
Op wat een oppasse muss
Mountainbiken am Wanter… Do stellt een sech gäre mol eng Sortie mam Vëlo vir. Am Schnéi, bloen Himmel a puer Sonnestralen op der Haut. Jo, sou eng Sortie am Schnéi ass ëmmer flott a vill Biker freeën sech wann dann di éischt Flacke falen. An der Realitéit sinn déi romantesch Deeg wou een iwwert de wäissen Teppech fuere kann awer leider staark limitéiert an de Wanter weist oft e ganz anert Gesiicht. Mol dréchen an äiskal, oder wei aktuell relativ waarm, awer richteg naass.
Mountainbikë kann een dat ganzt Joer, allerdéngs änneren sech d’Verhältnisser iwwert d’Joer. Am Wanter muss ee generell op puer Saachen oppassen. Et ass manner laang hell, d’Sonn steet vill méi déif, Blieder kënnen um Trail rutscheg Wuerzelen, Steng oder Kaule verdecken, hëlzen Trappen oder Brécke sinn oft rutscheg, de Bësch ass generell mi fiicht, oder et léien Äscht am Wee well et viru Kuerzem gestiermt huet, asw… D’Lëscht ass grouss, mä et ass awer alles keng Excuse fir doheem ze bleiwen.
Schlecht Wieder gëtt et bal net, nëmme schlecht Kleedung. Dat zielt och am Wanter, oder grad zemools dëse Wanter, den zimlech nun emol sabbeleg war bis elo. Déi richteg Kleedung ass ganz individuell; jiddereen huet do seng eege Preferenzen. Wat fir den ee gutt ass, ass fir den aneren ze waarm oder ze kal. Ech doe mech ëmmer nom Zwiwwelprinzip un, also puer Couchë funktionell Kleedung, sou kann een ëmmer eppes aus- oder undoen, wichteg fannen ech och dass een net naass gëtt, also adequat Schong (oder „Überzieher“) unhuet an eventuell eng dënn Reenjackett am Rucksak mat derbäi huet, déi een net nëmme viru Reen, mä och viru Wand schützt. En Helm, Brëll an Händche mat laange Fangeren empfannen ech perséinlech als Grondausstattung. Am Wanter kënnt bei mir dann nach e Buff (Halsduch) an eng Mutz derbäi.

Well et di läscht Deeg souvill gereent hat, hunn ech bewosst en Tour a menger Regioun gemaach. Vu Mamer aus hunn ech mäin Tierchen an de Bëscher ëm Stroossen, Koplescht a Briddel gedréint, do ass et dat ganzt Joer gréisstendeels dréchen an dat aus guddem Grond. Di ganz Regioun ass vum Lëtzebuerger Sandsteen duerchzunn, deen dofir suergt dass d’Waasser séier am Buedem versickert. Esou bléiwen d’Strecken dréchen an dat duerch de Sandstee gefiltert d’Waasser trëtt puer Meter méi déif säitlech erëm als Quell eraus. An der Quelle gesäit een der do en Masse. Interessant ze wëssen ass, dass d’Drénkwaasser an dëser Géigend zu 25% aus genau dem Quellewaasser besteet (di aner 75% komme vun der SEBES). Et begéint een ënnerwee dann och eng sëllechen der Informatiounspanneau’en. Si lueden a fir kuerz stoen ze bleiwen, ze liesen, eng Paus maachen an einfach d’Rou ze genéissen.

De Fräiheetsbam befënnt sech tëscht Stroossen an dem Briddel a läit direkt nieft der A6. Mat senge ville Parkméiglechkeeten a senger idealer Lage bitt de Fräiheetsbam en idealen Treff- a Startpunkt fir de Bambësch ze entdecken, dee mat senge ronn 100 km Bëschweeër kéng Wënsch opléisst. Wiem dat nach net genuch ass, kann säin Tour an den Norde Richtung Miersch verlängeren, wou en och mol méi technesch Saache fuere kann. Et ass einfach fir jiddereen eppes derbäi. Kleeder a Motivatioun virausgesat kann een also och am Wanter duerch d’Bëscher jauwen.
Leave a Comment