autorin vu Kannerbicher sinn ech u villem interesséiert. Zu mengen Hobbye gehéiert alles, wat mat Kreativitéit zesummenhänkt: Molerei, Bicher gestalten, Kachen, Sport & och d'Natur. 

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.