Geessekéis a geréisten décken Nëss
Häerzlech wëllkomm a menger klenger Kichen. Ech befanne mech grad a menger Liiblingsjoëreszäit. De Bësch erstraalt a senger schéinster Faarwepracht a fir mech gëtt et moies bal näischt méi Schéines wéi aus dem Éislek gefuer ze kommen an d’Sonn iwwer dem Niwwelschleier an den Däller ze bewonneren. Ech sinn dann direkt gutt gelaunt fir op de Büro.
Den Hierscht bitt di Faarwen awer net nëmmen an der Natur un. Ech fänken se gär a spigelen se um Teller fir meng Léif doheem zeréck. Mäin absolut Liiblingsgeméis am Hierscht ass de Kalbass an all senge Formen a Variatiounen. An de Kalbass kann duerchaus vill méi wéi just fir Halloween geschnëtzt ze ginn an di béis Geeschter ze verdreiwen. Dat Geméis ass villsäiteg asetzbar. Vun der Zopp iwwer de Risotto zum Brout bis op dat Rezept dat ech de leschte Weekend ausgetüftelt hunn.
Ech soen ausgetüftelt, well et mir beim Kachen em vill méi geet wéi just menger Famill de Mo ze fëllen. Kache mécht mer Spaass an d’Erausfuerderung ass et fir mech gutt a gesond ze kachen, der Kreativitéit einfach fräie Laf loossen. Bei eis spillt sech e ganz wichtege Moment vum Dag ronderëm den Dësch of. Du kenns dat bestëmmt. Moies geet jidderee sengen Aufgaben no. Mir Eltere gi schaffen, d’Kanner ginn an d’Schoul a wa mer heem kommen heescht et Hausaufgaben erleedegen, den Haushalt maachen, kachen… A wéini ass den éischte Moment wou mer all gemeinsam zur Rou kommen? Richteg, beim Iessen. Woubäi dat Wuert Rou och nit ëmmer zoutrefft. Et gëtt sech den Dag verzielt, gelaacht a munchmol och tëscht eisen 2 Teenager gestridden. Ech genéissen dee Moment an da wëll ech deen net einfach mat enger schneller Tiefkühlpizza verbréngen. Ech gi mer gär dann di Méi well et mer och wichteg ass, dat et menge Léifste gutt geet. Natierlech gëtt et bei eis och alt mol Fäerdegmenüen mee dat soll schonn d’Ausnam bleiwen. Ausserdeem, ech ginn et zou, ech freeë mech immens wann d’Kanner d’Iessen richteg gutt fannen a mech mat groussen Aen ukucke wann ech hinne soen, dat se sech dach elo ganz gesond an ausgeglach ernäert hunn. Gëtt et eng besser Unerkennung wéi wann däin Teenie um Dësch voller Begeeschterung rifft: “Boah Mama, wi gäil ass dat dann?!?”

Ech hat am Fréijoer scho mol sou e Fladen zoubereet aus Naan. Bei Naan handelt et sech em eng flaach Broutzort, di an der Pan gebak an a Südasiengär als Bäilag servéiert gëtt. Ech hat dat Naanbrout e wéineg ëmfonctionnéiert an eng Art Pizzadeeg draus gemaach. Ech hu festgestallt, dat een dee Fladen no Loscht a Laun beleeë kann a bei Jonk an Al ëmmer ganz gutt ukënnt. An och dës Kéier sollt ech Recht behalen an doheem hunn se sech d’Fanger duerno ofgeleckt.
Probéier et aus, et ass eng kleng Geschmaachsexplosioun un där de Gomm sech erfreet. Ee Flade geet duer fir zwou Persounen a léist sech gutt mat enger Mauséiercherszalot als Bäilag genéissen. Hei da mol d’Rezept:
NAAN MAT GEGRILLTEM KALBASS (KÜRBIS), GEESSEKÉIS A GERÉISTEN DÉCKEN NËSS
Fir den Deeg brauchs du:
- 60 g Dinkelmiel
- 60 g Wëllkarmiel
- 1/4 Päckelchen dreschen Hief
- 30 ml wootlecht Waasser
- 35 g griicheschen Naturjughurt
- eng kleng Prise Salz a Këmmel
Zutaten all matenee vermëschen a 5 Minutte kräfteg mixen. Duerno ofgedeckt op enger waarmer Platz wärend 30 Minutte roue loossen.

An Tëschenzäit kanns de dech em de Belag këmmeren.
Dofir brauchs de:
- 100 g Cottagecheese
- ¼ Butternut Kalbass (mam Rescht kanns de eng gutt Zopp zum Beispill kachen)
- 4 Scheiwe Geessekéiscamembert
- ¼ rout Ënn
- 1 Messerspëtzt Kanéil
- 1 Iessläffel déck Nëss
- 2 Téiläffelcher flëssegen Hunneg
- frësch gehackte Péiterséileg
- 1/2 Téiläffelche gerappten Orangëschuel
D’Stéck Kalbass nach eng Kéier an 2 deelen. Eng Halschent wierfelen an an enger Kasserolle mat bëssche Waasser goe loosse bis e ganz mëll ass.
Di aner Halschent a reng Scheiwe schneiden an an enger Grillpan, ouni Fett, bëssfest ubroden.
De gekachte Kalbass, mam Cottagecheese, dem Kanéil, den Orangëschuelen an dem Péiterséileg zu enger Crème püréieren.
Den Deeg op enger bemielter Fläch ausrullen, op Bakpabeier leeën a mat der Kalbasscrème besträichen. Dann d’Ënn à Scheiwen, d’Kalbasstranchen an de Geessekéis drop verdeelen.
Di déck Nëss bësschen tëschent de Fanger zerbréckelen an an enger Pan ënner stännegem Réiere réisten. Pass op, di Nëss verbrenne ganz schnell an der Pan wann een net dauernd dra réiert.
D’Nëss iwwer dem Flade verdeelen an zum Schluss mat dem Hunneg beträufelen.

De Kalbassnaan am viirgehëtzte Schäffchen op 220°C wärend 25 Minutte baken.

Ech hoffen dir schmaacht et genau su gutt wéi eis doheem a wann et der Spaass mécht, komm mech geschwënn rëm hei oder op menger Facebook Säit besichen.
Ech probéiere bis dohin dat nächst Rezept aus dat ech mat der hei deele wäert. Looss dech iwwerraschen….mee psssst….wann s de rout Rommele genee sou gären ëss wéi ech, da komm laanscht luussen.
Bis dohin, bleif gesond
Däi Marie-Jo
Leave a Comment