INTERVIEW MAM CHRIS PHILIPPS
De Chris Philipps, Lëtzebuerger Nationalspiller, ass no 10 Joer vum FC Metz am Wanter bei Legia Warschau gewiesselt. Do huet hien a kuerzer Zäit den Doublé realiséiert – Championnat a Pokal gewonnen. Si spillen elo d’Qualifikatiounsronne fir d’Championsleague. Mir hunn mat him geschwat fir ee klengen Abléck a säi Liewen a Polen ze kréien.

Wat sinn denger Meenung no d’Ënnerscheeder vun de Kulturen Frankräich/Lëtzebuerg a Polen.
D’Leit a Polen hunn sécherlech, vum Land hier gekuckt, elo net onbedéngt Warschau, e manner héije Liewensstandard an si ginn sech mat deem zefridde wat se hunn. Bei eis ass dat jo e bëssen anescht … de Lëtzebuerger ass jo generell méi een onzefriddene Mënsch deen sech iwwer vill Saache beschwéiert. Menger Meenung no genéissen d’Leit einfach dat wat ronderëm ass an net wéi bei eis, nëmme schaffen, schaffen, schaffen a Sue verdéngen.
Hei ass och manner Hektik, et ass méi roueg an dowéinst wierken d’Leit och e bësse méi entspaant an deelweis och méi frëndlech. Ech hu fonnt dass si immens oppen an hëllefsbereet waren an dat ass fir mech e weidere risegen Ënnerscheed vun deem enge Land par Rapport zu deem aneren.
Dann ass et awer och, menger Usicht no esou, dass d’Leit a Frankräich an a Lëtzebuerg hiert Land net als mega positiv ugesinn an dat ass hei ee groussen Ënnerscheed! Polnesch Leit sinn immens stolz op hiert Land, hier Natioun an dat mierkt ee permanent. Wann ech kucke wéi vill polnesch Fändelen hei iwwerall op de Balconen hänken, dat ass dann awer schonn een Ënnerscheed zu deenen zwee Länner wou ech elo laang gelieft hunn.

Wéi ass et souvill méi wäit vun doheem ewech ze sinn?
Et ass eppes wat natierlech net einfach ass. Et ass anescht well ech meng Famill, respektiv meng Frëndin net sou oft em mech hunn an dat mëscht et net onbedéngt méi einfach. Zu Metz hat ech ëmmer d‘Méiglechkeet heemzefueren an dat kann engem schonn hëllefen, zemools a méi schwierege Momenter well een et da relativ einfach huet Kontakt zu de Kollegen an der Famill opzehuelen fir op aner Gedanken ze kommen. Anerersäits, fir mech sportlech gesinn, ass et net méi schlecht well ech mech esou méi op de Fussball konzentréiert kréien an dat ganzt e bësse méi liewen. Ech huele mir hei méi Zäit fir erof ze kommen a fir d’Recuperatioun, dat wat ech zu Metz seelen hat, well ech mer nom Training oft gesot hunn ech fueren elo heem a maachen eppes mat Kollegen oder ech gi bei meng Famill. Déi Méiglechkeet hunn ech hei einfach net an doduerch këmmeren ech mech méi em mech selwer a mäi Kierper. Sou huet d‘Distanz also seng positiv a seng negativ Säiten.

Wat mëss du wann s du grad net um Terrain stees?
Dat ass ganz verschidden usech … Ech sinn elo och eréischt 3-4 Méint hei zu Warschau an hunn nach net onbedéngt déi ganz Staat gesi well mer elo relativ vill Matcher a kuerzer Zäit haten. Mir hunn oft zwee mol den Dag Training wou dann net all ze vill vum Dag iwwreg bléift mee et probéiert een awer e bësse vun der Staat matzekréien. Wat ech gäre maachen ass zum Beispill Kaffi drénke goen. De gréisste Bestanddeel vum Dag besteet aus dem Fussball inklusiv der Recuperatioun fir den nächsten Dag erëm fit ze sinn.
Wat sinn deng Zieler fir d’Zukunft? Op 1 Joer gekuckt an op 5 Joer gekuckt?
Zieler an der noer Zukunft sinn natierlech mech hei weider sportlech duerchzesetzen an de nächste Schrëtt a menger individueller Karriär ze maachen. Dann natierlech kollektiv, wann déi nei Saison sou lafe kéint wéi déi lescht wär et perfekt.
Ech well mech ebe weiderentwéckelen als Spiller an dat war och den Haaptgrond firwat ech heihinner komm sinn. Dat Eraustrieden aus menger Komfortzone zwéngt mech och a menger Perséinlechkeet e bëssen aus mer eraus ze goen an dat hëlleft mer och um Terrain. Ech denken ech sinn do op engem gudde Wee.
Op 5 Joer gekuckt, ech sinn elo 24 Joer da wär ech der 29. Sportlech gesinn, sécherlech ee weidere Schrëtt a menger fussballerescher Karriär ze maachen. Ech dreemen, wéi och vill anerer, nach vun anere Veräiner och wann ech momentan hei zu Warschau déck zefridde sinn. Op Dauer awer sou héich wéi méiglech kënne spillen an dat ass eppes wou ech drop hischaffen. Dono, op privater Basis ass et natierlech, dat wat jiddereen e bësse wëlles huet, eng Famill grënnen a glécklech an zefridde sinn.
Wéi war et mat den Zuschauer zu Warschau den Doublé ze feieren, déi si jo bekanntlech immens Fussball geckeg.
Dat war eppes wat ech sou net kannt hunn. Zu Metz sinn Zuschauer anescht. Hai sinn Zuschauer generell positiv zum Veräin gestëmmt an et war natierlech schéin ze gesinn wéi si mat eis gefillt a geféiert hunn. Dat si Momenter déi een an enger Karriär net vergësst. Fir sou Momenter ze erliewe spille mer och Fussball. D’Leit sinn natierlech, wéi soll ech soen … a Frankräich seet ee ‚passionné‘ mee dat Wuert dréckt et hei net aus well d’Fans si praktesch fanatesch mat deem wat um Terrain geschitt. D’Staat, de Veräin, dat ass hei helleg. Dat ass elo, a positive Momenter natierlech extrem schéin, ma natierlech wann et net gutt leeft kritt een dat dann och sécherlech vill méi ze spiere wéi op anere Platzen.
Wat si Rotschléi déits du engem jonke Fussballspiller mat op de Wee gëss?
Ech war zimlech gären doheem, ech sinn e Familljemënsch an hat ëmmer Problemer fir fortzegoen. Ech hu mech missen immens iwwerwanne fir deemools mat 13 Joer op Metz ze goen. Mee ech denken dass ee muss prett si fir och vun doheem musse fort ze goen fir seng Zieler ze erreechen well dat zu Lëtzebuerg eben momentan nach net anescht méiglech ass. Et duerf een net fäerten an et muss een de Courage mat der Hand packen. Dann géing ech nach roden och a schwierege Momenter net opzeginn. Ech hat där an deene leschte Joeren selwer genuch an do muss een dann einfach roueg bleiwen a wieder schaffen well iergendwann gëtt een dann dofir belount. Dat gëllt menger Meenung no fir all Alter, och elo haut nach fir mech: sech a manner gudde Momenter net ënnerkréie loossen.

Op eiser Facebook Säit, verspille mir, passend zu dësem Artikel, ee signéierten Trikot vum Chris vu Legia Warschau. Beäntwert eis eng kleng Fro a schonn hutt dir d’Chance den Trikot vum Chris ze gewannen!
Leave a Comment