Schueberfouer

eng Traditioun déi Jonk an Al aus der Groussregioun unzitt, sief et wéinst dem Iessen, de Spiller, der Atmosphär,… oder einfach wéinst allem.

Dëst Joer traue mer ons, mat onsem jonken Nowuess (10 Méint) op d’Fouer ze goen an natierlech mécht een sech hei verschidde Gedanken. Mat dat wichtegst fir ons, war d’Auerzäit, sou hunn mer eis entscheet direkt am fréien Nomëtten ze goen, fir der Masse z’entgoen an de ganzen Trubel a Grenzen ze halen. Schliisslech soll et net a Stress ausaarten.

Um Dag vun de Kinniginne war et da souwäit, wéi och schonn all di Jore virdrunner, goung et mam Auto op de Bouillon a vun do aus mat der Navette (Linn 37) op d’Fouer. Natierlech erginn sech elo mam Tram ganz nei Méiglechkeeten, déi ech mer och ugekuckt hunn, allerdéngs waren déi fir ons, wéinst dem Beruffstrafic um Réckwee, éischter oninteressant.

Aus der Navette eraus, goung et duerch „d’Südentrée“ op déi grouss Fouerplaz. Zu onsem Erstaune waren ëm 15 Auer scho relativ vill Läit op der Fouer, Gedrécks gouf et awer nach keent. Mir wieren och tipptopp mam Buggy duerch d’Läit komm (och an der Navette, hin an zeréck, wier kee Problem gewiescht), allerdéngs wollte mer „méi liicht“ ënnerwee sinn. Sou hu mer d’Kand an enger Babytrage gedroen, plus den obligatoresche Survivaalrucksaak (Waasser, Fudder, Pampers,…) hate mir dobäi. Dëst war super, sou ware mer méi mobil an hunn eis kéng Gedanken ëm de Buggy misste maachen, falls mer zesummen op e Spill ginn.

Et sinn eigentlech quasi ëmmer di selwecht Buden do, nëmme sporadesch kënnt eppes Neies derbäi, a perséinlech fir d’Fouer, fannen ech dat och iergendwéi gutt. Et gëtt engem e Gefill vu Vertrautheet, et weess een +/- wou di eenzel Budë sinn an et verleeft een sech net (ze vill). Sou konnte mer och zimlech séier onsen Honger stëllen. Dëst Joer hate mer richteg Loscht op ee Pita americain (9€), dat ass eng hallef Baguette mat Gyros Fleesch, Tzatziki Sauce a Fritten. Op der Terrasse beim Kugener hu mer de bei beschtem Wieder rageféiert a mir haten allen 2 keen Honger méi duerno,… mir haten ons 1 zu 2 gedeelt!

Lo war et awer un der Zäit, dass dat Kléngt och op seng Këschte kënnt an sou hu mer direkt d’Klassiker an Ugrëff geholl. Fir d’éischt d’Carroussel Galopant (3€ op de Kapp, de Bébé war gratis), dann op d’Riserad (7€ fir Erwuessener, 4€ fir Kanner, de Bébé war gratis), wat am Dag net sou romantesch wéi Owes ass, mee dofir huet een awer eng besser Vue.

Dann natierlech den Tierchen iwwert d’Fouer, iergendwéi flott di „al“ Spiller, wou een nach Bouf war, ëmmer erëm ze begéinen. Fir mech wieren dat z.B. Shaker‘s, TakeOff an d’Bayernkurve. Natierlech ass et och ëmmer impressionnant, wann ee Spiller wéi d’Alpina Bahn, den XXL oder den Aeronaut gesäit. Selbstverständlech goung et och eng Kéier iwwert d’Schaeffer Allée, vu vir bis hannen, versteet sech vun eleng.

De „Le petit canyon“ (2,5€ pro Persoun fir 3 Tier, Bébé huet och misste bezuelen) war perfekt als kléng Erfrëschung. Hei geet et a klénge Kanu’en am Waasser duerch de Wilde Westen, zesumme mam Bébé (max 70kg pro Boot) sinn ech dann duerch d’Wildnis gepaddelt. Naja, soe mer sou, ech krut d‘Halschent vun der Zäit d’Paddel un de Kapp gehäit, mir schaffen nach un der Fäinmotorik. 😀

Kéng Fouer ouni Besuch beim Jean la Gauffre, eng Portioun Choco Churros an nach puer Tier um Carroussel Galopant, hu mer ons als Final gehalen.

No ronn 3 Stonnen, ware mer erëm um P&R Bouillon bei onsem Auto an hunn festgestallt, dass e Fouer Besuch mat engem klénge Kand net onméiglech ass. Am Contraire, et ka souguer ganz flott an entspanend fir Jidderee sinn, natierlech gewësse Grond Konditioune virausgesat.

Bis den 11. September huet der nach d’Méiglechkeet, d’Schueberfouer ze besichen. Mir wënschen Iech vill Spaass dobäi. 🙂
Tags:
Christian C.

Christian C.

Salut, ech sinn de Christian. Eleng oder mat Frënn kuerbelen ech oft mam Mountainbike duerch d’Land. Dat hält fit, mëscht Spaass an et kann een esou och vill nei Platzen entdecken. De Rescht vu menger Fräizäit wou ech net um Suedel sëtze, verbréngen ech mat Wanderen, Photographie, Kachen, Geocaching a Reesen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.