Marche de la Mort Deel 1

Zu Bornem – Honnert Kilometer um Stéck

Een Challenge dee geplangt ass

Ech sinn de Lex , säit Joren e passionéierte Wanderer a keng 100 Joer al. Zënter méi wéi engen Dose Jore wanderen ech mat der Famill a Kollegen. Aus den éischte Schrëtt ass séier een Hobby ginn, dee mech erfëllt a bei deem ech mir reegelméisseg nei Erausfuerderunge stellen. Eng grouss war elo zum Beispill, d‘Schallmauer vun den 100 Kilometer ze iwwerwannen, a bei der bekannter Marche de la Mort, der Dodentocht, zu Bornem matzewanderen.

Bis zu deem Dag wou ech do awer op der Startlinn stoung war et ee laange Wee. Ugefaangen huet mäin Hobby mat einfach Trëppele goen, dat sech dunn lues a lues ëmmer op méi laang Distanzen entwéckelt huet (mat och, säit 10 Joer, all Joers, der Marche de l’Armée zu Dikkrech – 40km). Op der Marche de l’Armée ass mir dunn och iergendwann d’Iddi vun den 100 Kilometer komm.

Fir esou eng Distanz kënnen ze goen, brauch et natierlech enger Preparatiounsphase. Déi huet bei mir elo konkret virun 2 Joer ugefaange wou ech mer un sech als Zil “All you can walk”, 100km vun der Fédération de la Marche Populaire, gesat hat. Leider konnt ech dëst Ziel duerch gesondheetlech Problemer net ereechen. No enger klenger Operatioun, hunn ech mäin Training allerdéngs erëm ugefaangen an no diverse Marchen, stoungen och, als leschte Challenge firun der grousser 100, 50 km vu Langsur op Langsur um Programm. Do hunn ech mäi Material a meng Féiss eng leschte Kéier getest an ech hu gemierkt, dass ech prett si fir Bornem.   

Freides , den 09 August, no 2 Joer laanger Preparatioun an e puer Dausend getrëppelte Km, war  et dunn endlech souwäit. Ech hunn mech mat 2 Kollegen, dem Oli an dem Gibbes, op de Wee op Bornem gemaach. Si sinn dës Marche schonn e puer mol gaang a waren deemno eng super Ënnerstëtzung fir mech. Op dëser Plaz ee grousse Merci un Iech 2.

Bornem ass eng kleng Stiedchen an der Belsch, eng Ronn 250km vun der Stad Lëtzebuerg fort. Fir dës Stiedche sinn déi 100km all Joer ee ganz grousst Event an dëst Joer war et dobäi eng ganz speziell Editioun; d’Marche huet 50 Joer gefeiert! Viru 50 Joer huet d’Marche mat 72 Leit ugefaangen an haut sinn all Joer ronn 13.000 Leit um Start – dat ass scho verréckt! Vill Leit ginn des Marche och méi wéi 1x mat, se huet einfach esou eng extra Atmosphäre. Mir hunn Leit begéint déi sinn se schonn iwwer 30x mat gaangen.

Virum Start hunn ech mech mat enger grousser Portioun Nuddele gestäerkt a mäin Rucksak gepackt (Kleeder fir ze wiesselen, Sonnecrème, Vaselin, meng Drénkfläschen) an am Auto fir dohinner huet de Gibbes mir ee selwer gebastelte Glécksbrénger vu sengem Meedchen iwwerreecht – ech hunn mech riseg gefreet a konnt et kaum erwaarden unzekommen.

Vue déi grouss Zuel u Leit déi all Joer deelhuelen, gëtt et ee groussen extra Parking mat Shuttle fir bei de Registréier Punkt. Alles huet ouni Problem geklappt an ech konnt mäin Rucksak mat mengen Ersatzkleeder an enger Sportshal ofginn. Dat ganzt ass wierklech super organiséiert!

De Start vun der Marche war eréischt Owes um 21h, esou dass mir, wéi mir Mëttes ukomm sinn, nach gutt Zäit haten eis Henkersmoolzecht zu eis ue huelen (Omelett, flämeschen Eisekuch an 2 Béier) an  eis d’Parad, déi duerch d’Stad gezunn ass, unzekucken.

Beim Iessen huet eis d’Nouvelle erreecht, dass zu Lëtzebuerg am Süden een Tornado vill Schued gemaach huet an och zu Bornem ass de Wand ëmmer méi ginn. Mir hunn  gehofft dass d’Wieder d’Marche an och eis net a Gefor brénge géing.

Géint 20h hunn mir eis dunn Richtung Start opgemaach an hunn um Wee dohinner eng ganz Partie wieder Lëtzebuerger Wanderer begéint. De Start selwer war an 2 Bléck opgedeelt a mir hunn eis an de rietsen  agegliddert wou mer eis zimlech fir agegliddert hunn. Ech muss soen, ech war zu deem Moment nawell richteg opgereegt an hunn mer ëmmer erëm d’Fro gestallt op ech déi 100km géing packen.

Kuerz virum Start huet och de Buergermeeschter vu Bornem nach eng kleng Ried gehalen an eis all vill Gléck gewënscht. Dir gesitt, fir Si ass dat ganzt eng richteg grouss Saach. Zum Lidd ‘Final Countdown’ ass et kuerz no 21h fir eis lassgoen. Let the Challenge begin!

Wéi d’Marche selwer verlaf ass, verroden ech Iech an e puer Deeg am 2. Deel.

Tags:
Alex

Alex

Ech sinn den Alex genannt Lex. Ech wunnen am schéine Süden, si 47 Joer al, ee lëschtege Kärel an  all Spaass ze hunn. Ech hunn vu Kand un Sport gemaach, an dat vu Judo, iwwer Boxe bis bei Wing Tsun - eng asiatesche Kampfkonscht. Niewent dem Kampfsport sinn ech och gäre reegelméissege lafe gaangen. Säit e puer Joer elo huet mech d'Wanderféiwer gepaakt an ech huele mat vill Loscht a Spaass un diverse Marchen am In- an Ausland deel. 

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.