fbpx

Déi bescht «Gutt Noriichten» vum Newsdraach 2018

  • Home
  • Lifestyle
  • Déi bescht «Gutt Noriichten» vum Newsdraach 2018

Den Newsdraach dreemt dovun, datt seng gutt a positiv Noriichten op Lëtzebuergesch de Leit dobausse gefalen an hinnen e Laachen an d’Gesiicht zauberen oder e waarmt Gefill vu Freed vermëttelen. An dësem Artikel erzielt hien Iech déi bescht « Gutt Noriichten » vun 2018.

Sechs geflücht Frae bitzen un hirer Zukunft

Well d‘Moudeschëpferin Claudia Frick an Däitschland keng Schneiderinne fonnt huet, huet si geflücht Fraen agestallt. Moud ass am Atelier “Stitch-by-Stitch” an am Allgemengen eng global Sprooch.

Asien koum aus wirtschaftlechen an ethesche Grënn fir si net a Fro.

(Quell: faz.de)

E Kaweechelchen, dat vun der Strooss gereet gouf, verstoppt elo Nëss a senger Retterin hiren Hoer, fir sech op de Wanter virzebereeden.

 

D’Mandy McKenna huet den Horatio fir d’éischt gerett, wéi hie mat enger Gehirnerschütterung um Stroosserand loung. Hie reest mat hir ronderëm an hirer Posch, kuckt Fernseh mat hir op der Couch, an hie verstoppt Nëss am ganzen Haus.

(Quell: goodnewsnetwork)

 

Onwiederen op Sizilien: Ikea mécht Filial fir Stroossemuppen op

Eng italienesch Ikea-Filial huet mat enger Hëllefsaktioun fir Stroossemuppe fir Begeeschterung gesuergt. Wärend engem Onwieder hu si den Déiere fir Dieren opgemaach.

Fotoen a Videoe weisen, wéi et sech d‘Véierbeener tëschent der Chrëschtdeko, de Better an de Canapéen an den Ausstellungsraim vum Miwwelhaus gemittlech gemaach hunn.

(Quell: lnonline/RND/mkr – Foto: RP Online)

Wéi d’Léierin hir Schüler gefrot huet, fir Material ze deelen, huet e Bouf Bläistëfter mat léiwen, perséinlechen Noriichten drop matbruecht

Dem Jong seng Mamm hat op all Bläistëft eng perséinlech, individuell Noriicht dropgeschriwwen, wéi zum Beispill “Du bass perfekt” an “ech si stolz op dech” an “Dëst gëtt e groussaartegt Joer.”

„Dank senger Mamm gouf hien u säi Selbstwäertgefill erënnert an hie wollt datselwecht Gefill mat senge Klassekameroden deelen.”

(Quell: goodnewsnetwork.org)

Si waren ofhängeg vun Opiaten. Elo lafe si den New York Marathon.

Déi 45 Leefer am Odyssey House Team, déi plangen d’New Yorker 26.2-Meile Streck ze lafen, zielt 19 aktuell Clienten. De Rescht si Supporter a Leit vu fréier.

Den John Tavolacci, de Chef vum Odyssey House, seet datt hie schonn 22 Marathone gelaf ass. Hien huet mam Lafgrupp am Joer 2001 ugefaang als Ergänzung zur Behandlung, mam staarke Glawen, datt Lafen ganz effizient beim Fortkomme vun enger Sucht hëllefe kann.

(Quell: New York Times)

2016 ass si vun engem Fiels erofgefall – elo leeft si e Marathon

D’Hannah Gavios fält am Joer 2016 vun engem Fiels an Thailand, well si enger Vergewaltegung entkomme wollt. Trotz Lähmungen an de Been huet si elo um NYC Marathon deelgeholl.

Wéi si deemols gefall ass, huet si sech d’Wirbelsail verletzt. D’Dokteren hu gemengt, datt si mat zimmlecher Wahrscheinlechkeet ni méi goe kéint. Awer si haten net mat der mentaler Stäerkt vum Hannah Gavios gerechent.

Zwee Joer nom Accident ass déi 25-Jäereg de 4. November 2018 beim TCS New York Marathon matgelaf an zwar op Krätschen! Als Deel vum Team Reeve huet si esou Sue fir Heelmethode fir Lähmungen opgrond vu Réckemaarksverletzunge gesammelt.

D’Hannah Gavios ass um NYC Marathon no 11 Stonnen, 20 Minutten an 32 Sekonne mat engem Laachen am Gesiicht ukomm.

(Quell: woman.at)

Prinzessin fir een Dag: Meedche mat Autismus verwiesselt Braut mam Aschenputtel

Et war e mageschen Dag, net nëmme fir d’Braut an hiren neie Mann, déi am Park Hochzäitsfotoe gemaach hunn, mee och fir e ganz Friemt, dat duecht et wier an engem Mäerchen.

“Hatt ass just eriwwergelaf komm, mat den Äerm wäit auserneen, an huet: ‘Cinderella, Cinderella,’ geruff”, huet d’Jessica Lester erzielt.

 (Quell: Natalie Dreier, Cox Media Group National Content Desk)

 

Dës Schoul a Pakistan benotzt Solarenergie fir hir Nuetscoursen

Bal 23 Millioune Kanner ginn a Pakistan net an d’Schoul.

Am Dezember 2016 huet den 23 Joer ale Rohayl Varind zu Faisalabad Slum Schoulen opgemaach a  bitt de Kanner Nuetsunterrecht un.

Vun Ufank un huet d’Schoul op Solarenergie gebaut fir hir Luuchten, Ventilatoren, an d’Computeren lafen ze doen.“Et kascht näischt an et ass einfach z’installéieren an ze benotzen.”

En typesche Schoulowend geet vun 19.00 bis 21.00 Auer, si léieren Englesch, Urdu, Mathe a Wëssenschaften. Déi 2 Schoulen hunn zesummen iwwer 100 Studenten.

Vill vun de Kanner maache Kanneraarbecht.“Well si am Dag schaffen, hu si just owes Zäit fir an d’Schoul ze kommen.”

(Quell: weforum.org, Foto : Rohayl Varind)

 

Hien huet seng Schüler nach ni gesinn

Eigentlech ass et e ganz gewéinleche Cours, deen de Christof Müller op dësem Dag ofhält. Fir de Leeschtungscours Geschicht an der zwielefter Klass steet d’Nokrichszäit um Léierplang. Während d’Schüler Quellentexter duerchliesen, geet de Müller vun Dësch zu Dësch a beäntwert Froen zu den Texter. Alles zimmlech normal. Bis op een entscheedenden Detail. Wéi seng Schüler ausgesinn, weess dee Fofzegjäregen net. Bei all Fro, déi hie stellt, muss him ee vun de Schüler soen, wie sech grad mellt.

Well den Här Müller ass blann.

A Schoulmeeschter an enger Schoul fir Schüler, déi gesinn.

(Quell: faz.de)

Tags:
Tania Hoffmann

Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.