De Saisonale Bam & Ouschteren

Wat ass dat?

Ma et ass wéi e Chrëschtbeemchen deen ech d’ganzt Joer benotzen an sou zimlech all Saison oder zu besonneschen Uläss anescht dekoréieren. Seng Plaz ass an eiser Kichen.

Ween huet mech inspiréiert?

Säit dem 6.Schouljoer hunn ech eng Frëndin, deem seng Mamm virun hirer Hausdier e klenge Beemche stoen haten deen ëmmer emol erëm anescht dekoréiert war. Meng Opmierksamkeet huet e wuel deen Dag kritt wou Plüschschoof drunhoungen. Et huet dunn awer Joerzéngte gedauert bis ech emol esou eppes fir mech ëmgesat hunn .

Wéi koum ech op di Iddi?

Wéi genau ech dropkoum kann ech mech net méi erënneren, just datt mäi Mann mech komesch gekuckt huet a gesot huet dat hellt net, ma wéi ëmmer huet hie meng Iddi mat mir zesummen ëmgesat an et hellt. Jore méi spéit hunn ech iwwregens di selwecht Iddi an enger Zeitung gesi wou si dat als Garderobe gemaach hunn, dat hunn ech natierlech direkt misste mengem Mann weisen a war stolz op mech 🙂

Wéi kann ech mir selwer sou en Bam maachen?

Majo Folgendes brauch een:

  • E Blummendëppen
  • schnell-drechnendenBëtong
  • En ofgeschniddene Aascht vun engem Bam (am beschten eben am Fréijoer oder Hierscht wann dorëmmer alles beschnidde gëtt no engem kucken. Ech mengen eise war vun engem Fliederbam)

Dat ass da schonn alles u Material, Beemchen am Dëppe festmaachen eventuell mat e puer Kiselsteng oder un e Potto oder eppes bannen. De Bëtong dozou géissen an dréchene loossen.

A schonn ass de saisonale Bam prett.

Wann dir éischter eng méi kleng Versioun wëllt maache kennt der einfach e puer Äscht an eng Vase setzen oder e klengt Blummendëppen, der Fantasie si keng Grenze gesat.

Wat kann ech do drun hänken?

Bei mir ass dat e Mix aus kaaften Artikelen, an oft maachen ech eppes aus Origami, zum Beispill Schëffelcher, Villercher, Stären oder Draachen. Fir den Ouschterbaam sinn och gebitzten Hénger dobäi, di soss an engem Mobilé verschafft waren. Der Fantasie si keng Grenze gesat anPinterest ass oft eng gutt Hëllef wann ee mol net weess wat ee kennt maachen.

Elo steet Ouschtere jo virun der Dier an no menger Mäerz Deko déi e bëssi spärlech war, kennt elo d’Ouschterdeko…ech muss jo gestoen ech hu scho laang net méi fir Ouschteren dekoréiert ma éischter Fréijoersdeko gemaach.

Ma fir Iech sinn ech op Entdeckungsrees gaangen an hunn e puer flott Ouschtersaachen vum Späicher geholl.

Zum Ofschloss nach e puer Biller vun anere Saison’en:

Mir mécht dëse Bam schonn zënter ville Jore Freed a beim sichen no de Fotoe vun de verschiddenen Dekoratiounen hunn ech gesinn datt en ëmmer anescht dekoréiert ass.

Ech hoffen Iech inspiréiert ze hunn a géif mech freeën, Biller vun äre Kreatiounen an de Kommentare op der Rosport Life Facebook Säit kennen ze bewonneren.

Schéin Ouschteren Iech alleguer! 🙂

Tags:
Nadia

Nadia

Säit Joerzéngte méi oder manner kreativ ënnerwee: vun Heekelen, Strecken, Patchwork, Sangen, Fotograféieren, selwer Natur-Seef a Kosmetik maachen an se dann am eegene Buttek verkafen, organiséiere vu Kreativowender bis hin zu der Installatioun vun engem Bicherschaf mat Hëllef vu sengen Noperen. D'Nadia spillt dobäi ganz vill mat Pabeier a Faarwen anprobéiert ëmmer nei Iddien aus. Op Facebook fannt Dir seng Säit: DE KAPP VOLLER IDDIEN an op Instagram ass säin Username offermann_nadia.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.