PC3: Les trois rivières

Mam Vëlo ënnerwee

An engem klengen Duerf am Häerz vun Europa, dat grouss Geschicht geschriwwen huet; Schengen, do geet de Vëloswee PC3 “Les trois rivières” lass. Mueres fréi hu mir, ech a mäin Jong, eis ob de Wee gemaach, fir déi bal 100 Kilometer bis ob Veianen, laanscht Musel, Sauer an Our ze strampelen.

Direkt am Dräilännereck start eis kleng Aventure. Mir drécken an d’Pedallen a fueren iwwert de Vëloswee als éischt emol d’Musel erop. Um ganze Wee gëtt et ëmmer erëm eppes Spannendes ze kucken. Sou ass zum Beispill den Haff Réimech mam Biodiversum direkt ob den éischte Kilometer. Zu Réimech selwer, just e puer Kilometer méi spéit, lueden e puer Schëffer ob eng kleng Croisière iwwert eis Musel an. Ob elo de Bacchus, de Gott vum Wäin, deen sech um Sprangbuer zu Réimech mat engem Faass ronderëmdréint, oder déi flott Blécker ob eis Musel a Wäibierger lueden ëmmer erëm op eng kleng Paus an. Mir hunn, dës Kéier, awer all déi lackeleg Méiglechkeeten ob der Säit gelooss an hu fläisseg pedalléiert.

De Wee féiert praktesch ëmmer iwwert de Vëloswee, dee mat Momenter awer net ëmmer iwwerall op béide Säiten déi schéinste Vue’en bitt. Mee kuerz duerno, oder an déi aner Richtung gekuckt, entdeckt een erëm eppes Neies, eppes Schéines. Och wann ob der Musel haaptsächlech grouss Schëffer mat allméiglech Wuer ronderëm fueren, ginn et och sëlleche Méiglechkeete Sport um Waasser ze bedreiwen. Sou fiert een zum Beispill och laanscht de Chalet vum Waasserski.

Méi schnell wéi ee mengt, gelaangt een un d’Enn vun der Musel dat sech mat Gréiwemaacher ukënnegt, wou een direkt laanscht de Kultuerhuef an de Päiperleksgaart fiert. Duerno geet et nach laanscht de Mäerterter Hafen mat senge sëlleche risege Kranen a schonn ass dat éischt grousst Etappen-Ziel erreecht: Waasserbëlleg wou d’Sauer an d’Musel leeft.

Elo soe mir der Musel Äddi a fuere weider laanscht d’Sauer, eisem Zil entgéint.

D’Sauer ass net mat der Musel ze vergläichen. De Floss ass net esou grouss an déif, an trotzdeem gesäit en plazeweis richteg wëll aus. OP dësem Deel vun der Streck léisen sech d’Uertschaften an d’Campinger of. Bal fuere mir duerch en Duerf, bal laanscht en Camping.

Dacks musse mir mam Vëlo d’Stroossesäit wiesselen. Et fiert en e puer Kilometer direkt laanscht de Floss an dann ob der anerer Stroossesäit duerch d’Gewan. Awer nach ëmmer ass de ganze Wee exemplaresch beschëldert. Et ass bal onméiglech sech ze verfueren. Trotzdeem hu mir et 2 mol fäerdeg bruecht. Glécklecherweis ass et eis awer all Kéiers séier opgefall.

E weideren Highlight ob dësem Tour war dann Iechternach! Hei hu mir eis bei engem gudde Maufel gestäerkt ier mer de leschten Deel vun eiser Streck ugaange sinn. Esou gestäerkt sinn di nächste Kilometer verflunn a schonns ware mir zu Rouspert um Stauséi. Jo, Rosport huet ee klenge Stauséi, dee wahrscheinlech net jidderee kennt. Dëse luet dann och ob sëlleche Waassersport an. Zu Rosport si mir och laanscht de Produktiounssite vu Sources Rosport komm, wou mir d’Fläschen an der Produktioun rabbelen héieren hunn.

Vun hei aus ass et, laanscht d’Sauer, Felder a Wise weider gaangen. E puer Campinger hunn nach ob eng Stäerkung agelueden. Bei e puer vun dëse Campinger kann ee Kanu oder Kayak léinen, fir nees de Floss erofzefueren. Konzentréiert op eise Vëlo, hunn mir déi flott Spillereien awer ob der Säit gelooss a si bis op Reisduerf weider gefuer.

Zu Reisduerf, ewéi mir de Sauerdall verlooss hunn, hunn mir fir déi éischte Kéier am Dag wierklech nom Wee misse sichen, an hunn esou guer bei Leit op der Strooss nogefrot wéi et weidergeet. Et war awer kee grousse Problem, mir kruten direkt gehollef a sinn esou weider gefuer: elo huet d’Strampelen esou richteg ugefaangen. Et ass de Bierg eropgaangen. Et war keng wierklech dramatesch Montée awer no den Kilometer déi schonn an eise Been stoungen an der Hëtzt (et waren iwwer 30 Grad) war et schwéier. De Bléck iwwer all déi gréng Däller huet et allerdéngs nees Wett gemaach. Et ass erop gaange bis ob Bettel an do waren d’Schëlter déi eis gewisen hunn, datt mir direkt virun eisem Ziel waren. Dat huet eis nach emol Kraaft ginn a mir sinn de rechtleche Wee bis ob Veianen praktesch geflunn.

 

Déi lescht Kilometer si mir nach laanscht Our gefuer an do ware mir an der Stad vun den Nëss, Veianen! Zu Veianen hu mir eis, midd, mam Vëlo an de Bus gesat an hunn eis Heem chaufféiere gelooss.

Eisen Tour war bal 100 Kilometer laang an alles wat ech ka soen ass: Wonnerschéin! Mir haten e puer Deviatiounen, wéinst Chantieren, um Vëloswee, mee och déi ware ganz gutt ausgeschëldert. Just zu Reisduerf muss e wierklech gutt oppassen. Wann déi Verantwortlech do nach 2 Schëlter méi ophänke géing, wär alles perfekt. De Schluss awer war fir eis wierklech ustrengend. Wann mir en nach eng Kéier fueren, da wäerte mir zu Veianen ufänken an da just biergof ditzen.

Méi Informatiounen iwwert de Wee fannt dir op www.velospisten.lu/

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.