fbpx

NAÏLA’S KOCHBUCH für Kinder

D’Naïla huet vill Spaass um Kachen. Wéi hatt a sengem Lycée gefrot gëtt wat hat als ‘Travail personnel’ well vu Projet ausschaffen, ass d’Iddi schnell do, vir e Kachbuch vir Kanner ze maachen. Mee d’Naïla huet nach eng Iddi vir säi Kachbuch. Nämlech den Erléis vum Verkaf vum Buch vir Kriibskrank Kanner ze spenden! A scho mëscht dat jonkt Meedchen sech drun, seng Liiblingsrezepter opzeschreiwen, nozekachen, dëst ze fotograféieren an op eng verständlech Aart a Weis an engem Buch ze sammelen.

Dir fannt an dësem flotte Kachbuch net nëmmen herrlech Rezepter vir nozekache mee bestëmmt och nach nei Ureegunge fir Saachen ze kachen déi dir bis elo sécherlech nach net esou gekacht hutt. Ob Monstertoasts oder Pizzalollies, Fajitas olé oder Spinnenburger…. Et héiert sech ganz opreegend un. Ech perséinlech hunn bis elo zum Beispill nach ni Kiwiglace giess an hunn dem Naïla säi Rezept nogemaach. An ech ka verroden…. Et schmaacht super gutt.

Dem Naïla hunn ech natierlech och e puer Froen zu dësem bewonnerenswäerte Projet gestallt: 

Wisou dass du d’Kachbuch geschriwwen hues, hues du am Virwuert erkläert. Mee, ech hunn mech gefrot: wéi hues du d’Rezepter ausgesicht? 
Ech hunn gekuckt wéi eng Rezepter ech gären hunn, an déi och net ze schwéier ware fir nozekachen.  Ech hunn um Internet an an de Kachbicher vu menger Mamm no gudde Rezepter gesicht. Ech krut awer och vu menger Bomi e puer lecker Iddien.

Wéi bass du op d’Iddi komm e Buch ze schreiwe vir däi ‘Travail personnel’?
Ech hunn schonn ëmmer gäre gekacht, entweder mat menge Kollegen oder mat menger Mamm vun dohier hunn ech mer geduecht firwat maachen ech dann net einfach e Kachbuch mat Rezepter déi einfach nozekache sinn, mat Fotoen déi all Etapp weisen, esou dass jiddwereen och wann een nach ni gekacht huet, eens gëtt. Am Fong sollt dat just en klengen Dossier ginn, mee et huet mega cool ausgesinn an et war esou vill Aarbecht dohannert, dass meng Mam an ech dunn d’Iddie haten dat Ganzt als Fotobuch drécken ze loossen, ze verkafen an den Erléis fir e gudden Zweck ze spenden.

Wéi ass däin Buch an der Schoul ukomm?
Vu menge Matschüler a vun de Proffe krut ech net sou vill Echo. Si hunn sech net besonnesch fir dës Aktioun interesséiert. Zwou vu menge Frëndinnen hunn e Buch kaf, an och ee Member aus der Direktioun vu mengem Lycée. E positive Feedback krut ech awer soss aus mengem Ëmfeld wéi zum Beispill vun engem Kach aus menger Schoul awer och vu menge Cheffen aus de Scouten.

Wéi bass du op d’Iddi komm den Erléis vir en gudden Zweck ze spenden?
Menger Famill a mir geet et gutt, mir si gesond a monter an et feelt eis un näischt. Spéider wéilt ech am léifste Joffer ginn an dofir war et fir mech direkt kloer dass ech géif eppes fir Kanner spenden. Leider ginn et Kanner déi net esou gutt drun sinn an déi schwéier krank sinn. D’Fondatioun Kriibskrank Kanner hunn ech scho kannt an dofir ass mäi Choix op si gefall.

Gëtt et deemnächst e neit Buch vun dir?
Villäicht wäert et nach en vegetarescht Kachbuch ginn, mee do sinn ech mer nach net sou sécher.

Bei wéi engen Rezepter has du selwer déi gréisste Problemer vir se ëmzesetzen?
Et ass jo en Kachbuch fir Kanner an dofir ginn et bei kengem Rezept gréisser Komplikatiounen. Am meeschten Zäit brauch ee fir d’Fajitas, well do ganz vill verschidde Preparatiounen ze maache sinn. E bësse méi schwéier ass och d’Rezept vum Fësch am Bliederdeeg.

Wat ass dann däin absolut Liiblingsrezept aus dem Buch?
Ech hunn alleguerten déi Rezepter gären, mee d’Asia Box ganz besonnesch.

Wann och Dir elo Iddi hutt fir nei Rezepter mat Äre Kanner auszeprobéieren, da kuckt elo séier bei mir op der Facebook Säit eran. Ennert dem leschte Post kënnt dir beim Gewënnspill fir dëst Buch matmaachen. D’Gewënnspill leeft bis de 14. 03. 2019

Wann dir d’Naïla bei sengem flotte Projet ënnerstëtze wëllt, da mellt Iech roueg bei mir iwwer Facebook, ech ginn Demande gären un dem Naïla seng Famill weider.

Tags:
Martine

Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue.    Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende  

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.