„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

Fuesent oder fënneft Joreszäit heescht déi Zäit, déi virun der Faaschtenzäitgefeiert gëtt.
D’Fuesent gëtt ganz verschidde gefeiert, mat Fuesëmzich, Masken, Musek a Verkleeden.
D’Fuesent fänkt zu Lëtzebuerg op Liichtmëssdag un an se huet hiren éischten Héichpunkt op Fetten Donneschdeg oder Alweiber. Da ginn et bis Fuesméindeg Ëmzich a Baler.
Bis haut gëtt et de Brauch, datt d’Fraen op Fetten Donneschdeg d’Herrschaft an der soss haaptsächlech männlecher Gesellschaft iwwerhuelen a si notzen d’Geleeënheet, fir den anungslose Männer, dat ofzeschneide wat se als Vertrieder vum – wéi et schéngt – staarke Geschlecht mécht: hir Krawatten.
Op Fetten Donneschdeg gi gär fetteg Fueskichelcher (z. B. Berliner oder Verwuerelter) giess. Den Donneschdeg war awer och dee leschten Dag virun der Faachtenzäit, op deem geschluecht gouf an dowéinst vill a fettegt Fleesch giess konnt ginn.

Äschermëttwoch ass alles eriwwer an d’Faaschtenzäit fänkt un. An der Nuecht op Äschermëttwoch um Punkt Mëtternuecht ass d’Fuesent fäerdeg, an et gëtt op ville Plazen (z.B. zu Réimech) eng Stréipopp verbrannt. Op muenche Plaze treffe sech d’Fuesboken och op Äschermëttwoch nach eng Kéier fir zesummen Hierkenz’iessen.
Firwat verkleede mir eis fir d‘Fuesent?
D’Kanner an och déi Grouss verkleede sech gär. Déi al Germanen hu sech verkleet, fir d’Wantergeeschter ze verdreiwen an d’Fréijoersgeeschter z’erwächen. Mat grujelege Masken a Gewänner sinn d’Leit mat vill Kaméidi duerch d’Stroosse gaang.
D’kathoulesch Kierch huet dësen heednesche Brauch guer net gutt fonnt, an huet probéiert d‘Fest einfach ze verbidden. Dat hunn d’Leit sech awer net gefale gelooss. D’Kierch huet sech eppes anescht iwwerluecht. Amplaz datt béisGeeschter verdriwwe ginn, gëtt den Däiwel verdriwwen.
Och déi al Réimer hu sech gär verkleet. D’Réimer hunn d’Saturnaliefest gefeiert. Do hu sech déi Räich als Sklave verkleet a si hunn hir Sklaven zerwéiere missen.
Hautdesdaags sinn dës Urspréng net méi esou wichteg. Villméi freeë sech Grouss a Kleng fir eng kuerz Zäit dem Alldag z’entfléien an an eng aner Roll ze schlüpfen.

Vocabulary
Fuesent (f) = carnival
Faaschtenzäit (f) = fasting period
Fuesëmzich (pl) = carnival parade
sech verkleeden = to disguise
Héichpunkt (m) = summit, highlight
Brauch (m) = tradition, custom
Herrschaft (f) = reign, authority
Gesellschaft (f) = society
Geleeënheet (f) = opportunity
anungslos (adj.) = naive, clueless
ofschneiden = to crop, to cut off
Vertrieder (m) = representative
staarke Geschlecht (n) = the stronger sex
Krawatten (pl) = tie
Fueskichelcher (pl) = carnival doughnuts, carnival biscuits
geschluecht (Verb: schluechten) = slaughtered
Äschermëttwoch = Ash Wednesday
Stréipopp (f) = straw doll
Hierken (pl) = herring
Wantergeeschter (pl) = winter spirits
verdreiwen (verb) =to exorcise
erwächen (verb) = to wake up
grujeleg (adj) = scary, creepy
Gewänner (pl) = robes, garments
heednesche Brauch = pagan tradition
verbidden (verb) = to forbid
béis (adj) = bad, evil
Däiwel (m) = devil
Réimer (pl) = Romans
Sklaven (pl) = slaves
entfléien (verb) = to escape, to get away
schlüpfen (verb) = to slip
Leave a Comment