E Samschdeg, den 2. Februar heescht et nees “Léiwer Herrgottsblieschen”
„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

Passt e Samschdeg besonnesch gutt op, well d’Kanner ginn erëm liichten.
E Samschdeg ass Liichtmëssdag. Traditionell ginn d’Kanner mat hire Lampionen – oder méi richteg: Liichtbengelcher – vun Haus zu Haus a kréie Séissegkeeten oder Suen, och wa se vu Speck an Ierbesse sangen …
D’Liichtbengelcher bastelen d’Kanner meeschtens an der Schoul.
Wéi aner Feierdeeg och, ass Liichtmëssdag eng Mëschung aus alen “heedneschen” Bräich, op déi e kierchlecht Fest dropgeprafft gouf.
Zeréck geet et op dat keltescht Fest vum Imbolc, dat den 1. Februar zu Éiere vun der Gëttin Brigid gefeiert gouf, an dat fir d‘Rengegen an d’Fruuchtbarkeet um Enn vum Wanter gefeiert gouf.
D’Bauere sinn an enger Prëssessioun mat Fakelen op d’Felder gaang an hunn d’Gëttin ugebiet, si soll d’Felder rengegen, éier se nei drop séinen. Och dat réimescht Lupercus-Fest, benannt no engem Gott vun der Fruuchtbarkeet an den Déierenträpp, dat ëm de 15. Februar gefeiert gouf, spillt hei mat.
Den 3. Februar ass iwwregens den Dag vum hellege Blasius, dee schonn dacks um Virowend gefeiert gëtt – also op Liichtmëssdag. De Blasius hat am 4. Joerhonnert, der Legend no, e Kand gerett, dat bal un enger Fëschsprenz erstéckt war.
Esou ass de Blasius-Seegen entstanen, deen seet, et soll ee sech zwou Käerzen iwwer Kräiz virun den Hals ze hale fir sech virun Halskrankheeten oder Erstécken ze schützen.
Text: Léiwer Herrgottsblieschen
Léiwer Herrgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen, Ee Pond, zwee Pond, Dat anert Joer da gitt dir gesond. Loosst déi jonk Leit liewen. Loosst déi al Leit stierwen. * [* Alternativ: An déi al do niewen.] Kommt dir net bal, Ons Féiss ginn ons kal, Kommt dir net geschwënn, Ons Féiss ginn ons dënn, Kommt dir nët gläich, da gi mir op d’Schläich. Kommt dir nët gewëss, Da kritt dir eng ferm op d’Schnëss. * [* Alternativ: Da kritt dir e Schouss voll Nëss]. |
Dear little Blasius, God’s Saint
Give us bacon and peas, One pound, two pounds, Next year you’ll be well. Let the young folks live. Let the old folks die. * [* Alternative: And their elders next to them.] If you don’t come soon, Our feet will get cold, If you don’t come quick, Our feet will get thin, If you don’t come at once, We’ll be off skating on the ice. If you don’t come for sure, You’ll get a slap in the face. * [* Alternative: You’ll get a lap full of nuts]. Translation: F. Gardini |
E puer Tipps fir d’Elteren:
Gitt mat de Kanner um Trëttoir. Wa keen Trëttoir do ass, da geet een am beschten op där lénkser Säit vun der Strooss, an zwar een hannert deem aneren. Et geet een och just op deene Plazen iwwert d’Strooss, wou eng rout Luucht oder en Zebrasträifen ass oder wou een de Verkéier gutt gesäit.
D‘Kanner sollen och hell Kleeder undoen, fir datt d’Autosfuerer si och gutt gesinn.

Vocabulary:
liichten = to go from door to door at Candlemas
Liichtmëssdag = Candlemas
Lampionen /Liichtbengelcher = lanterns
Speck (m) = bacon
Ierbessen = peas
heednesch = pagan
Bräich = custom, tradition
droppraffen = to engraft
zu Éieren = in honour of
Gëttin = a goddess
Rengegen = purification
Fruuchtbarkeet = fertility
Fakelen = torches
ugebiet -> ubieden (verb) = to worship
séinen = to sow
Déierenträpp = herds, flocks
Fëschsprenz = fish bone
erstécken = to suffocate
Seegen = blessing
Käerzen = candles
iwwer Kräiz = to cross something
Trëttoir = pavement
rout Luucht = traffic light
Zebrasträifen = zebra crossing, pedestrian crossing
Verkéier = traffic
Leave a Comment