fbpx

Een Trëppelwee duerch de Mëllerdall fir d’ganz Famill

  • Home
  • Luxembourg
  • Een Trëppelwee duerch de Mëllerdall fir d’ganz Famill

Ënner 5km

 

Heiansdo muss een net wäit fuere fir eppes Aussergewéinleches ze erliewen. Wousst dir dass de Mëllerdall mam Label “Leading Quality Trail – Best of Europe” ausgezeechent ass? En gehéiert domat zu deene schéinste Weeër an Europa. Ech huelen Iech haut mat op en familljefrëndleche Wee vu net mol 5km duerch de Mëllerdall, ee Wee deen ech eraus gesicht hunn, well en mat Kanner gutt machbar ass, a bei allen fir Staune suergt.

De Start ass haut zu Konsdref (Consdorf). Mir parken am Agang vum Duerf beim Monument (Fligerbomm) wat un den zweete Weltkrich erënnert. Ab elo gi mer de Schëlder C2 no. De Wee feiert eis erof a Richtung Zentrum a béit da lenks era Richtung Mëllerdall. Ënnerwee fannt dir och nach en Selfservice vun engem Imker wou ee géint Aworf vu 5€ e Glas wonnerbare Lëtzebuerger Hunneg kafe kannKuerz duerno verloosse mir scho Konsdref an et geet et erof an de Mëllerdall wou mer déi éischt wonnerbar Fielsformatioune bestaune kennen.

Am Dall ukomm hale mir eis  fir ee puer honnert Meter no lénks um Haaptwee, ier en riets erop op en schmuelen Trëppelpad geet. Mir trëppele weiderhi laanscht wonnerbar Fielsformatiounen a genéissen dee schéine Bësch. Op eemol ass et esou wäit an déi éischt Fielsenspalt mam Numm “Rittergang” taucht virun eis op. De Wee fillt sech ëmmer méi no engem klengen Abenteuer un. De queesche Wee quëtsche mer eis laascht déi stenge Wänn déi meterhéich an d’Luucht ginn. Dat éischt WOW Erliefnis ass hei garantéiert an dobäi ass et eréischt den Ufank, well de Rittergang ass nach schéin hell beliicht.

Iwwert de Bëschwee geet et weider, a kuerz drop déi nächst Fielsspalt, den “Déiwepëtz”. En Panneau beim Agang seet eis dass beim Duerchgang eng Täscheluucht recommandéiert gëtt. Een Ablack méi spéit wësse mer wisou; et gëtt erëm enk, mee des Kéier och nach däischter. Bei de Kanner keent d’Entdecker Féiwer op, a séier ginn Täschen- a Kappluuchten eraus geholl a mir quëtschen eis am Schäi vun eise Luuchten duerch de Fielsenspalt. Op der aner Säit ukomm gëtt et elo keen Halt méi fir d’Kanner. Se lafen an drängele fir esou séier wéi méiglech bei déi nächst Fielsenspalt ze kommen. An déi ass den absoluten Highlight vum Wee, well se léit wierklech komplett am däischteren.

No engem klenge Stéck Wee kennt se dann, si dréit den Numm ” Kuelscheier”. Als éischt geplangt een dann an eng Aart Virraum wou de Gang no riets ofbéit. Dëse Gang leit total am däischteren an et geet em Kéieren an d’Trappen erop. En Erliefnis net nëmme fir d’Kanner, dat kann ech Iech verroden. Um Ënn vum Gang heescht et ëmdréinen an erëm zeréck, well eise Wee féiert an eng aner Richtung. Ukomm am Virraum verloosse mir d’Heelen no lénks, a virun eis leit eenklengen Dëmpel mat klorem Waasser. Ee puer Bänken an een Ënnerstand lueden an eng kleng Paus ze maachen, an no der ganzer Opreegung eppes Klenges z’iessen. Frësch gestäerkt geet et duerno biergop zréck Richtung Konsdref a mir verloossen den Dall mat ville schéinen Andréck.

Tipps:

  • De Wee ass machbar mat Kanner ab dem Spillschoulalter, et sollten awer genuch Erwuessener derbäi sinn
  • Trettsecherheet a gutt Schong sinn eng Viraussetzung, zemools bei naassem Wieder
  • Vergiesst net Täscheluuchten an/oder Kappluuchten anzepaken
  • De ganze Wee ass als C2 markéiert
  • Op der Facebook Säit vu Wanderen zu Lëtzebuerg fannt dir och de Link zu de GPS Date vum Wee als GPSIES
Tags:
Christian S.

Christian S.

Ech sinn e Wanderer, Hiker, Frënd vun der Natur an aale Scout. "Nur wo du zu Fuß warst, bist du auch wirklech gewesen” - Goethe  Ech sinn Admin vun der Wanderen zu Lëtzebuerg - Walking in Luxembourg - Wandern in Luxemburg Facebook Säit, leeden d’Facebook Grupp Trekking - Hiking - WanderenLëtzebuerg an hunn och en Instagram Account mam Numm walking_luxembourg.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.