fbpx

BOXEMÄNNERCHER

Lëtzebuerger Traditioun um Teller vum Kleeschen

Dëst ass een Revival vum Nico sengem Artikel vun virun engem Joer

 

De Boxemännchen, de Kuchemännchen oder wéi se och soss nach am Ländchen heeschen. Traditionell bréngt de Kleeschen dat gutt Gebäck. Mir kréien se elo schonns beim Bäcker oder awer mir maachen eis eegen. Déi schmaachen am allerbeschten an et ass och keng Hexerei.

 

Mir brauchen:

  • 100g Botter
  • 2 Eeer
  • 1 Päckelchen Hief
  • 500g Miel
  • 40g Zocker
  • 250ml Mëllech
  • 20g Pudderzocker
  • e bëssche Waasser

A lass geet et

Als éischt schmëlze mer eise Botter. Am einfachsten a schnellste geet dat an der Mikrowell, natierlech kannste awer och eng Kasserolle huelen.

Da schëdde mir d’Miel, den Zocker an ee Pack Hief (7g) an eng grouss Schossel. Dobäi kommen dann nach de ¼ Liter Mëllech, 1 Ee an de geschmoltene Botter.

Elo mësche mir dat alles ganz gutt bis mir eng deck Knupp Deeg hunn. Am beschte geet dat mat enger Maschinn, engem Stabmixer (mat Knethaken) den och Deeg maache kann oder enger moderner Kichemaschinn.

An da lees du en Duch iwwert deng Schossel a stells se fir ob mannst eng hallef Stonn ob eng waarm Plaz.

Tipp: Fréier huet meng Boma den Deeg einfach ob en Heizkierper gestallt a den deck opgedréint. Wann dat bei dir net geet stell d’Schossel mam Deeg an de Bakuewe bei der nidderegster Temperatur (oft 30°C).

Duerno deels du den Deeg an ongeféier 8 gläich grouss Portiounen op. All Portioun dréinste an der Hand zu enger Bull. Wannste eng flott Bull hues da mëschste aus där eng déck Wurscht. Déi leeste ob en Bakblech (am beschte mat Bakpabéier) an drécks se e bëssche platt.

Elo hu mir 8 platt gedréckt Wurschten um Bakblech léien; aus deene forme mir elo de Boxemännchen. Dofir brauche mir dann e Messer. Elo schneide mir hien a Form. Als éischt e Schnatt zwëschen d’Been. Dann ob all Säit 2 Schnatt fir den Aarm an de Kapp. De Kapp musste e bëssche mat de Fanger a Form bréngen.

Dat Ee dat nach iwwereg ass, klapps du elo gutt op a pinsels dann all d’Männercher vu Kapp bis Fouss. Vergiess net genuch Plaz ze loossen zwëschen de Männercher.

Da loosse mir si nach emol gemittlech zur Rou kommen, dat se nach méi lëfteg ginn. An da geet et, fir 20 bis 25 Minutten an de Bakuewe bei 180°C (net vir gewiermt).

An der Zwëschenzäit mësche mir eise Pudderzocker mat e bëssche Waasser.

Esoubal eis Boxemännercher aus dem Bakuewe komme leeë mir se ob en Kucheblech dat se gutt ofkille kennen. Elo bepinsele mir se nach anstänneg mam Zockerwaasser.

 

An dann…

 

Mat Optiounen:

Wie wëll kann och e puer Stécker graff gehackte Schockela oder e puer Korinte mat an den Deeg verschaffen.

 

… gudden Appetit!

 

Nach eng kleng Informatioun. Eis Männercher kaschten ongeféier 40 Cent pro Stéck, do ass och d’Elektresch fir de Bakuewe mat dobäi.

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.