fbpx

SPEEDSKATEN

E Sport op den Inliner

Weekends am Summer, bei guddem Wieder e gemittlechen Tour laanscht d’Musel op den Inlineskates rullen an dono op enger Terrasse eppes Guddes drénken – dat klengt no engem flotten a relaxen Dag.
Mee nieft de normale Fitnessinlineskates, ewéi déi meescht Leit se hunn, ginn et och nach esou genannte Speedskates. Ma wat ass dat?
Speedskates sinn eng Aart Sportsinliner; se si méi niddereg, hu méi grouss Rullen a si bei wäitem net esou bequem – dofir kann en domadder awer e gudde Krack méi séier fueren. Mat e bëssen Übung, guddem Material an där richteger Technik kann en hei labber op 20 km/h kommen. Richteg Technik? Jo déi gëtt et, a se ass wichteg: déif an d’Knéie goen, Réck erofklappen, d’Féiss fest op d’Säit, scho bal no fir ofdrécken – fir just e puer Punkten ze nennen – a schonns huet en aus dem gemittleche Sonndegausflug laanscht Musel e Konditioun- a Muskeltraining gemaach. An nach dobäi een dee schounend ass fir d‘Gelenker.

D’Skaten zu Lëtzebuerg
Mee wann de Sport esou gesond, effektiv a spaasseg ass, firwat gesäit en dann esou wéineg Leit domadder fueren? Ma ganz einfach: zu Lëtzebuerg gëtt et keng Zen fir d’Inlinskaten, geschweigeda fir d’Speedskaten. Et gi just wéineg Strecken, déi riicht a glat genuch si fir uerdentlech drop ze skaten, an d’Sportsbutteker hu wann iwwerhaapt, just eng beschränkten Auswiel u Speedskates.
A wéi si mir op d’Speedskate komm?
Dat ass eng gutt Fro. Ma et war ongeféier esou. Mäi Frënd an ech hunn allen zwee als Kant geleiert Inline ze fueren, awer ebe Fitness. Intresséiert drun, op et net awer zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun vläicht eng Federatioun géing ginn, huet mäi Frënd e bëssi um Internet gestöbert an ass op de Skateveräinvu Saarbrécke gestouss. Do ass hien dunn e puer mol higaangen wann se Evenementer haten, fir sech déi Saach emol unzekucken. Hie war méi ewéi iwwerrascht, wou hien do dunn déi éischte Kéier déi niddereg Speedskate mat de grousse Rulle gesinn huet. Hie koum mat e puer Leit an d’Gespréich a wat huet hie gekuckt, wou en héieren huet, wat et alles vun Evenementer gëtt: zu Saarbrécken ass am Summer emol am Mount eng Skatenight, wou d’Stroosse gespaart ginn, fir dass d’Skater kenne fueren. Des weideren hun si all Mëttwoch am Veräin Training, an am Wanter ginn oft Skatepartye fir Grouss a Kleng an Industriehalen organiséiert.
Mee net nëmmen dat. Am Juni ass am Rheintal den Tal total, en Autofräie Sonndeg, wou en eng Streck vu 60 – 120 km kann zréck leeën, oder de Rhein on Skates, Ënn August, mat 135 km vu Rüdesheim op Frankfurt. Allenzwee gi laanscht de Rhäin, a sou kann e nieft dem Sport och d’Natur genéissen. An da kommen do nach d’Competitiounen dobäi: d’Marathonen zu Paräis, zu Berlin an, wéi ma lues a lues matkréien, och nach op anere Plazen uechter Europa. Iwwermotivéiert huet sech mäi Frënd e puer Speedskates kaaft, a sech fir de Marathon zu Berlin ugemellt.
Wärend hien hellop begeeschtert war, war ech nach e bëssi skeptesch. Trotzdeem sinn ech de Mäerz drop (2017) mat op d’Zypern geflunn, wou de Sebastian Baumgartner mat Experts in Speed all Joers Inlinecamps organiséiert fir Speedskater. Eng Woch laang Ausfaarten iwwert déi nei mee onbenotzt Stroossen vun der Insel, Moies Techniktraining, mat Videoanalys a mat renomméierten Trainer a professionelle Speedskater, ewéi zum Beispill dem Felix Rijhnen. Dir mierkt: d’Inline- an d’Speeskaten ass eng kleng Zen, wou e séier Leit kenne léiert an och ëmmer erëm trefft. Déi immens witzeg, locker a motivéiert Atmosphäre vum Camp war dat läscht, wat ech gebraucht hu fir och begeeschtert ze sinn. Knapps ware mir doheem, hunn ech meng al Inliner, déi ech eng Kéier mat 12 geschenkt kritt hat, a bestëmmt scho 5 Joer net méi unhat, an den Eck geheit a si mir vu Powerslidean Tëschemodell kafe gaangen: e normale Fittnesschong, awer mat méi grousse Rullen. Schonn e Joer drop, d’leschten Abrëll, sinn ech dunn den Hallefmarathon zu Berlin matgefuer a besichen elo reegelméisseg Skatenights oder Ausfaarten, an d’Zyperncamp fir d’nächst Joer ass och scho gebucht.

Dir hutt nach weider Froen, wëllt méi Infoen iwwert en Evenement oder sicht einfach en de mat Iech Inlineskate geet? Da mëllt Iech bei Äis iwwert Inlineskates Luxembourg
Short English summary :
Speedskating is a kind of sportive inline skating. The shoe is lower and has bigger wheels which often come in fancy colors. It is mainly an endurance sport but also leg and core muscles are being trained during the effort, plus it is a lot easier on our joints than jogging or running for example. Throughout the year, events such as Skate nights (i.e. Saarbrücken), Skate parties (i.e. Saarbrücken, Bingen, Mainz) and Skate marathons (i.e. Paris and Berlin) are organized. Unfortunately, so far the sport is hardly practiced in Luxembourg. Reasons for this are the missing infrastructure and nearly no offer of speed skates in sports stores. As it is a funny, relatively cheap and a healthy sport, my boyfriend Joël and I would like to push the speedskating sport in Luxemburg and make it more popular. Should you require more information about one of the events or about the possibilities of skating in Luxemburg, feel free to contact us via Inlineskates Luxembourg 

Tags:
Joy

Joy

Ech sinn d’Joy, hunn 21 Joer a studéieren zu Tréier op der Uni Germanistik an Anglistik. Nieft Bicher liesen a schreiwen, spillen ech Saxophon zu Bouneweg an der Fanfare, si Monitrice bei der Croix-Rouge a maache gäre Sport: haaptsächlech Muskulatioun an Inline-/Speedskaten.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.