
A menger Kreatioun dominéiere Dëft a Gewierzer vu Spekulatius a gebrodenem Apel, déi ech besonnesch elo an de kale Wanterméint immens gären hunn. Ech verbannen si mat enger liichter Mascarpone Crème, déi och Äre Gäscht ganz bestëmmt gefale wäert.
Dir braucht:
- Sprangform 28cm Ø
- 700gr Spekulatius
- 250gr mëlle Botter
- Rum
- 500gr Mascarpone
- 3 Eegiel
- 3 Eewäiss
- 100gr Cassonade (brongen Zocker)
- 4 Äppel
- Korinten
- Zimt
- Vanill
- Kardamom
- Ingwer
- Schuel vun enger Zitroun

Gebrodenen Apel:
D’Äppel schielen, a kleng Wierfele schneiden a mat 2 Läffele Cassonade, Gewierzer, Korinten an engem Schotts Rum gutt vermëschen. Dëse Mix dann an eng feierfest Schossel ginn an am Schäffche bei 180° 25-30 Minutte goe loossen. Wann se mell sinn, dann d‘Schossel eraus stellen an alles gutt ofkille loossen.
Taartebuedem aus Spekulatius:
Fir de Bord, d‘Kichelcher schéi ronderëm placéieren. Déi iwwreg Kichelcher mam Kichen Hummer zerklengeren a mam mëlle Botter an der gerappter Zitroun vermëschen. Och hei kann een ee klenge Schotts Rum drënner mësche fir de Goût. D’Mëschung op de Buedem ginn an dann an de Frigo stellen fir dass en e bësse fest gëtt.

Crème:
Eewäiss zu Schnéi schloen an d‘Eegiel mam Recht Zocker 5 Minutte mam elektresche Biesem schéi cremeg schloen an duerno d‘Mascarpone lues mat derbäi ginn. Zum Schluss de Schnéi lues mat enger Spartel ënnerhiewen, an dat ganzt dann och bis an de Frigo stellen.
Wann de gebrodenen Apel ganz ofgekillt ass kann een de Buedem aus dem Frigo huelen an den Apelmix op de Buedem ginn a verdeelen. Op den Apel kënnt Mascarpone Crème an dann ass et un Iech fir Taart ze dekoréieren. Do loossen ech Iech fräi Hand. Meng Fotoen kënnen Iech awer villäicht eng kleng Inspiratioun ginn.

Ech hoffe mäin Dessert huet Iech gefall 🙂
Leave a Comment