Marche de la Mort Deel 2

D’Marche

An lass ass et gaang, 100Km ech kommen!

Déi éischt KM goung et duerch Bornem selwer wou um Rand vun der Strooss vill Leit stoungen déi eis ugefeiert hunn. ‚Respekt!‘ & ‚Succès!‘ huet een ëmmer erëm héieren. Dat spornt natierlech un.

Am Ufank waren all d’Wanderer nach zimlech beieneen an et goung weider laanscht laang gezunne Felder an duerch kleng Dierfer. Iwwerall stoungen ëmmer erëm Leit déi Musek gemaach hunn an eis ugefeiert hunn. Natierlech, bei 13000 Leit, gouf et och heiansdo deen een oder anere klenge Stau well d’Stroossen op Plaze schmuel waren an net vill Leit mateneen duerchgepasst hunn. Den Oli huet mech awer e bësse berouegt an deem en sot dass dëst just am Ufank de Fall wär, ab KM 30 géingen d’Leit sech ëmmer méi verdeelen. Hien sollt Recht behalen.

Bis KM 35 hat ech guer kee Problem, war voller Energie an Tatendrang. Dunn koum awer, bei KM 36e klengt Zéien un der Säit, an der Géigend vu menger Heft. Mee dat hunn ech awer dunn ignoréiert, well ‚No Pain, no Gain!’ Ech sinn zouversiichtlech bliwwen dass alles klappt an dass ech mäin Ziel erreeche wäert.

Géint 23h ass de Wand op eemol richteg staark ginn. Den Tornado vu Lëtzebuerg war eis natierlech am Kapp, mee et huet sech erausgestallt dass dee schlëmme Stuerm Richtung Amsterdam gezunn ass an net Richtung Bornem, mir waren also sécher. De Wee ass weider gaangen, och duerch däischter Bëscher bei deenen ech frou war, dass ech mech u menge Kollege konnt orientéieren, déi gutt beliicht waren (souguer an eise Lëtzebuerger Faarwen).

Mäin Ziel war d’Ukommen, ech wollt keng Beschtzäit goen an hunn mäin Tempo vu 5km/h bäigehalen. Béid meng Kollege waren e bësse méi séier ënnerwee wéi ech an hunn dunn ëmmer erëm bei de Ravitaillement Punkten op mech gewaart.

Di ganz Nuecht duerch stounge Leit laanscht de Wee déi eis ugefeiert hunn. Vill hate Stäerkunge fir eis wéi z.B Kuch (ee super leckere Banannekuch ass mer hei besonneg am Kapp bliwwen) an anerer hate Schelder gebastelt mat Nimm vun de Familljememberen. Déi Stëmmung war exzeptionell, ech hunn nach ni sou eppes erlieft! Et huet super Spaass gemaach.

Lues a lues ass et erëm Dag ginn a wou ech aus engem Bësch erauskomm sinn an duerch ee Maisfeld koum, hunn ech ee wonnerschéine Sonnenopgank kënne materliewen. Ech hat meng Kollege kuerz eemol verluer mee mir hunn eis erëm fonnt a mir sinn déi lescht 50km zesumme gaangen.

Bei Km 52 ass et Spaghetti ginn. Ech hat, duerch de Wéi vu menger Heft, zwar net super vill Honger mee ech hunn se awer giess. Ech hunn Energie gebraucht fir déi rechtlech Streck. Hei, e bëssen no der Halschent vum Wee hunn ech dunn och meng Kleeder gewiesselt a meng Féiss frësch  agecrèmt. Bis elo war ech ouni Bloderen ënnerwee, top! Esou konnt et wieder goen. Ech hunn wieder Lëtzebuerger begéint mat deenen ech e puer KM gaange sinn. Ech hunn awer net immens vill mat hinne geschwat well meng Been an Äerm elo scho gebrannt hunn an ech mer duecht, dass ech mäin Otem nach brauche kann.

Op eemol huet et ugefaange wéi aus Eemeren ze reenen. Séier hunn ech meng Reenjackett ugedoen an no enger Stonn huet et och schonn erëmopgehalen. Ech hunn et als kleng Erfrëschung ugesinn. Wieder goung et!

Och no 80Km stoungen ëmmer nach Supporter um Rand vum Wee. Flott ze gesinn! Bei Km 80,hunn ech dunn awer missen eng Pëll géint de Wéi a menger Hëft huelen, mee ech hunn mech net kleng kréie gelooss. Déi huet och séier gewierkt an et goung besser. Di leschte Km virum Ziel ware ganz batter, an ech konnt mäin Tempo vun de 5km/h net méi halen. Et war net wieder schlëmm, mee ech wollt op kee Fall opginn, Ziel war et unzekommen, also goung et e bësse méi lues virun. Déi lescht Ravitaillement Punkten hunn ech ausgelooss, ech wollt w-i-e-r-k-l-e-c-h just nach ukommen. De Gibbes an den Oli, déi antëscht awer erëm e bësse méi séier ware wéi ech, hunn beim leschte 5Km Punkt op mech gewaart fir de Schluss zesummen ze maachen.

Dir kënnt mir gleewen, dëst waren déi längste 5KM vu mengem Liewen! Elo stoung bei all KM e Schëld fir de Wanderer unzeweise wéi wäit et nach ass – dëst spornt un all seng lescht Kraaft zesummen ze huelen. Elo, zréck an der Staat, stoungen immens immens vill Leit an de Stroossen a beim Ziel, déi eis an Empfang geholl hunn. Dat war een onbeschreiflecht Gefill. Ech hunn et gepackt, meng alleréischt 100km um Stéck! Ech war stolz an awer och esou erleedegt zugläich, e Gefill wat ech an deem Ausmooss net kannt hunn.

Nom Ziel si mir natierlech eis Medailean Diplome siche gaangen, et muss ee jo eng Erënnerung hunn wann een esou eng Leeschtung zustane bruecht huet! Duerno, ganz am Gibbes an Oli hirer Traditioun, goung et op eng Terrasse fir ee gudde killen Duvel! Ei!!

Merci un den Oli, Gibbes, Martine, Pia, Sheila anJackie, déi mech eng grouss Streck op mengem Challenge begleet hunn. Ech ka jidderengem nëmmen uroden sech esou ee Challenge ze setzen. D’Gefill et gepackt ze hunn, seng Limitte gepushed ze hunn an, dass de ganzen Training sech gelount huet, ass einfach genial!

Tags:
Claude

Claude

Former blogger at Imaginetheswallows.com and Masters graduate in Multilingual Communication, Claude turned her passion for Social Media into her full time job and is now working as freelance Social Media Manager and Content Creator, helping companies build their online presence. In her free time she loves to cook, discover new recipes and create her own. Also she loves to read, travel and watch series. 

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.