
Mountainbiken an der Géigend Belvaux-Differdange
Bei herrlechstem Wanterwieder sinn ech Mëtt Februar den neiste MBT Trail an der “Redrockregioun” gefuer. Enn 2017 hat den “Office Régional du Tourisme Sud” dëse Mountainbike Trail annoncéiert, de wéi säin offiziellen Numm verréit gréisstendeels duerch d’Bëscher vu Bieles an Déifferdeng verleeft.
D’Streck ass nach sou jonk ,dass se nach net fäerdeg beschëldert ass. Op sëlleche Plaze gesäit een awer schonn d’Virbereedunge – wäissen Hannergrond, den op d’Beem lackéiert gouf. Wann een sech hei also net auskennt, sollt een onbedéngt de GPS mathuelen. Allerdéngs wier et och keen Drama wann een sech bëssi verfuere sollt, well éi de Konfuzius scho soot, “der Weg ist das Ziel”, trëfft een hei op vill flott Platzen an Trails.
Sécher kann een duerch d’Zeile liesen, dass dës Platz mir net ganz onbekannt ass. Usëch hunn ech genau an dëse Bëscher ugefaangen ze biken, ëmsou méi grouss war meng Freed an de Virwëtz fir ze kucke wat den ORT Sud hei ausgeschafft huet.

D’Streck huet laut ORT Sud 28 Kilometer a 700 Héichtemeter, wat net näischt, awer och net extrem ass. Si stufen d’Schwieregkeet op Mëttel an, wat vu verschidde Passagen, Montéeën hier a jee no Buedem och verstänneg schéngt.
Et kann een dësen Trail op e puer Platze starten. Am einfachsten ass et am Fonds-de-gras: Wann een de Bierg eroffiert fir bei den Train 1900 ass op der rietser Säit e Parking fir ca. 30-40 Autoen. Oder et start een um Gaalgebierg zu Bieles, hei si souguer 2 Parkingen: 1 kléngen an 1 risegen. Eng Parkplaz ze fanne sollt also kee Problem sinn.
Bei menger Sortie louch nach Schnéi a plazeweis war nëmmen Äis, respektiv wou et entdeet war Bulli, sou dass et plazeweis eng rutscheg Affär war. Sou Konditioune sinn awer relativ seelen. Bis op vläicht 3 Plaze wou een dat ganzt Joer Bulli fënnt, fiert een hei soss relativ propper. Et muss een 3-4 mol iwwert eng Strooss, respektiv wéineg Meteren op enger Strooss fueren. Et sollt een dann (wéi ëmmer) gutt oppassen, wëll d’Autoen hei mol séier kënne kommen.
Generell ass de Wee flott ze fueren, an e gesonde Mix vu breede Weeër a relativ vill Singletrails bréngen e gudde Flow an d’Saach eran. Richteg flott gëtt et dann an der Géigend ëm Bieles, wou se dann ënnert anerem en scho mi eeleren a kléngen awer mega flotte Mountainbike Trail um Gaalgebierg zu Bieles mat integréiert hunn. Dës Schlauf kann ee jee no Form, Loscht a Laun och puer mol dréinen, langweileg gëtt et hei sécher net.
Dem ORT Sud ass et nees gelongen e ganz flotten an interessante Parcours fir d’Mountainbiker zesummenzestellen an och landschaftlech, wéi kulturell brauch dësen Trail sech net ze verstoppen.
Avis aux Amateurs!
Leave a Comment