„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”
Den Dag vun der Léift
De 14. Februar feiere mir traditionell Vältesdag, och Valentinsdag genannt. Vältesdag ass den Dag vun der Léift.
Et gëtt gesot, dësen Dag wier pure Marketing vun de Blummebuttekeran de Knipperchershiersteller.

Vältesdag: D’Geschicht
De Vältesdag kënnt vum Bëschof Valentin vun Terni an Umbrien. De Bëschof Valentin huet am drëtte Joerhonnert no Christus gelieft . Hie war e begeeschterte Gäertner an huet de verléifte Koppelen, déi laanscht de Klouschtergaart goungen, eng Blumm geschenkt. Hie soll och Verléifter chrëschtlech bestuet hunn. Dat huet dem deemolege Keeser Claudius net gefall. Hien huet dichteg Zaldote gebraucht, a keng trei bestuete Männer. Dofir huet de Bëschof misse stierwen, anscheinend de 14. Februar 269.
Vältesdag: Kitsch ass erlaabt
D’Häre solle sech dësen Dag déck am Kalenner usträichen. Si sollen en net vergiessen. Hir Damme freeë sech iwwer Blummen a Knippercher, awer och Parfum a kitscheg Plüschdéiere si ganz beléift. Eng gutt Iddi ass och zesummen an de Restaurant iesse goen. Beim Aperitif kann een da ganz romantesch mat enger Kippche Schampes op d’Léift prosten.
D‘Fraen dierfen de Männer fir Vältesdag och e Kaddo maachen. Och hei ass et dacks eppes Séisses, oder e gudde Parfum.

Op Vältesdag engem seng Léift gestoen?
De 14. Februar weist op alle Fall, ob een engem eppes bedeit. Méi nach, duerch e klenge Geste kann aus enger heemlecher Schwäermerei méi ginn – well wat ass méi eendeiteg wéi e Bouquet rout Rousen?
Hei gëtt den Dag eréischt zënter dem Enn vum zweete Weltkrich gefeiert. Blumme sinn de beléifste Kaddo.
Vältesdag ronderëm d‘Welt
Net nëmmen hei gëtt de Vältesdag gefeiert.
Japan: A Japan beschenken de 14. Februar d‘Fraen hir Männer, männlech Kolleegen a Cheffe mat Schockela. Dofir kréie si de 14. Mäerz, um White Day, wäisse Schockela geschenkt.
Saudi-Arabien: A streng muslimesche Länner wéi Saudi-Arabien ass de Vältesdag verbueden.
Finnland: Och an Europa hu sech eegen Traditiounen entwéckelt. A Finnland ass de Vältesdag e Frëndschaftsdag.
China: Mëttlerweil feieren och d‘Chinesen de Vältesdag. Besonnesch déi Jonk beschenke sech a feieren.
England: Koppele beschenke sech no aler Traditioun an England géigesäitegmat Gedichter a Blummen.
Amerika: Englesch Auswanderer hunn d‘Traditioun vum Vältesdag mat an Amerika geholl. Am léifste ginn an Amerika Kaarten oder Séissegkeete verschéckt.

Vocabulary:
Léift (f) = love
Blummebutteker (pl) = flower shops
Knipperchershiersteller (m)= chocolate makers
Bëschof (m) = bishop
begeeschtert (adj) = avid
Gäertner (m) = gardener
verléift (adj.) = in love
Koppelen (pl) = couples
Klouschtergaart (m) = garden of the monastery
bestuet (adj) = married
Keeser (m) = emperor
gefall (p.p. – verb: gefalen) = to please
dichteg (adj) = brave
Zaldoten (pl) = soldiers
trei (adj) = faithful
Kitsch (m) = kitsch
usträichen (verb) = mark
Plüschdéieren (pl) = plush toy
Iddi (f) = idea
Kippche Schampes (f) = a glass of bubbles
prosten (verb) = to toast
gestoen (verb) = confess
weist (verb: weisen) = show
bedeit (verb: bedeiten) = mean
heemlech (adj)= secret
Schwäermerei (f) = enthusiasm, puppy love
eendeiteg (adj) = clearly
Bouquet (m) = bunch
rout Rousen (pl) = red roses
zweete Weltkrich (m) = second world war
beléifst = the most popular
ronderëm d’Welt = around the world
verbueden = forbidden
eegen (adj) = own
Frëndschaftsdag (m) = day of friendship
géigesäiteg (adj) = mutual
Leave a Comment