Bretzelssonndeg

„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

___

These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

Dëst Joer ass Bretzelssonndeg den 31. Mäerz.

All Joer feieren d’Lëtzebuerger de Bretzelssonndeg.

Wat ass eng Bretzel?

D’Bretzel ass eng lëtzebuergesch Gebäckspezialitéit aus Bliederdeeg mat enger Zockerglasur a Mandelen. Si ass d’Symbol fir déi anenee verschlongen Äerm vun zwou Persounen, déi sech gär hunn. Fréier waren d’Bretzele gesalzt, haut si si meeschtens séiss.

D’Traditioun vu Bretzelssonndeg

Der Traditioun no schenkt de Mann senger Léifster op Bretzelssonndeg eng Bretzel. Akzeptéiert d’Fra de Kaddo, kritt de Mann Ouschteren en Ouschteree.

Akzeptéiert d’Fra d’Bretzel net, gëtt si dem Mann e Kuerf. Vun do kënnt deen typesch lëtzebuergeschen Ausdrock „de Kuerf kréien“, dee bedeit, datt een net interesséiert ass.

An engem Schaltjoer ass d’Traditioun ëmgedréit: da schenkt d’Fra d’Bretzel.

Am 18. Joerhonnert war de Brauch nach um Dag vum Buergbrennen: op dësem Dag hunn onbestuete jonk Fraen e Stéck Holz an d’Feier geheit an dobäi den Numm vun hirem Liibling geruff. Wann alles gutt goung, huet dësen hir de véierte Sonndeg virun Ouschteren eng Bretzel geschenkt a krut da fir Ouschteren Eeër.  Fréier huet de Brauch vum Bretzelssonndeg méi wéi ee Bestietnes besigelt.

Bretzelssonndeg haut

An der Haaptstad gëtt de Bretzelssonndeg hautdesdaags wéi e richtegt Volleksfest gefeiert. Et gëtt en Ëmzuch, un deem Bäcker a Patissieren aus dem ganze Land matmaachen. Et gëtt och esouguer eng „Bretzelkinnigin”. Si zéien duerch d’Stroossen a verdeele Bretzelen.

Léif Männer, denkt drun Äre Léifsten deen Dag eng Bretzel ze kafen, well dësen Dag gëtt och bei Koppele gefeiert.

Vocabulary:

Gebäckspezialitéit (f) = specialty pastry                         

Bliederdeeg (m) = puff pastry

Zockerglasur (f)= icing                                                  

Mandelen (pl) = almonds

aneneen (adv) = interleaved, into one another               

verschlongen (Verb) = intertwined

Äerm    (pl) = arms                                                       

déi sech gär hunn (exp.) = who are in love

Kuerf (m) = basket                                

e Kuerf kréien (exp.) = to get the brush-off, the get the mitten

Schaltjoer (n.) = leap year                     

ëmgedréit  (adj.) = reversed                                   

besigelt (p.p. – verb: besigelen) = to seal

Volleksfest (n.) = fair, folk festival

Ëmzuch (m) = procession, parade          

verdeelen (Verb) = disttribute, give out                                      

Tags:
Tania Hoffmann

Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.