mat enger Vanillszoos op Mieresspargel
Wéi Zäit verflitt, mir si schonn erëm am Dezember ukomm a Chrëschtdag steet kuerz virun der Dier. D‘Fest vun der Léift an dem Zesumme sinn. Ech freeë mech erëm flott Momenter zesumme mat der Famill a mat Frënn di zur Famill gi sinn ze verbréngen. De passende Soundtrack leeft elo scho bei mir erop an erof:
„Last Christmas, I gave you my heart
But the very next day you gave it away
This year, to save me from tears
I’ll give it to someone special“
Mäin Artikel haut presentéiert en festlechen Haaptplat deen Iech jo villäicht Inspiratioun gëtt wann dir nach no engem sicht 🙂

- 1 Vanillsstaang
- 20 cl dréchene wäisse Wäin
- 15 cl Ram
- 2 IL Oliven ueleg
- E bësse geriwwen Zitrouneschuel
- Gedréchente Knuewelek
- 1 cm frëschen Ingwer
- Muskotnoss
- Salz
- Peffer

- 1 EL Oliven Ueleg
- 8 Joues de Lotte
- Salz Peffer
- 1 schotts wäisse Wäin
- +/-200-250g Salicornes

Ech hunn déi einfach mat e bësse Salz a Peffer, Waasser a Botter am Schäffche gemaach: 25-30 Minutten op 180 Grad. De Basmati Reis hunn ech ganz einfach ewéi et um Pack steet gekacht.
Dëst war meng Propose fir en festlechen Haaptplat 🙂 Ech hoffen en huet Iech gefall an huet Iech Loscht ginn en nozekachen. Ech wënschen Iech e gudden Appetit an eng schéi Chrëschtzäit.
Leave a Comment