BD Festival zu Contern 2019

Vir 26. Kéier huet Contern dëst Joer säi BD Festival gefeiert. Eng sécher Gréisst vir all Bédéisten an Fans vun der 9. Konscht.

Mat iwwert 200 Fräiwëlleger, iwwer 60 Auteuren an enge 8000 Visiteure war et erëm ee groussen Erfolleg. D’Stëmmung an de Stroossen war flott an d‘Vilfalt vun de Verkafsstänn, mat BD’en an awer och Gadgete, hunn kee Wonsch oppe gelooss.

D’Presenz vun Auteure an d’Méiglechkeet ee vun hinnen dedicacéierte Band ze kréien ass natierlech, vir all Fan, den absoluten Highlight.

De Who’s who, international ewéi och national war, och dëst Joer erëm, wonnerbar erausgesicht. Mat internationale Gréisste wéi dem Pascal Bresson (deen iwwregens fir d’Affiche vun dësem Joer responsabel war, an och de President vum Festival  war) oder och dem Mike Perkins (deen ënnert anerem bekannt ass vir seng Aarbechte vir amerikanesch Comicediteure wei Marvel Comics) war fir jiddereen eppes dobäi.

Och déi national Zeen kann sech weise loossen: de Lucien Czuga hat ënnert anerem de Making of vum Film „de Superjhemp retörns“ mat am Gepäck. De Marc Angel an de Jean-Louis Schlesser hunn hiren neiste Band „De Jas kënnt zréck“ virgestallt.  Den Andi Genen an de John Rech ware mat hiren neiste Wierker „Tow &Tank – Volume 2“ an „Dream Catcher – Volume 4“ dobäi. Och de Grimée („D’Geheimnis vum Verschwonnene Sall“), Sabrina Kauffmann („Illustrated Fairytales“) Robert Soisson („Branded Nation“), a vill anerer hunn déi Lëtzebuerger Faarwe vertrueden.

Vir der BD och iwwert de Conterner Festival eraus national e Gesiicht ze ginn hunn eis professionell BD Kënschtler an och d’Adepten an d’Sammler vun der BD sech Ufank dësem Joer zesummegedoen an d‘Associatioun mam Numm „Frënn vun der 9e Konscht“ gegrënnt. Eng éischt Expo vun hinne war am Juni an der City Concordeze gesinn, wou och de Marc Angel perséinlech seng Wierker dedicacéiert huet.

Dës ufänglech Initiative wéi och d‘Ausstellung dëse Weekend am Centre Culturel am Henkes zu Contern wou si hir Aarbechte presentéiert hunn, waren hir éischt Schrëtt. Mat virop dem Festival vu Contern, mee och weidere Projeten, kënnt d‘Promotioun vir dës Konscht – déi Graphik a Literatur – an der BD vereent, a Lëtzebuerg weider. Mir kënne gespaant bleiwen!

Vir all déi, déi de Festival nächst Joer net erwaarde kënnen hei eng kleng Preview a Form vun der Affiche vum Festival BD 2020 déi vum Etienne Willem entworf ginn ass. Dës Kéier mat engem Wahrzeeche vu Lëtzebuerg: der Loc 1900.

Tags:
Martine

Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue.    Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende  

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.