fbpx

BUERGBRENNEN

„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

___

These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

Foto via visitlarochette.lu

Vill Auslänner, déi no der Fuesent op de Koppen d’Buerg brenne gesinn, froe sech, wat do geschitt. Nee, mir verbrenne keng Hexen.

D‘Buergbrennen ass eng lëtzebuergesch Traditioun. Den éischte Sonndeg no der Fuesent (éischte Faaschtesonndeg oder „Funkesonndeg“) gëtt e grousst Feier gemaach. Symbolesch gëtt hei de Wanter verbrannt.

Gewéinlech këmmere sech lokal Veräiner ëm d‘Organisatioun vum Buergbrennen. Si sammelen Holz vun de Bewunner a Firmen an der Gemeng a bauen doraus d‘”Buerg”.

En hëlzernt Kräiz, mat Stréi an anerem brennbare Material ëmwéckelt, gëtt normalerweis op enger Kopp opgestallt. A verschiddenen Dierfer ginn och Fakelzich organiséiert.

D‘Veräiner riichte Buden op, wou si Iessen a Gedrénks verkafen.

Enger Bauerereegel no kënnen d‘Wënzer beim Buergbrennen d‘Wieder vum Fréisummer viraussoen: “Wéi den Damp op Buergsonndeg geet, esou geet en de ganze Virsummer”.

Dat Wuert “Buerg” huet awer näischt mat enger richteger Buerg ze dinn. Et geet op dat laténgescht Verb “comburo” zréck, also “verbrennen”. Esou geet een och dovun aus, datt d‘Traditioun vum Buergbrennen vun den Neijoerschfester aus dem antike Roum kommen, wou d‘Joer den 1. Mäerz ugefaang huet.

foto via Luxembourg Times – Alice Enders 

Vocabulary

Koppen (pl) = a hill, a hump                              

Faaschtesonndeg = fasting sunday

verbrennen (Verb)= to burn                               

hëlzernt Kräiz (n) = a wooden cross

Stréi (n) = straw                                               

brennbar (adj) = flammable, combustible

Fakelzich (pl) = torchlight procession                 

opriichten (Verb) = to erect, to build

Buden (pl) = a shack, a barrack                         

Bauerereegel (f) = weather proverb, country saying

Wënzer (m) = winemaker                                  

viraussoen (Verb) = predict

Damp (m) = smoke                                           

laténgesch (adj.) = latin

Neijoerschfester (pl) = new Year’s celebrations   

Roum = Rome (Italy)

Tags:
Tania Hoffmann

Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.