Et ass kal, et ass naass, an et gëtt frei däischter – dat sinet déi optimal Bedingunge fir mat den Inliner dobaussen iwwert de schmierege Buedem ze fueren. Mee wann ee Méint laang näischt mëscht, gëtt et am Fréijoer em sou méi schwéier fir erëm unzefänken, an oft mëscht et wahrscheinlech och kee Spaass, well d’Ausdauer fort ass an d’Muskele wéi dinn. Also: wéi hält een sech dann am Wanter fit, fir d’Resultater, déi een dat ganzt Joer opgebaut huet net erëm ze verléieren, an erëm gutt an trainéiert an déi nei Saison ze starten?

Eng ähnlech mee eigentlech genee ëmgedréint Fro huet zum Ufank vum Inlineskate geleet: D‘Origine vum Inlineksate leien nämlech am Schlittschong fueren. Wann am Fréijoer an am Summer d’Séien ugefaangen hunn ze entdeeën, hunn déi Sportler sech missen eng aner iwwerleeë fir sech fit ze halen an un hirer Technik kënnen ze üben. Esou ass een op d’Inlineskate komm. Déi zwou Sportaarten sinn sech also effektiv fuerchtbar ähnlech. Schlittschong fuere goen ass also de noleienste Sport fir sech am Wanter fit ze halen. Leider huet net jiddereen eng Schlittschongpist em den Eck leien, an den Entrée kascht natierlech och ëmmer, fir dann herno op enger iwwerfëllter Pist ze stoen, oder am Krees ze fueren, wou een sech Cardioméisseg net onbedéngt kann austoben, well oft Leit am Wee stinn… Ech verstinn, dass dat net sou dat gielt vum Ee ass. Wat kann een also nach maachen, fir sech fit ze halen?
Wa mer op den Artikel vum 31. Juli zeréck kucken, dann erënnere ma eis un déi dräi wichteg Feillere vum Sakten: Ausdauer, Core- a Beenmuskultur a Gläichgewiicht. Kucke ma eis also u wat mer de Wanter iwwer kënne maache fir déi dräi Saachen op Fuerdermann ze brénge / ze halen. Well ech net weess wien dat hei liest, a wéi Dir trainéiert, hunn ech probéiert Übungen ze fannen, déi op verschidde Manéiere kennen ausgeübt ginn, spréch: ouni Geschir, just mat Kierpergewiicht, mat fräie Gewiichter oder op Maschinnen. Des weideren ass des Choix just fir eng Iddieze ginn. Wien no weideren Übunge sicht, kann eis awer gäre kontaktéieren, oder um Internet fir déi jeeweileg Muskelgrupp Übunge sichen. D’Nimm déi ech hei uginn hunn, sinn all op Englesch, well een se esou, menger Meenung no, um Internet am beschten erëm fënnt, falls een se nach net kënnt.
Ausdauer:
Si ma éierlech: Lafe goe mëscht esou schonn deene mannste Leit Spaass, an am Wanter, bei kalen Temperature scho guer net. (Och wann ech muss agestoen, dass d’Naturbiller, di sech beim lafen erginn, zemools wann een an de Bësch lafe geet, einfach fuerchtbar faszinant sinn.) Natierlech ass et trotzdeem eng gutt Aart a Weis fir d’Ausdauer ze trainéieren. Wee nach ni lafe gaangen ass, sollt eventuell virdrun eng Kéier mat sengem Hausdokter driwwer schwätzen a mat grousse stramme Spazeiertourneen ufänken. Donieft ginn et awer nach aner Méiglechkeeten ewéi zum Beispill Vëlo fuere goe oder Spinning a Rudderen.

Coremuskulatur:
D’Coremuskulatur besteet aus 4 Linnen: Déi riicht Bauchmuskulatur, déi säitlech Bauchmuskulatur, de Réck, an da nach déi queer Muskelen déi sech vu lenks no riets iwwert de Bauch zeien, a fir d’Dréine verantwortlech sinn. Um Internet fënnt een natierlech Tonnen Übungen dozou, hei eng Kéier déi Übungen, déi ech am léifsten hunn:
- Riicht Bauchmuskulatur: Crunches, Sit-Ups, Plank
- Säitlech Bauchmuskulatur: Site-Plank, ToeTaps, Side Jack-Knives
- Réck: Plank, Superman, Leg raise
- Schräg Bauchmuskulatur: Bycicle Crunches, Russian Twist, Knee Touch

Beenmuskulatur:
Vue dass d’Been beim Skaten dee meeschten Effort maachen, ass et selbstverständlech och gutt un dëser Muskulatur ze schaffen, am beschte vill verschidden Übungen, fir d’Muskelen aus verschidde Wenkel ze geroden. Och hei eng kleng Selectioun:
- Squats
- Lunges
- Calve Raises
- Sumbo Squats
- Courtesy Squats
- Side and Front Leg Raise
Gläichgewiicht:
Fir d’Gläichgewiicht, a soumadder vrun allem déi passiv Strukturen am Spronggelenk ze stäerken, fir dass se op onerwaarte Lächer an Hubbele kenne reagéieren, ass u sech ganz einfach. Déi fundamentaalst Übung fir d’Gläichgewiicht ze trainéieren ass sech op ee Been ze stellen, a stoen ze bleiwen. Hei kann een och nach variéieren an deem een zum Beispill e Ball an d’Loft oder widder eng Mauer geheit an erëm opfänkt. Eng aner Variatioun ass, sech op ee Been ze stellen, a sech da lues no vir ze leeën a gläichzäiteg dat anert Been no hannen ze strecken, bis e mat der Hand op de Buedem kennt. Eng drëtt Méiglechkeet ass op engem Been ze sprangen (net séier mee ëmmer ee Sprong nom aneren, an dobäi bewosst a lues opkommen), oder, fir et méi schwier ze maachen, op engem Been anzwousch erop sprangen (zum Beispill en Träpplek méi héich).
Gläichgewiichts Übunge kann een och ëmmer super mat verschiddenen Übunge fir d’Beenmuskulatur trainéieren. Sou zum Beispill d’Courtesy Squats ofwiesselnd vun engem Been op dat anert sprangen, oder d’Calve Raises oder d’Squats op engem Been maachen.

Nach als kleng Zousazinformatioun: Am allgemenge sinn och ëmmer komplex Übunge gutt, dat heescht Übungen, déi méi ewéi eng Muskelgrupp beusprochen, zum Beispill Burpees, wou Ausdauer, Been- a Coremuskulatur trainéiert gëtt. Fir Ufänger sinn sou Übungen et sou rotsam, mee fir Leit déi scho méi laang trainéieren, kann et eng nei Erausfuerderung sinn. Och hei kennt Dir Iech un Eis wenden, wann dir Froen hutt. Dir fannt eis ewéi ëmmer op Facebook ënnert „Inlineskates Luxemburg“
PS: All dëst gëllt natierlech och fir déi dreschen Zäit vum Joer. 😉
Leave a Comment