fbpx

Hausmaacher Granola ouni Zocker

Elo am neie Joer hunn sech sécher e puer ënnert Iech virgeholl d’Ernärung ëmzestellen. Fir déi eng heescht dat manner Zocker, fir déi aner manner Fleesch, méi Geméis, méi Waasser drénken a manner Alkohol. Ech mengen hei ass jiddereen am Gaang e bëssen säi Wee ze sichen. Ech perséinlech senn kee Frënd dovunner fir sech fir d’neit Joer grouss Virsetz ze huele well ech net dru gleewen dass een se op laang Dauer anhält. An awer presentéieren ech Iech haut mäin Granola Rezept wat ouni wäissen Zocker an ouni Gluten ass. Fir mech ass et mat der Ernährung wéi mam Sport, wann ee béid well an d’Liewen integréiere soll een se béid als Liewensverännerung gesinn. Eppes wat een sech net just op 6, 8 oder 12 Woche firhëllt, mee eppes wat ee mëscht well ee weess dass et besser fir de Kierper an och fir de Geescht ass.

Fir mech fänkt eng gesond Ernährung schonn un ier en akafe geet, andeems een sech eng kleng Iddi mëscht wat een d’Woch iwwer well iessen. Dann, am Buttek, kuckt een sech och mol méi genau un wat alles an de Produite stécht déi ee gewinnt ass ze kafe. Dir wäert iwwerrascht senn wéi vill vun de Wierder dir net wäert verstoe wann Dir Iech d’Ingrediente bis ukuckt. Fir mech stiechen deemno hannert enger gesonder Ernährung vill onverschafft Produkter an och esou mann wéi méiglech raffinéierten Zocker.

Esou starten ech mäin Dag gäre mat Soja Jughurt, Friichten an e bësse Granola. Beim handelsübleche Granola ass mir net just opgefall dass immens vill Zocker an och Palmfett drastécht mee dass en och net geschenkt ass. Ech hunn also decidéiert mäin Granola doheem selwer ze maachen an deelen haut mäi Rezept mat Iech. Et ass ee Rezept wat ech mir aus verschiddene Rezepter déi ech iwwer Pinterest fonnt hunn, zesumme gesat hunn.

Dir braucht: 

  • 2 1/2 Taass Huewerflacken (ech benotzen glutefräi Huewerflacken mee dat ass keen Muss)
  • 1 Taass Mandelen
  • 1 Taass Kokosraspelen
  • 1/4 Taass Mandelmus
  • 1/3 Taass Ahorn Sirop (oder Hunneg)
  • 1/4 Taass Kokosuelleg
  • 1 Messerspëtzt Salz

1. Den Schäffchen op 140 Grad mat ‘Umluft’ wiermen

2. An enger Schossel d’Huewerflacken, d’Mandelen (ech zerstéckelen se als éischt e bëssen), d’Kokosraspelen an d’Salz mëschen.

3. Iwwert mëttlerer Temperatur d’Mandelmus, den Ahorn Sirop an de Kokosuelleg waarm gi loossen a vermëschen.

4. Dëse Mix elo och an d’Schossel ginn a mat den Hänn gutt duerchknieden an e puer Minutten zéie loossen.

5. Bakpabeier op d’Bakblech leen an de Mix reegelméisseg drop verdeelen. An de Schäffchen domadder. No 25 Minutte kann een de Mix eng Kéier duerchréieren. De Granola ass fäerdeg wann dir gesitt dass d’Kokosraspelenliicht brong gi sinn – Dir musst oppassen dass se net verbrenne soss schmaachen se net méi gutt. Bei mir dauert et ëmmer 35-40 Minutten ier ech d’Blech eraushuelen.

6. Eraushuelen an ofkille loossen. Wann en ganz ofgekillt ass an en loftdichte Behälter ginn. Hei hält en sech e puer Wochen, mee Dir wäert gesinn en ass sou gutt dass en keng 4 Wochen am Glas bléift 😉

D’Rezept ass einfach a basic. Am allgemenge schaffen ech mat Bioprodukter an ech änneren d’Rezept jee no Gefill heiansdo e bëssen of: am Dezember maachen ech z.B e bëssen Zemt mat dran. Soss hunn ech och alt e bësse Sesam oder Hackernëss mat an de Mix ginn. Ärer Fantasie si keng Grenze gesat, soulaang et duerno gutt schmaacht 🙂

Tags:
Claude M.

Claude M.

Former blogger at Imaginetheswallows.com and Masters graduate in Multilingual Communication, Claude turned her passion for Social Media into her full time job and is now working as freelance Social Media Manager and Content Creator, helping companies build their online presence. In her free time she loves to cook, discover new recipes and create her own. Also she loves to read, travel and watch series. 

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.