Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erkläeren ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write here short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.

D’Schueberfouer ass eng grouss Kiermes, déi all Joer vun Enn August bis Ufank September um Glacis um Lampertsbierg ass. Dëst Joer fänkt si den 23. August un an hält den 11. September op an dat schonn zënter 1340! De leschten Dag ass ëmmer e Freedefeier.
Op der Fouer ginn et vill Karusseller, Spiller, Iessbuden a Restauranten. Et kann ee vill kucken a kafen, gutt iessen a mat Frënn feieren. D’Attraktioune maachen all Dag tëscht 12.00 an 14.00 Auer op an um 1.00 Auer nuets zou. Freides a Samschdes ass d’Fouer bis 2 Auer nuets op.
D’Kanner gi gär op d’Spiller an op d’Karusseller. Si fuere gär mat de Knuppautoen, d‘Meedercher fësche gär Inten an d’Jonge schéisse gär an der Schéissbud. Si kënne flott Spillsaache gewannen.
Och fir déi Grouss si vill Spiller do, d’Aachterbunn, an héich a séier Spiller, déi fir d’Kanner ze geféierlech sinn. Heiansdo si vill Leit do an et muss ee laang waarde bis een drukënnt.
D’Riserad ass fir jidderee ganz flott. Do kann ee gemittlech en Tour fueren an d’Vue iwwer d’Stad an déi ganz Fouer genéissen, wann d’Wieder schéin ass.

An natierlech gëtt een och duuschtereg an hongereg. Op der Fouer kritt een alles: Béier, Schampes,… a Lëtzebuerger Spezialitéiten, wéi gebakene Fësch, Mettwurscht, Gromperekichelcher an als Dessert e gudden Eisekuch mat Schlagsahn.

Duerno kann een dann nach duerch d’Scheffer-Allée trëppelen. Hei kann ee vill verschidde Saache kafen: Poschen, Portmonnien, Panen an Dëppen, Gewierzer, T-Shirten, Streckeisen, awer et ass alles e bëssen deier.
VOCABULARY:
Kiermes (f) = a fair
ufänken (si fänkt un) = to start
ophalen (si hält op) = to stop
zënter = since
Freedefeier (n) = fireworks
Iessbud (f) = a snack stand
tëscht = between
Knuppauto (m) = a bumper car
Inte(n) fëschen = duck fishing
schéissen = to shoot
Schéissbud (f) = a shooting gallery
Aachterbunn (f)= a roller coaster
geféierlech = dangerous
Riserad (f) = big wheel
jidderee(n) = everybody
duuschtereg = thirsty
hongereg = hungry
gebakene Fësch = fried fish
Mettwurscht (f) = smoked sausage
Gromperekichelchen (m) = fried mashed potatoes
Eisekuch mat Schlagsahn = waffle with whipped cream
Posch (f) = a handbag
Portmonni (m) = a purse, a wallet
Pan (f) = a pan
Dëppen (n) = a pot
Gewierz (n) = a spice
Streckeisen (n) = a flat / electronic iron
deier = expensive

all the pictures are by Sunny
Leave a Comment