
Den Newsdraach dreemt dovun, datt seng gutt a positiv Noriichten op Lëtzebuergesch de Leit dobausse gefalen an hinnen e Laachen an d’Gesiicht zauberen oder e waarmt Gefill vu Freed vermëttelen.
An dësem Artikel erzielt hien Iech déi bescht « Gutt Noriichten » vum leschte Mount.
Dës Supermarchée bidden och krommt Uebst a Geméis un

Bei Kaufland fänkt elo en Test vun 3 Méint a Süddäitschland un. D’Offer start testweis an 240 Mäert a Baden-Württemberg, Bayern, Rheinland-Pfalz, Südhessen an am Saarland. Fir d’éischt sollen et Äppel, Wuerzelen a Grompere ginn. No “erfollegräicher Testphas” soll d’Offer awer däitschlandwäit ausgeweit ginn, schreift Kaufland an enger Pressematdeelung. Da sollen och weider Uebst- a Geméiszorte mat Schéinheetsfeeler verkaaft ginn.

Aurich: Migrante ginn zu Éischt-Hëllef-Traineren
Éischt Hëllef sollt jiddere leeschte kënnen. Schliisslech kann ëmmer eppes geschéien, egal ob beim Sport, am Haushalt oder am Stroosseverkeier. D’Johanniter bidden elo fir d’éischt Léiergäng fir Éischt-Hëllef-Trainer fir Migranten un. E Pilotprojet an Niedersachsen, dat op der enger Säit der Integratioun hëllefe soll an op der anerer de Johanniter Nowuess bréngt.
D’„Wooligans“ strécke fir obdachlos Mënschen zu Hamburg

Véier Fraen hunn d’Wooligans gegrënnt, déi zu Hamburg fir Obdachloser Kleedung heekelen a strécken. Mëttlerweil komme méi wéi 50 Mënschen zu de méintlechen Treffen.
D’Initiativ bitt esou e Wee aus der Einsamkeet un. All drëtte Sonndeg besteet d’Méiglechkeet un engem oppene Stréck- an Heekeltreffen vun de Wooligans deelzehuelen. D’Leit kréie Woll, Nolen a gi virum Hierstellungsprozess vun hire flauschege Wierker ugeleet. Den Instagram-Kanal vun de Wooligans weist hir Stréckresultater bis elo.
D’Woll kréien d’Wooligans nëmmen duerch Spenden. Dës kënne jidderzäit un d’Initiativ geschéckt ginn.

En Duschbus fir Obdachloser, esou e Projet gëtt et schonn zu San Francisco. De Lava-Mae-Projet kéint elo Nachahmer zu Hamburg fannen.
Obdachloser hu keng Duschen, awer si hunn – wéi aner Mënschen och – en Hygienesbediërfnes. Awer zu Hamburg ginn et ze mann Duschméiglechkeeten, seet den Dominik Bloh.
En eBay Verkeefer ass geréiert iwwert e Merci vun engem 86 järege Keefer, deen e Videoplayer bei him bestallt huet.
De Shoukry huet engem Mann vu Phoenix, Arizona fir $40 e VideoPlayer verkaaft. Déi meescht Leit loossen eng Online-Bewäertung, awer hie war iwwerrascht, datt hien dës Kéier e Bréif vum Keefer krut. De Bréif war getippt an e grousse Merci un de Verkeefer.

Dir wëllt all Dag op d’mannst eng Portioun gutt Noriichten, da kuckt emol beim Newsdraach op Facebook laascht 🙂
Leave a Comment