GLAMPING AN PORTUGAL UN DER Alentejo Küst

  • Home
  • Travel
  • GLAMPING AN PORTUGAL UN DER Alentejo Küst

Duerch Zoufall sinn ech, wéi ech spontan no enger Vakanz gekuckt hunn, op eng ganz speziell Plaz a Portugal gestouss. Nodeems ech elo ganz begeeschtert nees zréck am Land sinn, hunn ech mer geduecht ech géing Iech dës Plaz net virenthalen. Duerch Zoufall sinn ech, wéi ech spontan no enger Vakanz gekuckt hunn, op eng ganz speziell Plaz a Portugal gestouss. Nodeems ech elo ganz begeeschtert nees zréck am Land sinn, hunn ech mer geduecht ech géing Iech dës Plaz net virenthalen. 

Annerhallef Stonn Autofahrt südlech vu Lissabon, op der Alentejo Küst, fannt dir d’Reserva Alecrim, ee Glamping Resort. Ee waat froot Dir Iech? D’Wuert d’Glamping ass een zesummengesaatent Wuert aus ‘Glamour’ a Camping. Et handelt sech em eng Aart vu Camping bei där een awer net op d’Virdeeler vun enger Vakanzewunneng (Confort, fléissend Waasser, Elektresch…) well verzichten.

An der Reserva Alecrim ginn et 36 Hütten déi op engem Terrain vun 28 Hektar verspreet sinn an sech ganz an der Natur erëmfannen. Bei den Hütten handelt et sech em Safarizelter, Landhaiser, Öko-Suiten an och em Kuppelen. An genau esou eng Kuppel war, virun enger Woch, fir 3 Deeg an Nuechte mäin Doheem. Et war eng eenzegaarteg Experienz, déi ech mat menger Schwëster an enger Frëndin gedeelt hunn.

An dëser Kuppel ass een net just matten an der Natur mee et huet een och eng spektakulär Vue, an doduerch dass eng Säit vun der Kuppel aus transparentem Material besteet, huet een dës Vue och aus dem Bett. (Wann den Himmel kloer ass gesäit ee souguer d’Mier). D’Kuppel steet, wéi der op de Fotoe gesitt, nämlech op engem Holzgerüst, an obschonn si de gréissten Deel vun der Plaz ewech hellt huet een awer eng gemittlech Terrasse op där een zum Beispill Moies ka Kaffi drénken, den Dag iwwer liesen, oder Owes dem Sonnenënnergang kann nokucken. Parking ass direkt bei der Kuppel.

An der Kuppel selwer, déi fir maximal 4 Leit ass (wéinstens déi an där mir waren) fënnt een alles wat ee brauch: Kichen, Buedzëmmer, Schlof-an Wunnraum. Et gëtt eng Klimaanlag/Heizung an fir déi méi kal Deeg och een Pelletsuewen (deen eis an den kalen Mäerznuechten gutt waarm gehal huet). D’Kuppel huet ee grousst Duebelbett an dann, wann een zu méi ass, ginn nach bis zu 2 méi kleng Better eragestallt.

D’Reserva bitt zwee Pools (een biologeschen an een Infinity Pool) an de Summer iwwer och eng Bar. Schonn elo am Mäerz (mir haten Chance an haten ganz gutt Wieder), war d’Plaz mat de Pools immens friddlech an schéin. Leider war et awer nach net waarm genuch fir kennen vum Waasser ze profitéieren. Supermarchéë an traditionell Portugisesch Restauranten fënnt een an der nächster Stad déi 15 Minutten mam Auto fort läit.

Fir jiddereen deen awer e bësse méi eng aktiv Vakanz wëll, vir deen hunn si och vill verschidden Aktivitéitsméiglechkeeten an der Géigend parat. Mir hunn d’Géigend ze Fouss a mat eisem Auto op eege Fauscht entdeckt: mir sinn op de Strand zu Santo André spadséiere gaangen, hunn d’Géigend direkt ronderëm d’Reserva ze Fouss entdeckt a mir haten, via AirBNB Experiences, een Tour vun 2h mam Päerd zu Melides gebucht, dee gréisstendeels iwwer de wonner-wonnerschéine Strand gefouert huet. Dëst war, nieft eiser Kuppel, DEN Highlight vun eiser Vakanz.

Mir hunn no deenen 3 Deeg Reserva nach 3 Deeg Lissabon hannendrun gehaangen, sou dass mir eng super Woch a Portugal haten – als éischt an der Rou vun der Natur an duerno an der lieweger a faarwefrouer Staat. Wann dir Froen hutt dann zéckt net se via eis ganz nei Rosport Life Facebook Säit ze stellen. 

Tags:
Claude

Claude

Former blogger at Imaginetheswallows.com and Masters graduate in Multilingual Communication, Claude turned her passion for Social Media into her full time job and is now working as freelance Social Media Manager and Content Creator, helping companies build their online presence. In her free time she loves to cook, discover new recipes and create her own. Also she loves to read, travel and watch series. 

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.