Alaska – Mexiko

“Am Alter vun 22 Joer fiert de Fernand eleng mam Vëlo vun Alaska bis un d’Grenz vu Mexiko. Dat Onbekannt, wat ufanks vläicht bedreelech erschéngt, gëtt schlussendlech zu enger Beräicherung”.

Foto via Alaska-Mexiko.com

Vum Fernand Zeimes

 

Alaska bis Mexiko: 7000 km huet de Fernand mam Vëlo zréckgeluecht, a vu Mee bis November war hien ënnerwee. Ee groussen Deel vun deem wat hien op dëser Rees erlieft huet, huet hien a sengem Buch mat Text a ganz flotte Fotoen, dokumentéiert.

Wat mech faszinéiert bei dem Ganzen ass och dat, wat hie vläicht net explizit am Text geschriwwen huet, mee wat een awer tëscht den Zeilen erausliese kann. Eng Rees an der Ongewëssheet, ee Risiko, awer och eng Rees zu sech selwer. Esou laang mat sech eleng ze sinn dat ass eng enorm Erausfuerderung. Et gehéiert grousse Courage dozou, an eng grouss Portioun Éierlechkeet mat sech selwer fir sech offe mat sengem Gefiller an Ängschten auserneen ze setzen. D‘Buch spigelt net eng ‘Beschönigung’ vun der Rees, mee eng authentesch Konfrontatioun. Souwuel déi schéi wei och déi manner schéi Momenter deelt de Fernand mat de Lieser. Aus der Déift vun dësen Erzielunge kann ee ganz vill vir sech perséinlech mat op de Wee huelen.

Jidderee vun eis kann esou eng Rees maachen. Op mam Vëlo, oder zu Fouss, op iwwer dausende Kilometer oder op eng kuerz Distanz. Jidderee kann dat fir sech selwer decidéieren. Ziel ass et ze entschleunigen an sech op dat Wichtegt am Liewe besënnen. Zu sech selwer fannen, an sech ranhéiren an sech senger enormer Kraaft bewosst ginn. Sech nei Zieler am Liewen definéieren. Dës Zieler op seng besote Löffelliste schreiwen an se realiséieren. De Courage hunn sech op de Wee ze maachen an sech dobäi erëm selwer ze entdecken.

All dëst ass mir perséinlech an de Sënn komm wei ech dëse wonnerbaren Exploit a Form vu Buch gelies hunn an och d’Chance hat mat dat eent oder anert Gespréich mat him iwwert säi Buch ze féieren.

Foto vum Rom Helbach

Ech deelen Iech natierlech och ee klengen Auszuch vun de Froen déi ech him gestallt hunn.

Wat huet dech an dengem Liewen dozou bruecht dëse Projet ze starten?

Zu menger Lycéeszäit war ech eng Diashow vun engem Typ kucken, deen eleng mam Vëlo duerch ganz Südamerika bis a Mexiko gefuer ass. Dat hat mech deemools sou faszinéiert, dass de Gedanken oder d’Iddi, och eng Kéier sou ze reesen, mech net méi lassgelooss huet. D’Gefill, dass et mir iergendwann, spéider eng Kéier, géing Leed doen, wann ech net géing fueren, war ganz staark. An ech hunn d’Méiglechkeet gesi fir aus mengem protegéierten Ëmfeld doheem auszebriechen.

Alaska-Mexiko mam Vëlo. Wéi koum et dozou fir grad dee Wee ze fueren?
Fir mam Vëlo eleng duerch Südamerika ze reese war mir ze geféierlech. „Da fueren ech ebe vun Alaska bis a Mexikoʺ, hunn ech mir gesot.

Foto via Alaska-Mexiko.com

A wisou mam Vëlo?
Mam Vëlo ze reese louch deemools fir mech op der Hand. Éischtens hat ech e Vëlo mat deem ech vill gefuer sinn, an zweetens war et an ass et haut jo nach eng gënschteg Manéier fir ze reesen.

28 Joer duerno hues du däi Buch verëffentlecht. War dat eppes dat’s du nach hues misste maache fir dat Ganzt ofzeschléissen?
Ech denken net, dass dat Ganzt mam Buch ofgeschloss ass, ofgeschloss an deem Sënn, dass ech d’Buch elo a mäi Bicherregal stellen an et soubal net méi ukucken. D’Buch ass éischter eng vu villen Etappen, déi elo ofgeschloss ass. Weider Etappen si Liesungen, déi ech wäert dëst Joer maachen, a firwat net déi ganz Geschicht mat allen Hannergrënn, iergendwann eng Kéier, verfilmen. Spektakulär Landschafte wiere scho mol garantéiert!

Gëtt et Ängschten déi een op sou engem Wee ganz eleng duerch d’Pampa begleeden?
Virun allem am Ufank huet d’Angscht mech begleet. Et kléngt paradox, awer ouni déi vill Angscht scho beim plange vun der Rees wier ech wahrscheinlech ni sou wäit fortgefuer.

Gouf et Momenter wou’s du wollts opginn?
Wärend der Zäit wou ech mam Vëlo ënnerwee war, hat ech ni sou e Moment. Wat d’Rees awer méi laang gedauert huet, wat de Gedanke fir einfach nees Heem ze fueren, ëmmer méi dacks a mäi Kapp komm ass.

Wat hues du schlussendlech aus dësem fantasteschen Trip fir dech geléiert?
Et ass net eng eenzel Saach déi mech markéiert huet, mee éischter e Gefill, e Gefill vu Vertrauen, d’Gefill dass ech mer zoutrauen dat ze meeschtere wat a mengem Liewen alles sou op mech zoukomme wäert.

Wat géings du anescht maachen, wann’s du nach eng Kéier géings mam Vëlo reesen?
Am Fong net sou vill. Ech géing manner Kilometer am Dag fueren a manner Gepäck mathuelen.

Back to Basics kann een och soen, an enger Zäit wou mir all vläicht vu Materiellem gesteiert sinn, onst Gléck sichen, an eventuell an all deem vergiessen, dat et ganz einfach ze fannen ass. Mir brauche just an ons selwer eranzelauschteren an ons Zäit vir dat Wichtegt huelen: nämlech vir ons selwer!

Et ass e faszinant d’Buch wat bei mir an der Wunneng eng flott Plaz fonnt huet vir mech all Dag drun ze erënneren, wat een alles leeschte ka wann ee well!

Foto via Alaska-Mexiko.com

Wann Dir elo  Loscht hutt Iech och am Fernand seng Aventure eranzestierzen, da klickt Iech mol séier op meng Facebook Säit eran a spillt beim Gewënnspill mat.  D’Gewënnspill ass bis den 11. Abrëll op.

The book is also available in English. More information on the Alaska-Mexiko website.

Tags:
Martine

Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue.    Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende  

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.