Et gëtt ëmmer eppes ze entdecken
Eigentlech wollt ech den Mountainbike op den Auto lueden an en neien Eck am Ländchen entdecken, allerdéngs wollt d’Wieder net sou richteg matspillen, sou hun ech ëmdisponéiert an sinn nom Reen direkt mam Mountainbike einfach drop lass gefuer, wisou wäit reesen wann een nach souvill virun der Dier ze entdecken huet, an mengem Fall d’Bëscher an d’Vëlospisten aus menger Gemeng an Nopeschgemengen.

Et ass meng éischt Sortie fir den Hierscht dëst Joer: et hänken gro Wolleken iwwert mengem Helm an futtis Äscht an Eichen knacken ënnert mengen Stollen. Voller Virfreed fueren ech dem éischte Bësch entgéint, vu wäitem gesinn ech schon di fuerweg Baamkrounen an ech sollt och net enttäuscht ginn, de Bëschwee war schon liicht bedeckt mat Blieder.

Abseits vum Verkéier a vum ganze Stress ass et iwwert d’Vëlospist Richtung Bartreng weider gaangen, laanscht dem Naturschutzgebitt “Grafelt” sengen sëllechen Bauerenhäff an Wiesen. Zu Bartreng goung et laanscht e Schoulhaff an et muss wuel d’Mëttegpaus gewiescht sinn well d’Schell ass och kuerz dorobber gaangen, en markant Geräisch, wou een sech séier erëm ganz jonk spiert an un d’Schoulzäit erënnert gëtt… am Hierscht sinn ech oft nostalgesch.
Schlussendlech ass et dann erëm an de Bësch gaangen, fir genee ze sinn den “Ënneschte Bësch” tëscht Bartreng an Leideleng, e flotte Bësch mat souguer engem Fitnessparcours an streckentechnesch vill Kombinatiounsméiglechkeeten wann een do joggen wéilt. Aus dem Bësch eraus goung et nach iwwert eng Kopp wou et zwar gutt geblosen huet mais wou een mat enger schéiner Vue belount gouf.

Et muss een net ëmmer wäit fueren fir eppes schéines oder neies ze entdecken, oft läit et einfach virun der eegener Hausdier, dofir mäin Appell un Jiddereen, grad lo och zur Hierschtzäit, gitt eraus an genéisst et, et gëtt ëmmer eppes ze entdecken.

Leave a Comment