
Den Newsdraach dreemt dovun, datt seng gutt a positiv Noriichten op Lëtzebuergesch de Leit dobausse gefalen an hinnen e Laachen an d’Gesiicht zauberen oder e waarmt Gefill vu Freed vermëttelen.
An dësem Artikel erzielt hien Iech déi bescht « Gutt Noriichten » vum Mount Februar.

Dës App ka gehéierlose Kanner Geschichten a Gebäerdesprooch virliesen
D’Virliese vu Gutt-Nuecht-Geschichte sinn dacks eng Erausfuerderung fir Eltere vu gehéierlose Kanner. Mat der App StorySign wëllen Huawei an déi europäesch Vereenegung vu gehéierlose Mënschen dëse Problem elo léisen.
Wéi eng App Schüler géint Mobbing hëllefe soll:
D’Erfanner vun „Exclamo“ gi selwer nach an d’Schoul. Si wëssen also wouvu si schwätzen.
De Jan, de Julius an de Kai wëllen eng Firma mat hirer Anti-Mobbing App ‘exclamo’ grënnen.
Mat der Anti-Mobbing-App fir den Handy wëlle si Affer hëllefen an Täter zum Nodenken ureegen. Domat hunn déi dräi Jonge schonn de Social-Entrepreneur-Präis vum Concours Business@School gewonn.

Tschechien: Al Liewensmëttel musse verschenkt ginn
Supermarchée mussen al Liewensmëttel un Hëllefsorganisatioune verschenken.
Betraff sinn nëmme Liewensmëttelgeschäfter mat enger Verkafsfläch vu méi wéi 400 Quadratmeter. Sollte si sech net drun halen, drot hinnen eng Geldstrof bis ëmgerechent 390.000 Euro.

Zu Montreal benotzen se en aalt Spidol als Heem fir Obdachloser an hir Déieren, sou datt keen an der Keelt schlofe muss.
Dat historeschst Spidol vu Montreal ass zënter 2015 zou, a gouf elo zu engem temporären Heem fir Obdachloser an hir Déieren ëmfunktionnéiert. Patientenzëmmeren am fréiere Royal Victoria Hospital goufen zu engem 80-Zëmmer Obdachlosenheem ëmgebaut, fir Mann a Fra – an hir Déieren.

Tréine fléisse wéi eng 88 Joer al Fra hir biologesch Duechter trëfft, vun där si duecht, datt si bei der Gebuert gestuerwe wier.
D’Genevieve Purinton war nëmmen 18 Joer al, wéi si hiert eenzegt Kand am Joer 1949 op d’Welt bruecht huet. Wéi si de Puppelche gesi wollt, hunn d’Dokteren hir gesot, d’Kand wier gestuerwen.
Elo mat 88 Joer lieft d’Purinton an engem Altersheem zu Tampa a Florida.
Schlussendlech, no 69 Joer hu sech d’Moultroup an d’Purinton getraff an et war emotional. Well do huet d’Purinton net nëmmen entdeckt, datt hiert Meedchen ëmmer nach lieft, mee och datt si eng Enkelin an zwee Urenkelen huet.
Dir wëllt all Dag op d’mannst eng Portioun gutt Noriichten, da klickt Iech bis op dem Newsdraach seng Facebooksäit eran :).
Leave a Comment