
VUM CÉCILE THILL-BIDAULT
Dëst franséischt Jugendbuch erzielt d’Geschicht vum Narima, engem jonke Meedche wat sech mat sengen Elteren op de Wee an eng nei Heemecht mëscht. Säin wäertvollste Besetz ass eng kleng Popp déi hatt natierlech och op des Rees mathëlt. Hat hëlt awer net just seng Popp mat, mee och ee Geheimnis. An senger neier Heemecht ukomm, léiert Narima de Minos kennen deen säi beschte Frënd gëtt. Déi zwee erliewe vill flott Aventurë mee maachen awer och déi traureg Erfarung, dat hir Matschüler net ëmmer léif mat hinne sinn.
Ech fannen d’Buch huet eng ganz interessant Geschicht déi ouni Zweiwel gutt an eis haiteg Zäit erapasst. Mat 75 Säiten Text, déi och mat ganz flotten Illustratioune versi goufen, fanne jonk Lieser sech gutt erëm. Et ass geduecht vir Jonker déi schonns eng gewëss Kenntnis vun der franséischer Sprooch hunn. Wann et awer e puer Verständnisproblemer géinge ginn, huet d’Buch um Schluss och 6 Säite Vocabulaire (Franséisch-Däitsch) an deenen d’Kanner déi méi schwéier Wierder erëmfanne kënnen, wat sécherlech hëllefräich ass.
D’Illustratiounen, déi ech scho kuerz ugeschwat hunn, sinn iwwregens vun der Klass 3CE1 (2017-2018) vum Lycée Michel-Rodange aus der Stad. Et ass flott ze Gesinn wéi dës Zesummenaarbecht elo als Buch ausgesäit.
Dir wëllt Iech dëst Buch selwer ukucken? Dann hutt Dir elo d’Chance et bei mir op der Facebook Säit ze gewannen! 🙂

Editeur:
Ministère de l’Éducation Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse & Script, Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques.
ISBN: 978-99959-920-6-4
Initiativ Freed um Liesen 2018
Prix : 9,90 Euro

Leave a Comment