fbpx

VALKENBURG: DÉI HOLLÄNNESCH CHRËSCHTDAGSSTAD

  • Home
  • Travel
  • VALKENBURG: DÉI HOLLÄNNESCH CHRËSCHTDAGSSTAD

**INFO 2019: De Chrëschtmaart zu Valkenburg ass vum 15. November 2019 bis de 5. Januar 2020.**

Wann der un Chrëschtmaart denkt, dann denkt een éischter net direkt un Holland oder?  Loosst Iech awer elo vu mir vum Géigendeel iwwerzeegen a kommt mat op eng kleng Rees op Valkenburg, an déi hollännesch Chrëschtstad.

Valkenburg läit an der Provënz Limburg, also knapp zwou Autosstonne vu Lëtzebuerg ewech. Et sief direkt gesot dat Valkenburg net déi schéinste Stad an Holland ass, mee wat Valkenburg awer besonnesch mécht, ass säi Chrëschtmaart. Deen ass nämlech an enger Höhl.

Zu Valkenburg hunn se fréier Sandsteen ofgebaut, an doduerch si Galerien entstanen. Dës ginn elo all Wanter fir en aussergewéinleche Chrëschtmaart genotzt. Nodeems Dir en Ticket geholl hutt kennt Dir den Tour duerch d’Galerien ufänken. An de Galerië sinn awer net nëmme Stänn ze gesi mee Dir fannt och kleng Chrëschtdaagszenen déi opgebaut goufen. Zudeem gesitt Dir Wandmolereien déi vun de fréieren Aarbechter hannerlooss goufen. Fir d’Kanner ass et wierklech en Erliefnis mee och als Erwuessenen ass een heiansdo ganz iwwerrascht. Et muss een éierlech soen, dat d’Stänn net dee groussen Highlight sinn, mee dass et deen aussergewéinlechen Setting ass deen et spannend mécht.

Valkenburg bitt awer natierlech och en normale Chrëschtmaart.  Zudeem gëtt et ee Winter Wonderland an do kann ee mat engem Sessellift fueren, sech an enger Höhl Sandskulpturen ukucken oder eng Rodelbunn erof flitzen. Dir mierkt schonn et kritt een den Dag gutt gefëllt. Natierlech bitt déi kleng Staat och eng Onmass un Restauranten. Dir fannt wierklech en Restaurant fir all Goût an och fir all Präisklassen. An wann Dir elo nach net genuch Chrëschtdagsfeeling hat da kënnt Dir Iech nach d’Chrëschtdagsparad ukucke goen déi Mëttwochs a Samschdes duerch d’Stroossen zitt.

Zum Schluss nach ee klengen Tipp vu mir fir wann Dir den Trip net an engem Dag wéilt maachen an eng Nuecht dohanne bleiwen wéilt. 25km vu Valkenburg ewech steet déi mëttelalterlech Abtei Rolduc. En Deel vun der Abtei gouf zum Hotel ëmgebaut. Och dëst ass, menger Meenung no, fir Kanner an Erwuessener en Highlight.

De Chrëschtmaart ass nach bis de 7. Januar op, an ech fannen, dass et wierklech en Trip wäert ass fir dëse spezielle Maart an awer och Stad emol ze besichen. 

Weider Infos fannt Dir op hierem Site

Tags:
Christian S.

Christian S.

Ech sinn e Wanderer, Hiker, Frënd vun der Natur an aale Scout. "Nur wo du zu Fuß warst, bist du auch wirklech gewesen” - Goethe  Ech sinn Admin vun der Wanderen zu Lëtzebuerg - Walking in Luxembourg - Wandern in Luxemburg Facebook Säit, leeden d’Facebook Grupp Trekking - Hiking - WanderenLëtzebuerg an hunn och en Instagram Account mam Numm walking_luxembourg.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.