Schnell ronderëm mam Kart

Een Interview mam Gilles Leyers

Zu Varennes-en-Allier, net wäit vu Vichy ewech, huet de Gilles Leyers den 3. a 4. August séi Kënne bei der Trophée Kartmag bewisen. Trotz engem Intermezzo beim Start, wou hie vill Plaze verluer huet, konnt de Gilles sech, no enger spannende Obhueljuegd, nach bis ob déi 3. Plaz no vir kämpfen.

Ech kennen de Gilles elo schonn e puer Joer. Hien war mäin Solfège-Proff, als den en, mat mir als Schüler, nawell huet e bësse misste leiden. Zënter iwwer 15 Joer fiert de Gilles begeeschtert a mat vill Erfolleg Kart. Mat senge Mëtt 30 Joer, ass en 2-Fache Lëtzebuerger Meeschter an d’Chance sti ganz gutt, datt en sech dëst Joer den 3. Titel erkämpft.

Viru kuerzem war ech hien op eng vu senge Course op Lommelange besichen. Deemools hat de Gilles sech vill Zäit geholl a probéiert mir alles ronderëm säi faszinante Sport ze erklären.

Elo huet hien an enger vun de grousse Coursen a Frankräich eng phänomenalen 3. Plaz gemaach. Dat war natierlech e gudde Grond fir dem Gilles eemol ob den Zant ze fillen an him e puer Froen ze stellen.

Gilles, Gratulatioun fir deng gutt Plaz an der Cours zu Varennes-en-Allier. Wei laang fiers du scho mam Kart?

Merci! Also mat Competitiounen hunn ech am Joer 2005 ugefaangen. Virdru sinn ech e bëssche Locatiounskart gefuer, déi wou een an enger Hal fënnt. Sou dat ech 2003, -04 domat ugefaangen hunn.

An elo bass du an enger grousser Cours Drëtte ginn?

Jo, dat stëmmt. Dat war eng Course wou Piloten, haaptsächlech aus ganz Frankräich do waren. Do sinn ech a menger Kategorie den Drëtte ginn.

Du bass do also Drëtte ginn, awer mat relativ vill Hick Hack? Et ass net ronn gelaf? Verziel emol!

(De Gilles laacht an huet e breet Grinsen) Et war net ganz ronn gelaf. Ech hätt kéinten em déi éischt Plaz matkämpfen. Ech hat d’Zäite fir do matzefueren.

(Kleng Erklärung um Rand: Esou Course ginn a méi Manche gefuer a fir déi bescht geet et dann an déi nächst Ronn)

Jo, an der Final war een, wéi soll ech soen, deen net esouwäit iwwerluecht huet. En huet gemengt e misst direkt an der 2. Kéier iwwerhuelen an ass mir iwwer dat hënnescht Rad driwwer gefuer. Mäi Moto war aus an een nom aneren ass laanscht gefuer. Schlussendlech konnt ech mech dunn awer zeréck kämpfen, bis no vir ob déi 3. Plaz.

Mir haten e Feld vun 20 an ech war do ob Plaz 10, krut ech gesot. Ech hat an dem Moment e bësschen den Iwwerbléck verluer. Ech wousst wärend der Course och net, wou ech dru wier, ech hunn nëmme Gas ginn. Zum Schluss vun der Course hat ech gemengt ech wär 7. oder 8., mee ech krut dunn awer vu mengem Mecanicien gesot, datt ech op der 3. Plaz wär. Da war schonn eng grouss Iwwerraschung.

Dat heescht et ass nach vill méi dran?

Et ass nach méi dran, jo! Et ass nach Loft no uewen.

An dann hues du och nach en néie Chassis gewonnen?

Jo, mee dat war eng Tombola. Dat hat net direkt eppes mat der Course ze dinn. Normalerweis hues du dat net, just hei hunn se eng Tombola mat enorm grousse Präisser. Dat fënns du quasi néierens. Vun dohier war ech natierlech immens glécklech fir do och nach de Chassis ze gewannen.

Mat dem fiers du dann déi nächst Saison?

Nee!

Dës Saison?

Ech hu mir schonn en néie Chassis bei mengem Préparateur kaf a sollt en eigentlech bei dëser Course ausprobéieren. Mir hunn awer dunn gesot, komm mir huelen nach den ale Chassis, wëll mir dee besser kennen. Dowéinst hale mir den alen nach bis no dëser Course an da fänken ech mat dem néien un. A bei eis am Team, fuere mir eng aner Mark.

Du bass u sech jo Beruffsmuseker?

(De Gilles laacht) …Beruffsmuseker… Nee! Also Haaptberufflech sinn ech Museksproff fir Uergel a Solfège. Dat ass e bësschen eppes aneschters wéi mam Kart.

De Kart ass dann däin Ausgläich?

Genau dat! Schonn zënter Klengem huet mech déi Welt ugezunn. Zum Beispill ob der Fouer, do ginn et déi Autoe fir Kanner, déi am Krees ëmmer ronderëm fueren, vun deene war ech scho relativ begeeschtert. Awer eréischt no mengem Studium 2003 ass et esou richteg opkomm. Ech wollt Sport maachen, Motorsport… Ech wollt dat schonn ëmmer maachen!

Du fiers elo a wat fir enger Kategorie?

D’Kategorie sinn dem Alter no. Da ginn et awer nach déi Karte mat Schaltung an déi ouni. Bei den Alterskategorie geet et bei 6 Joer lass, do ginn et verschidden Alterskategorie bis bei d’Masters, wou ech da fueren. Duerno gëtt et nach Gentleman ab 45 Joer a Veteranen, do weess ech awer elo net, ab wéini en do matfiert.

Wéi muss ech mir dat elo virstellen? Du hues en Mecanicien, en Team ronderëm dech?

Genau. Wéi soll ech dat erklären? Ech kafe mäi Material bei mengem Préparateur. Ech kéint dann esou eleng eens ginn an eleng op Course fueren. Ech fueren awer gäre bei hinnen am Team. Dat heescht, wann ech ob eng Course ginn, da sinn ech bei hinnen am Zelt an si këmmeren sech em mech. Si stellen och en Mecanicien, et ass wéi an engem Rennteam halt.

An d’nächst Joer, wat hues du vir?

Ech wäert dëst Joer Champion ginn an ech wëll ob alle Fall d’nächst Joer eng véierte Kéier Lëtzebuerger Champion ze ginn. Ech wëll mech un deene Grousse moossen, sou wéi bei där Course zu Varennes-en Alliers, fir ze kucken, wou ech bei engem attraktive Startfeld stinn. Ech wëll dann och d’nächst Joer nach esou eng grouss Course matfueren.

Merci Gilles fir den interessanten Abléck an däin Hobby, d’Kart fueren.

Kart, net nëmmen eng Passioun vum Gilles mee et ass eng vun de méi gënschtege Méiglechkeeten, eng Passioun fir de Motorsport selwer auszeliewen.

Wann’s du och um Kart fueren oder un engem anere Motorsport interesséiert bass, fënns du vill Informatiounen an en éischte Kontakt ob der Internetsäit vum ACL.

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.