Mat Scampi & St. Jacques
Op der Hochzäit vu menger beschter Frëndin virun e puer Joer krute mir eng Papaya Avocado Zalot zerwéiert an déi ech mech op der Plaz verléift hunn. Iwwert d’Joren hunn ech ëmmer erëm verschidde Varianten heivunner probéiert nozekachen an haut presentéieren ech Iech meng Versioun: en Papaya Avocado Tartare mat Scampi a St. Jacques. Dëse Plat funktionéiert super als kleng Entrée wann Dir Besuch hutt, oder als Haaptplat op waarme Summerdeeg. Haut presentéieren ech Iech en als Entrée.

Dir braucht:
- 1 Avocado
- 1 Papaya
- 12 St Jacques
- 8 Scampis
- Bratzelen
- 1 Fréijoers Zwiwwel
- Koriander
- SchaarfenMoschtert
- Ueleg
- Balsamicoesseg
- Zitroun
- Salz
- Peffer
- Fir Dekoratioun: 8 gréng Spargelen
Mat enger Papaya an enger Avocado kriss du ouni weiderers eng Entrée fir 4 Leit preparéiert.

Esou geet et:
- D’Papaya an d’Avocado an 2 schneiden an d’Avocado direkt mat e bëssen Zitrounejus besprëtzen sou dass sinet brong gëtt! Fir sech d‘Aarbecht e bëssen ze vereinfachten: d’Halschent vun der Papaya an Avocado an de Grapp huelen a mat engem Knäipche scho Küben eraschneien an se da mat engem Läffel eraushuelen.
- Eng Vinaigrette aus Ueleg, Koriander, Bratzel, Balsamicoesseg, Moschtert, Salz a Peffer uréieren an zum Deel iwwer d’Kübe ginn. Och St. Jacques an d’Scampien domadder anleen an an de Frigo stellen. Minimum eng Stonn zéie loosse – wat méi laang wat de Goût méi intensiv gëtt). Déi aner Halschent vun der Vinaigrette hale mir fir den Dressage vum Teller.
- Eng Pan mat Botterschmalz wiermen an d’Spargelen, d‘Scampien an d’St. Jacques 2 Minutte pro Säit ubroden.Wärend der Zäit Tellere schonnmam Tartar dresséieren. No 4 Minutten de Fësch an d’Spargelen dobäi dresséieren, e bësse vun der Vinaigrette driwwer sprëtzen an zerwéieren.

Et ass ganz einfach, immens gutt a schéi faarweg.
Ee gudden Appetit. Wann Dir et nokacht kënnt Di reis gären op Facebook soe wéi et Iech gelongen ass.
Leave a Comment