De Mount Februar géif ech gär de Kanner widmen. A fir Kanner gëtt et dach bal näischt méi Schéines wéi d’ Fuesent. Sech ze verkleeden a fir puer Stonnen di zauberhaft Prinzessin, de grujelege Pirat oder de geckege Clown sinn. Et ass alles erlaabt. A wann de Mann en Dikrecher ass, an d’ganz Famill Fan vum 1. FC Köln ass, brauch ech villäicht net ze präziséiere dat et bei der 5. Joreszäit drëm geet einfach nëmme Spaass a Freed ze hunn. Alles wat de klenge Fuesboken dann nach zum perfekten Nomëtteg feelt ass eng Schneekegkeet fir de Bauch. A fir dat d’Fuesparty net mat Bauchwéi op en Enn geet baken ech ganz gär Cakepops fir d’Kanner. Kleng, ronn, an a ville Gechmackrichtungen ze baken.
Bei der Dekoratioun vun de leckere Gebäckhappe sinn och keng Grenze gesat.

Haut wëll ech dir e ganz einfacht Rezept weisen a presentéieren der et an 2 Varianten. Eng Kéier um Still an eng Kéier als Knippchen.
Fir den Deeg brauche mer:
- 2 Eeër
- 100 g Zocker
- 150 g Botter
- 150 g Miel
- 1 Päckelche Vanillszocker
- 2 TL Bakpolver
D’Zutaten, all bei Zëmmertemperatur, matenee vermëschen a gutt mixen. Ech loossen den Deeg duerno gär 20 Minutte rouen.

An där Zäit schalten ech de Cakepops-Automat an a fetten d’Form nëmme ganz bësschen an. Wann d’Maschinn di richteg Temperatur erreecht huet, fëllen ech den Deeg mat Hëllef vun 2 Kaffisläffelcher, an di ënnescht Hallefkugelen an. Lo heescht et da waarde bis d’Gebäck goldbrong gebak ass. Bei menger Maschinn sinn dat ongeféier 8 Minutten.
Eng Portioun Deeg geet duer fir ca 26 Cakepops.

Bei der Dekoratioun kann een sech dann austoben. Ech hu mech dozou entscheet d’Cakepops der Saison unzepassen a Clowngesiichter draus ze maachen. Et sollt een awer och drun denken, dat wann een d’Kugelen a Schockela dréint, sou wéi ech et hei gemaach hunn, dat de Schockela richteg ofgekillt muss sinn, éier ee mat Liewensmëttelschrëft kann drop molen. Fir d’Clownenhoër, natierlech direkt nom Schokela, kuerz an d’ Streiselen zappen.
Fir d’Cakepops dréchnen ze loossen, stellen ech se an eng mat Salz gefëllte kleng Schossel. Des kann op der Fuesparty och als Dëschdeko genotzt ginn oder op de Schneekegkeetsbuffet fir d’Kanner gestallt ginn.
Looss dech och net aus der Rou brénge wann et net direkt klappt. Mam néidege Fangerspëtzegefill a bëssche Gedold kritt een dat ganz schnell gemeeschtert.
Ech wënschen der ganz vill Spaass beim Nobaken an duerno och beim Naschelen. A wann s de wësse wëlls wéi en echte Pirat säin Honger stëllt, da kuck deemnächst erëm op meng Säit.
Leave a Comment