fbpx

GNOCCHI MAT KÜRBIS

Hierschtzäit ass Kürbiszäit 🙂
Et ginn iwwert 100 Zorte Kürbissen ma ech perséinlech hunn den Hokkaido op Franséisch Potimaron ganz gären, net nëmme well ech d’Schuel mat verschaffe kann, ma och wéinst sengem liichte séisselzege Goût. Seng mielzeg Konsistenz ass scho ganz praktesch fir en kënnen an de verschiddensten Platen wéi zum Beispill a Gnocchis ze verschaffen. An genau déi Gnocchi sinn elo d’Stéchwuert.

GNOCCHI mat Kürbis (fir 6 Leit)

Gnocchi:

  • 400g Miel (typ 00)
  • 1200-1300g Kürbis (Hokkaido)
  • 1 Eegiel
  • 1 Prise Salz
Fir de Käschtenpurée:
  • 1 Béchs Käschtenpurée*
  • 3 Iessläffele frësche Kéis
  • Kresson
  • Salz
  • Peffer

* opgepasst et ginn 2 Varianten dee Séissen an dee Gehäerzten.. Hei fir brauche mir dee gehäerzten 

Fir de Mangold:

  • 1 ganze Mangold
  • Botter
  • Salz
  • Peffer
  • Salbei
GNOCCHI:
Den Hokkaido ( mat der Schuel ) a Wierfele schneiden an engem Dëppe mat e wéineg Waasser mëll kréien.
Gutt ausschëdden an ofkillen loossen. All Zutaten an d’Kitchenaid, an se laang a gutt knieden.
Antëscht seng Aarbechtsplack anmielen an den Deeg puer Minutte roue loossen.
Dann Gnocchien schneiden an se op Ee Plateau mat Miel leeën.
Waasser mat Salz kache an d’Gnocchi dra geheien. Wann se eropschwamme sinn se faerdeg.
DEN PUREE:
De Püree mat ganz wéineg Waasseropkache. Verfeinere mat Salz, Peffer a Kresson. Ganz zum Schluss de wäisse Kéis mat vermëschen.
DEN MANGOLD:
De Mangold ubroden an di gekachte Gnocchis dra komme loossen.
DRESSAGE VUM TELLER :
Als éischt de Püree, da Gnocchis mam Mangold um Teller uriichten.
Gudde Parmigiano driwwer streeën a fäerdeg ass et…

GUDDEN APPETIT 🙂

Tags:
Sabina

Sabina

Eng vu menge grousse Leidenschaften ass Kachen an ech loosse mech staark beaflosse vu mengen italienesche Wuerzelen, déi aus Puglia a Süditalien stamen. Fir mech ass Kache wat fir aner Leit Yoga ass.

Ech kann dobäi entspanen a mengen Iddie fräie Laf loossen. Ee weideren Hobby vu mir ass den Theater wou ech net nëmme matspillen, mee mech och an engem Comité engagéieren.

Mech faszinéiert um Theater, dass ech mech an aner Personnagë versetze ka besonnesch am Cabaret, an dobäi de Leit en Laachen an d'Gesiicht zaubere kann.

Hei presentéieren ech Iech meng Rezepter an hoffen dir hutt vill Spaass beim Nokachen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.