„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erkläeren ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

Halloween ass fréier nëmmen op de briteschen Insele gefeiert ginn, virun allem an Irland. Well vill Iren am 19. Jorhonnert an Amerika ausgewandert sinn, a si hiert Fest do weidergefeiert hunn, ass et zu engem wichtege Volleksfest an Amerika an a Kanada ginn.
De Brauch fir Kürbissen (oder Kalbassen) fir Halloween ze benotzen, kënnt aus Irland.
Amerikanesch Halloweenbräich verbreede sech am Laf vun den 1990er Joren an Europa. Dee bekanntste Brauch an Nordamerika ass et, datt d‘Kanner vun Haus zu Haus ginn a mat „Séisses, soss gëtt et Saueres“ (kuerz och: „Séisses oder Saueres“) d’Leit opfuerderen, hinne Séissegkeeten ze ginn, well se hinne soss eng stëbsen.

An d’Trauliicht?
Als Trauliicht ginn an eiser Regioun geschnëtzt Lanteren aus Rommele bezeechent.
D‘Trauliichten oder Trauliichtbrennen ass e Brauch, dee bis Ufank vum 20. Jorhonnert an den Dierfer am Éislek staark verbreet war. Hei ass amplaz vun enger Kalbass eng Rommel ausgehielegt a geschnëtzt ginn. Banne kann een dann eng Käerz drastellen.
De Brauch ass ronderëm Allerhellegen a soll déi béis Geeschter, déi d’Déiere vun der Weed am Summer mat an de Stall bruecht hunn, ze verdreiwen. D‘Trauliicht gëtt an d‘Gaassen, op d‘Dierschwellen oder op Fënsterbänke gestallt.

Foto via RTL
Op e puer Plazen, wéi zu Munzen, ginn déi geschnëtzt Trauliichter de Weekend an der Nuecht an engem Fakelzuch duerch d’Duerf gedroen a sollen déi béis Hierscht- a Wantergeeschter verdreiwen. D‘Trauliicht gëtt op en hëlzene Bengel gestach a matgeholl wann d’Kéi an de Stall gedriwwe ginn. Wann d‘Kéi tëscht den Trauliichter duerch d‘Stalldier ginn, bleiwe se dem Brauch no fräi vu Krankheeten, an d’Geeschter, déi wärend dem Summer am Stall waren, gi verdriwwen.
Ganz ausgestuerwe war de Brauch am Éislek ni. Vun de 1970er Joren u goufen ëmmer manner Rommelen an der Regioun ugebaut. Zënter e puer Joren awer loosse vill Gemengen de Brauch erëm opliewen. D‘Trauliichtbrennen, dat bal vergiess war, gëtt erëm ëmmer méi a lëtzebuergeschen Dierfer gefeiert. Besonnesch beléift sinn d‘Trauliichtwochen zu Munzen, déi an der Robbesscheier stattfannen.

Foto via RTL
Vocabulary:
ausgewandert = Verb: auswanderen = to emigrate
Volléksfest (m.) = folk festival
Brauch (m.) = custom, tradition
Kürbis (m.) = pumpkin
Kalbass (f.) = pumpkin, calabash
Bräich (pl.) = pl. of “Brauch” custom, tradition
Séisses oder Saueres = trick or treat
opfuerderen = to request, to prompt
eng stëbsen = to play a (dirty) trick
geschnëtzt = (Verb: schnëtzen) = to grave, to carve
Lanter (f.) = lantern
Rommel (f.) = fodder beet
amplaz vun = instead of
ausgehielegt = (Verb: aushielegen) = to hollow sth. out
Allerhellegen = All Saint’s Day
béis = evil
Geeschter (pl.) = ghosts, spirits
Weed (f.) = grazing land
Stall (m.) = stable
Gaassen (pl.) = alley, lane
Dierschwellen (pl.) = door sill
Fënsterbänken (pl.) = window bench
Munzen = Munshausen (village in Luxembourg)
Fakelzuch (m.) = torchlight procession
hëlzen (adj.) = wooden
Bengel (m.) = stick
Stalldier (f.) = door of the stable
verdriwwen = (Verb: verdreiwen) = to expulse, to evict
ausgestuerwen = (Verb: ausstierwen) = to die out
ugebaut = (Verb: ubauen) = cultivate
opliewen = to revive
beléift = popular, liked
Leave a Comment