Wéi meng Kanner nach méi kleng waren hunn ech mech oft gefrot wéi ech sidozou kréie sollt Geméis z’ iessen. Do gouf dann och mat allen Tricken a Mëttele geschafft. Mäi Jong war eng ganz laang Zäit e risege Piratefan. Seng Kannerwelt huet sech ganz ronderëm Pirate gedréint. Ob et elo em seng Gebuertsdagsparty goung oder em eng nei Bettwäsch…Et gouf nëmmen een Thema. Ah hunn ech mer dunn en Dag geduecht, da musse mer Pirategold zum Mëttegiesse maachen. Gesagt, getan.
Ech muss soen, dat beim Pirategold der Fantasie keng Grenze gesat si wann et drëm geet sech dat passend Geméis erauszesichen. Dëse Weekend hate mer dann erëm e geméisfeindleche Pirat op Besuch an ech hunn a meng al Trickkëscht gegraff an dee staarke Borscht bësschen un der Nues ronderëm gefouert.

Wann e Pirat viru Gold steet, kann e net anescht wéi zouzegräifen. Also hat ech Pirategold virbereed an uschléissend a menge Schäffche verstoppt. Fir d’éischt hu mer eng grujeleg Pirategeschicht gelies. Natierlech stilecht mat Aendeckel a Stoppelbaart. Am Buch hat sech eng Schatzkaart verstoppt an et hu puer Rätsele misse geléist gi bis mer um Enn virun engem Bierg voll Pirategold, am Volleksmond och Geméisdalere genannt, a mengem Schatzuewe stoungen. An de gierege Pirat huet nach ni sou vill Geméis beienee giess wéi Sonndes Mëtteg.
Natierlech gëtt Pirategold no engem Geheimrezept hiergestallt an de Pirat kann es sou vill dovun iesse wéi e wëll. Just liesen dierf en d’Rezept ni well e soss fir ëmmer vun der Goldinsel verbannt gëtt.
Mee Piratenelteren dierfen sech et awer zouflüsteren.

Fir ca 50 Golddalere brauchs de:
- 3 Muerten
- ½ Choufleur
- ½ Brokkoli
- 1 mëttelgrousse Kolrabi
- 1 Ënn
- 1 Zéif Knuewelek
- 2 Eeër
- 200 g Dinkelchapelure
- Salz a Peffer
Alles mateneen am Héichleeschtungsmixer mixen. Mat Hëllef vun 2 Läffelen, kleng Dalere formen an an enger Pan a bëssche Fett goldbrong ubroden. D’Pan dierf net ze waarm si well Dalere soss relativ schnell verbrennen. E stelle meng Temperatur ëmmer op Mëttelstuf.

Ganz besonnesch schmaacht eisem klenge Pirat säi Gold mat e bëssche frësch gekachten Äppelkompott.
Pirategold kann een och gutt afréieren a wann et mol séier goe muss wärend 20 Minutten op 200°C baken. Et ass ëmmer besser wéi eng déifgefruere Pizza oder soss fäerdeg Platën.
A wann ech der nach e Geheimnis verroden dierf. Pirategold schmaacht Grouss a Kleng. Mat Kompott, Zatziki oder soss engem Dip sinn di vitaminräich Daleren e Genoss fir di ganz Famill.
Leave a Comment