fbpx

Avocadocrème op Clementinemousse

Eng festlech Amuse-Bouche

Chrëschtzäit kënnt lues awer sécher méi no. Di besënnlech Zäit gëtt bei eis doheem ganz entspaant gestalt an iwwerall richt et no Orange, Kanéil a Kardamom. Mir maache kleng Wanderungen, drénke waarmen Téi a sëtze mam Notizblock um Schous bei der Fro di sech all Joer erëm stellt… ”A wat kache mer fir wann de Besuch kënnt?”.
Zesumme mat der Famill hu mer entscheet op kaafte Geschenker ze verzichten. Wat gär geschenkt gëtt, si selwer gemaachte Saachen. Vu Chrëschtgebäck iwwer selwer gemaachte Likör, Gebeess bis hinn zu Knippercher. Ech, fir mäin Deel probéiere meng Gäscht mat engem gemittlechen Owend ze beschenken. Den Dësch gëtt mat vill Léift zum Detail gedeckt an et leeft Chrëschtmusek am Hannergrond. Fir Luucht suergen di sëlleche Käerzen déi dorëmmer stinn. A jiddereen huet e klengt Geschenk aus der Kichen nieft sengem Teller.

A well ech esou gär kachen, si fir mech beim Aperitif Chips a Cracker keng wierklech Optioun. Vill léiwer maachen ech meng Amuse-Bouches selwer. Dës op Läffelcher oder a klenge Glieser oder wat mer soss sou afält an Aen, Mond a Bauch begeeschtere kéint.
Dëse Weekend gouf et da bei eis doheem en Testkachen fir d’Feierdeeg a meng Teeniejury huet dierfen entscheeden wat elo Enn vum Joer um Menu steet.
Ganz vir am Rennen ass eng Avocadocrème op enger Clementinemousse garnéiert mat enger Scampi am Glas.
Fir d’Clementinemousse brauch een:

  • 5 Clementinen
  • 4 Blieder Gelatine
  • 80 g Vollrohrzocker
  • 150 g Stoffi (Sahnequark)
  • 200 g Schlagsahn
  • 1 El Zitrounejus
D’Gelatineblieder wärend 10 Minutten a kalem Waasser aweechen.
An Tëschenzäit d’Clementinen auspressen a mam Zocker opwierme bis den Zocker sech opgeléist huet. Duerno bësschen ofkille loossen.
Déi opgeweechte Gelatineblieder fest ausdrécken a mat e puer Läffele vum Clementinejus opréihere bis se sech opgeléist huet. De Rescht Jus dobäi ginn an dann och de Stoffi lues mam Schnéibiesem ënnerhiewen. Ganz zum Schluss d’Schlagsahn ënnerhiewen.
D’Crème an 12 Verrinë verdeelen a kal stellen.
No enger Stonn kann een d’Avocadocrème virbereeden.

Dofir brauch een:

  • 2 Avocado,
  • 1 El Zitrounejus
  • Salz a Peffer

D’Avocado botzen a püréieren. Den Zitrounejus dobäi ginn a gutt verréiere fir dat den Avocado net brong gëtt. No Geschmaach wierzen.
D’Crème an eng Tülle afëllen an eng Rosette an all Glas sprëtzen.
12 Scampien ubroden a no Geschmaach mat Salz, Peffer a Knuewelek wierzen an eng Scampi an all Glas verdeelen.

Wann s de elo nach e klengen Tipp vu mir mat op de Wee wëlls, stress dech net ze vill fir d’Feierdeeg. Dat Wichtegst bleift et, Zäit mat denge Léifsten ze verbréngen an net e Marathon an der Kichen z’organiséieren a selwer näischt vum Fest ze hunn. An dësem Sënn kanns du d’Clementinecrème gläichzäiteg och als Dessert am Glas zervéieren. Dat geet ganz einfach. D’Rezept kanns du nämlech ganz sou iwwerhuelen mee dann 300g Schlagsahn preparéieren an di zousätzlech 100 g huele fir mat enger Tülle eng kleng Rosette an all Glas ze sprëtzen. Puer gehacktenPistazien oder Schokostreisel driwwer a schonn ass et fäerdeg. Well éierlech gesot, di Deeg gëtt et sou vill lecker Köstlechkeeten déi ee gär schmaache géif, dat ech gär puer kleng Naschlechkeete zousätzlech maachen. A wann et dech interesséiert wat meng Jury als Dessert fir Hellegowend gestëmmt huet, komm mech geschwënn rëm hei besichen.
Tags:
Marie-Jo

Marie-Jo

Ech sinn d’Marie-Jo, bestuet, Mamm vun 2 Kanner an interesséiere mech fir alles ronderëm d’Gesondheet an d’Wuelbefannen am Alldag. De meeschte Spaass hunn ech u gesonder Kichen. Ech verbréngen immens vill Zäit domat mer nei Rezepter auszedenke fir meng Famill a meng Frënn mat gesonden an trotzdeem interessanten an ausgeglachene Moolzechten z‘iwwerraschen. Meng strengste Kritiker sinn eis zwee Teenies doheem. Wann ech si bis iwwerzeegt hunn, sinn ech op der gewonnener Säit. Haaptberufflech sinn ech zoustänneg fir Aarbechtssécherheet a Gesondheet. An deem Sënn koum mer am Fréijoer d’Iddi op Facebook eng, zimlech einfach gestalte Säit anzeriichten, wou meng Aarbechtskollegen, awer och soss jiddereen dee Loscht huet, sech inspiréiere ka fir sech eng gesond Lunchbox virzebereeden. Et goung mer do drëm Rezepter virzestellen déi am Prinzip schnell an einfach preparéiert sinn. Keng Zäit ass deemno keng Entschëllegung méi fir sech mat Fastfood voll ze stoppen. Ze fannen ass di Säit ënner dem Numm “Pimp däi Kuuschtesak – Relook ton casse-croûte”

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.