Am Brickdeeg mat enger Hierschtzalot

Fir 2 Persounen brauch een:
- 2 Pavés de Saumon
- 4 Brickdeegblieder
- 60g Ricotta
- 2 Iessläffele Crème fraîche
- 6-8 Blieder Sauerampel
- Olivenueleg, Salz a Peffer, Koriander

Zalot:
- 1 Apel
- Rutabaga (Steckrübe)
- 1 Stéck Zellerie
- 1 Wuerzel
- 2 kleng Chicon
- 1 Kaffisläffel Moschtert
- 1 Kaffisläffel Hunneg
- Jus vun enger hallwer Zitroun
- Olivenueleg
- Salz a Peffer
Saumon mat Ricotta a Sauerampel
• De Schäffchen ob 180 °C virwiermen.
• Dem Saumon Sprenzen eraus huelen an de Sauerampel botzen.
• De Brickdeeg mam Olivenueleg liicht besträichen.
• Op enger Säit vum Bord vum Brickdeeg Sauerampelsblieder leeën, duerno de Pavé de Saumon dropleeën.
• An enger klenger Schossel de Ricotta a Crème fraîche an de Koriander matenaner vermëschen a wierze mat Salz a Peffer
• De Pavé de Saumon mat dem Mix vu Ricotta a Crème fraîche besträichen an dann de Brickdeeg fale wéi eng Nems.
• An enger Pan e bëssen Olivenueleg waarm maachen an de Brickdeeg mat dem Saumon ob all Säit goldeg broden.
• Duerno de Brickdeeg mam Saumon fir 10 Minutten am Schäffche fäerdegkaachen.
Hierschtzalot
• Den Apel, Rutabaga, Wuerzel an den Zellerie schielen an duerno rappen.
• Chicon botzen an en kleng Stécker schneiden.
• De gerappten Apel, Rutabaga, Zellerie an de geschniddene Chicon an eng Schossel maachen.
• Moschtert, Hunneg, de Jus vun der Zitroun an den Olivenueleg matenaner vermëschen a mat Salz a Peffer wierze. De Mix iwwert Zalot schëdden an dréinen.
Alles op 2 Telleren drappéieren a scho kënnt dir Iech un dech Dësch setzen.

Gudden Appetit 🙂

Leave a Comment