fbpx

INTERVIEW MAM TIMO BEGA

Junior Weltmeeschter am Compound Bouschéissen

En Dram mëscht en Dram wouer.De Weekend vum 9 September huet den Timo Bega et gepaakt. An enger enorm spannende Final, géint den Amerikaner Connor Sears, huet hien den Junior Weltmeeschter Titel gewonnen. Bis zum leschte Feil hunn se sech näischt geschenkt. Awer de jonke Lëtzebuerger huet säin leschte Feil an d’Gielt bruecht an esou den Titel gewonnen.

Et konnt een direkt am Live-Stream nokucken, wéi den Timo dat gemaach huet. A genau de Live-Stream hat et och nach a sech. Genee an der Final ass d’Iwwerdroung ënnerbrach ginn. E puer Minutte konnt en den Timo net gesinn. Awer kuerz virum der entscheedender Ronn ass d’Bild erëm komm.

 

MIR HUNN DEN TIMO BEGÉINT AN HUNN EM DIERFTEN E PUER FROE STELLEN.

Timo, et war spannend bis zum Schluss. Wéini wousst du dass du et gepaakt hues a Weltmeeschter wäers?

Ech hunn dat net direkt matkritt. Ech wousst ech bräicht e gudde leschte Schoss. Ech hat gemengt eng 4 géif duer goen. Awer ech hu jo eng 5 gebraucht… Wou et eng 4* war, hu mir missten ob de Schiedsrichter waarden.

Awer wou de Schiedrichter e 5 ginn huet war ech mir nach ëmmer net sécher. Awer et war wierklech de leschte Feil. Ech hat gewonnen. Trotzdem, hunn ech nach e bësschen gebraucht fir et ze realiséieren.

(4* gett ob der Télé ageblennt wann de Schoss just ob oder bei der Linn vum Punkt ass an ee net soe kann ob en den héijere Wäert ass oder net. Soubal e Reng gekraazt ass gelt den méi héije Punktwert. De Schiedsrichter hellt déi Entscheedung.)

Virun der Weltmeeschterschaft am Field war der zu vill Lëtzebuerger a Polen ob der Europameschterschaft.

Jo, dat stëmmt. Do hu mir als Team ganz gutt geschoss. Mir goufen “just” 9., awer mat engem Top Resultat a Landesrekord am Team. 

Eis Recurve hunn do awer ofgeraumt an eist gutt Resultat an de Schiet gestallt. Si hunn de Bronze-Match vir sech entscheet

(Team: Och am Bouschéisse gëtt et den Team-Wettkampf. En Team besteet aus 3 Leit déi noeneen ëmmer 1 Feil schéissen)

Wéi laang schéisst du schonns mam Bou?

2008 hunn ech mam Bouschéissen ugefaangen. Ech wollt vun Ufank un Compound schéissen awer ech hunn emol mam Recurve ugefangen. Dat ass besser vir emol den Muskelobbau.

Dunn ab 2014 schéissen ech Compound. Mir gefält déi nach méi grouss Präzisioun um Compound.

(Recurve och olympesche Bou ass eng aner Bou-Art wéi de Compound.)

Wéi oft trainéiers du?

Ech probéieren ob mannst 5 mol d ‘Woch ze trainéieren. Dat klappt och zimlech gutt. Ausser an der Prüfungszäit, do geet ob alle Fall d’Schoul fir. Ech gi 5 mol schéissen awer ech ginn och lafen fir d’Ausdauer an dann nach Fitnesstraining. Am Wanter trainéieren ech dann an dem klenge Fitness Studio vum Bouschéissclub an am Summer maachen ech Eegewichtskrafttraining.

Zukunft gesäit elo wéi aus, Timo?

Weidermaachen! D’Schoul geet fir! An ech wëll einfach nëmme gutt schéissen an ob eng Turnéier wëll ech einfach esou schéissen, datt ech kee Feil bereie. Elo fir dess Saison steet nach den GT Open ganz uewen ob de Lescht an ech freeë mech nees ob d ‘Kings of Archery. An ech mir konnten en Dram erfëllen. Duerch den Junior-Weltmeeschtertitel dierf ech d’nächst Joer e puer Ronnen bei der Pro Archery mat maachen. Dorop freeën ech mech! Dat war ëmmer en Dram: bei dem Turnéier emol ze schéissen.

(Kings of Archery ass en ganz eenzegaartegen Turnéier a Holland wou een Nerven aus Stol brauch)

Dat as ëmmer flott wann e seng Drëm kann erfëllen. Mir hunn dëst Joer um Rosportlife och iwwert Pro Archery geschriwwen.

Bis elo hat ech ni d’Méiglechkeet, bei engem Turnéier wou een sech fir d’ProArchery qualifizéiere kann matzemaachen. Ech war dann oft fir Lëtzebuerg ënnerwee. Awer elo huet et geklappt. Ech wäert ob alle Fall zu Esch dobäi sinn. Dann wahrscheinlech ob mannst nach zu Lier an Müllenborn.

 

Mir soen dem Timo villmools Merci fir dat interessant Gespréich an wënschen him nëmmen dat Bescht a senger sportlecher Carrière an an der Schoul.

Et ass erstaunlech datt en Dram en grouss Dier zu engem ganz alen Dram op stéisst. Ech ob alle Fall freeë mech dech d’nächst Joer bei der Pro Archery ze gesinn.

 

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.