Gelatinedrock

Wat ass dat?

Gelatinedrock ass eigentlech eng ganz einfach Drocktechnik. Et huet een eng Plack, déi aus Gelatinepolver oder -Blieder hiergestallt gëtt an op der een, an eenzel oder a méi Schichten, en Ofdrock op Pabeier oder och Stoff maache kann. Et ass en Eenzeldrockverfahren, bei deem ee keng Drockpress brauch.

Wei kommen ech do drop?

Ech denken, dat ass erëm e Fall fir Youtube oder ech hunn et an enger Facebookgrupp gesinn. Op jiddefalls gëtt et op Youtube eng Onmass u Videoen zu dem Thema .

Wat brauch een?

Eng Gelatineplack – entweder selwer gemaach oder kaaft. (Uleedunge fannt Dir zum Beispill bei Alice Art op Youtube)

Fir dës Technik emol auszeprobéieren, géif ech virschloen, sech eng Plack selwer ze maachen, fir ze kucken op dat engem iwwerhaapt eppes seet. Di Gelli-Print Placke sinn nämlech net bëlleg.

Da brauch ee bëlleg Acrylfaarwen, et mécht wierklech kee Sënn do eppes Deieres kafen ze goen.

Wat de Pabeier ugeet, den ee brauch, kann ee vun einfachem Druckerpabeier, iwwer erofgerappte Kalennerblieder bis zu Aquarellpabeier villes benotzen. Ganz flott fannen ech des Technik och op Zeitungspabeier. Wat bei mir allerdéngs net gutt klappt, ass Sketchbook Pabeier. Aus iergendengem Grond bleiwen do oft Pabeierstécker un der Plack hänken.

Eng Rull, sou eng Faarwrull aus dem Baumaart geet ganz gutt oder sou kleng bëlleg Deegrullen aus Plastik kann een och benotzen

Et muss een net onbedéngt a Profigeschier investéieren.

E grousst Stéck Pabeier fir ënnert dat Ganzt ze leeën, wann ee gären e bëssi méi propper schafft.

Schablounen, Stempelen, Stepp vu Fläschen, Polsterfolie, e gemustert Stéck Kichepabeier, je, alles wat een sou fanne kann, fir en Muster ze maachen. Oft kann ee ganz vill Verpackungsmaterial dozou benotzen a muss net onbedéngt eppes Kaaftes gebrauchen.

An last but not least, eng Plaz wou een di vill Blieder dréchne loosse kann.

Wat kann een domat maachen?

Oh, et kann een alles Méigleches bedrécken oder aus dem Drock ganz vill verschidde Saache maachen. Ech benotzen se vill a menge Bichelcher oder als Hannergrond fir Mixed Media Saachen. Et kann een et awer och als Bicheraband, Cadeauspabeier, als Bild,…, je, der Fantasie si keng Grenze gesat.

Da komme mer elo mol zum Spaass, well dës Technik mécht es extrem vill. A wann een sech dorëmmer ëmkuckt, schéngt dat net just mir sou ze goen.

Et kann een abstrakt oder mat engem besonneschen Ziel schaffen. Ech spille schrecklech gäre mat Faarf a kann oft eréicht ophalen wann ech keng Plaz méi hunn fir d’Blieder ze dréchnen.😄

Sou, an elo geet et lass mat eiser Plack, Acrylfaarf an enger Rull.

Wei geet dat genau?

Et fänkt een un, mat e puer Tuppe Faarf. Dës kann een da mat der Rull verdeelen an nach e Muster dra maachen, zum Beispill mat engem Pinsel. Dat Eenzegt wat ee muss beuechten, ass datt een d’Plaque net verletzt, also näischt mat schaarfe Kante benotzt. Et kann een dann tëscht 2 Methoden entscheeden:

  1. All eenzel Schicht dréchne loossen, a wann ee mengt et ass fäerdeg, eng liicht Couche Faarf driwwer maachen, laang reiwen an alles an engem Coup vun der Plack op de Pabeier drécken.
  2. All Schicht eenzel ofzéien, a wann se gedréchent sinn, kann een erëm eng nei Couche opdrécken.

Ech denken, dir hutt elo genuch gelies an e Bild seet oft méi wei 100 Wieder.😊

Mir bleift just, Iech vill Spaass ze wënschen a wann dësen Artikel Iech zum Ausprobéieren inspiréiert huet, da géif ech mech iwwert e Kommentar dozou freeën.

Bis geschwënn,

Nadia

Tags:
Nadia

Nadia

Säit Joerzéngte méi oder manner kreativ ënnerwee: vun Heekelen, Strecken, Patchwork, Sangen, Fotograféieren, selwer Natur-Seef a Kosmetik maachen an se dann am eegene Buttek verkafen, organiséiere vu Kreativowender bis hin zu der Installatioun vun engem Bicherschaf mat Hëllef vu sengen Noperen. D'Nadia spillt dobäi ganz vill mat Pabeier a Faarwen anprobéiert ëmmer nei Iddien aus. Op Facebook fannt Dir seng Säit: DE KAPP VOLLER IDDIEN an op Instagram ass säin Username offermann_nadia.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.