Vu Schlässer, Seechen an Hielen

Een Wanderwee bei Schëndels

Dir fannt Schlässer, Hielefuerschung a Lëtzebuerger Seeche spannend? Dann häerzlech wëllkomm op engem Wee op deem déi dräi Saachen op knapp 10km matenee kombinéiere sinn.

Start ass haut zu Schëndels (Schoenfels) beim Schlass. Nodeems mir den Auto am Schlasshaff ofgestallt hunn, kenne mir de schéinen Donjon bestaunen, deen 1292 erbaut gouf. An och wann dësen am Moment komplett renovéiert gëtt ass en een éischt schéint Fotomotiv. Nieft dem Donjon steet dann och ee Schëld mat historesche Fakten iwwert d’Schëndelsser Schlass. Dës Plaz ass ganz sécher och den éischten Highlight fir d’Kanner.

Mir trëppelen dann no lénks laanscht d’Kierch ëmmer de Schëlter vum Autopedestre Schoenfels no. De Wee béit hei no riets op en Feldwee of an zitt sech duerch Wisen a Richtung Bësch. Dobäi gewanne mir lues awer sécher un Héicht an hunn eng schéi Vue iwwert den Dall. Soubal mir de Bësch erreeche gëtt aus dem Feldwee en breede Bëschwee deen no an no awer méi enk gëtt an aus deem dann no an no ee klassesche Single Trail Wee gëtt. En féiert eis ëmmer wieder biergop. Uewen ukomm, passéiere mir d’Strooss (hei w.e.g. gutt oppassen) a ginn erëm weider iwwert ee Feldwee a Richtung Claushaff.

De Wee féiert laanscht grouss Uebstbeem déi am Spéitsummer dozou alueden dat eent oder anert Stéck frëscht Uebst ze probéieren. Nodeems mir e bëssen um Feldwee laanscht Felder ënnerwee waren, béie mir mam Wee erëm riets an de Bësch of. Kuckt mol hei no lenks a riets op de Rand vum Wee well genau op dësem Stéck bléie schéi Blummen. Mir ginn duerch ee schéine Bësch bis mir bei ee Schëld kommen dat eis wéisst dat et hei a Richtung Reiterlay geet. Lay (aner Schreifweise si Lee oder Ley) bedeit op lëtzebuergesch Fiels oder Fielswand.

Hei verloosse mir den Trëppelwee a ginn dem Schëld no wou mir bei eng kleng Bréck kommen déi eis op en Fiels, d’Reiterlay, féiert. Vun hei huet een e wonnerbare Bléck iwwert de Mariendall (Märjendall) an déi al Abtei. Kuckt elo op de Buedem an Dir gesitt Verdéiwungen am Fiels déi wéi Houfeisen ausgesinn.

Der Seechen no, war hei ee Ritter vu Schëndels an een heftege Kampf verwéckelt. Den aarme Ritter gouf ëmmer méi a Richtung Fiels gedrängt an en huet den Ofgrond schonn hannert sech gesi mee hie wollt sech awer net erginn an huet entscheet mat sengem Päerd d’Lay erof ze sprangen. Virdrun huet hien awer versprach, dat falls hien iwwerliewe sollt, hien dem Klouschter souvill Pond Wachs géif stëfte wéi hie mat Rëschtung a Päerd zesumme weit. De Ritter huet sengem Päerd d’Spore ginn an ass mat engem Saz erof gesprongen! Wéi duerch ee Wonner ass hien ënnen am Märjendall onverletzt gelant. An well sech d’Houfeisen an de Fiels vun der Lay era gedréckt hunn, heescht des haut Reiterlay.

Dir kennt d’Reiterlay ouni Problem mat Kanner begoen, well se ass relativ gutt geséchert a souguer wann der der Seeche kee Glawe schenkt, wäert der de Bléck iwwert den Dall genéissen an och d’Kanner wäerte begeeschtert sinn.

Mir ginn elo zeréck op de Wee vum Autopedestre Schëndels a ginn duerch de Bësch biergof a Richtung Hunnebur. Hei kennt der och emol kuerz ofbéie fir den Hunnebur ze kucke mee ech hunn et net gemaach, well de Wee soss ze laang gi wär. Mir trëppelen duerch en Dall wärend nierft eis d’Eisch eis ee Stéck um Wee begleet. De schéinen oppene Bësch an d’Dausche vun der Eisch hunn eng ganz berouegend Wierkung an et kann ee mat allen Sënner genéissen.

Beim Verloosse vum Dall ginn eis Wueden en bësse gefuerdert mee no kuerzer Zäit si mir uewen ukomm an trëppelen iwwert en breede Bëschwee a Richtung Mamerlayen. Nodeems aus dem breede Wee erëm ee schmuele Single Trail ginn ass komme mer op eng Platz wou d’Akerbauschoul en Ënnerstand gebaut huet.

Hei féiert de Wee eis direkt an déi gréissten Hiel vun de Mamerlayen. Just virdrun ass eng Platz wou der eng fantastesch Vue iwwert den Dall vu Schëndels hutt. En Fotomotiv wat et  definitiv net ze verpasse gelt.

No e puer Meter erreeche mir dann déi éischt Hiel. Des ass immens grouss a luet d’Kanner an dran ze toben an ze entdecken. Zimlech mëtteg geet en Schlof op, dee méi déif an d’Hiel era féiert. Schnell ginn d’Kappluuchten ausgepaakt an no enger Kloterpartie steet een déif an der Hiel (Oppassen: et geet déif erof, et ass rutscheg an däischter).

Mat super Andréck verloosse mir d’Grotten a ginn dem Wee no. Ëmmer erëm passéire mir elo Hielen. Déi eng si méi grouss an déi aner sinn esou kleng dass een era krauche muss. All Hiel leed grouss a Kleng zum entdecken an. Hei gëtt et keen Hale méi a mir verwandelen eis all zu richtegen Hielenforscher.

Dës kleng Aventure eriwwer, maache mir eis op den Ofstig a Richtung Schëndels. Wëllen Äerdbier begleet eis um Wee. Nodeems mer ënnen ukomm an iwwert d’Strooss gaange sinn (gutt oppassen, leider gëtt hei gerannt) erëmginn duerch Schëndels bis zeréck an den Haff vum Schlass.

Tipps:

  • De Wee ass fir Kanner zimlech laang. Als Alternativ kennt dir beim Claushaff (Klaushaff) parken an ab hei dem Wee nogoen. Dir kommt laanscht d’Reiterlay an och bei d’Mamerlayen. Duerno einfach em dréinen an iwwert den Haaptbëschwee zeréck op de Claushaff goen. Sou kënnt dir déi 2 Haaptmontée vermeiden.
  • Gutt Trëppelschong sinn ubruecht
  • Dot Kleeder un déi kenne knaschteg ginn, a munch Hiel muss een erakrauchen
  • Vergiesst är Kappluucht oder Täscheluucht net
  • De Wee ass net gemaach fir Poussettë well et deels Single Trail ass
  • Vergiesst net ären Handy oder Fotoapparat
  • Ab Hierscht bis Fréijoer sinn d’Hiele mat engem Gitter zou, well dann d’Flantermais dran iwwerwanteren
  • Passt wann ech gelift op: et geet iwwert 2 Stroossen ewech wou leider deels massiv gerannt gëtt.
  • Sollt dir de GPS vu menger Säit benotzen, ignoréiert d’km Zuel. Duerch d’Krauchen an den Hielen ass des falsch. Reell sinn etwa 9,5km.
  • Ënnerwee gesitt der deels aussergewéinlech Blummen, eng App zur Bestëmmung vu Blumme kennt bei Kanner ëmmer super un
Tags:
Christian S.

Christian S.

Ech sinn e Wanderer, Hiker, Frënd vun der Natur an aale Scout. "Nur wo du zu Fuß warst, bist du auch wirklech gewesen” - Goethe  Ech sinn Admin vun der Wanderen zu Lëtzebuerg - Walking in Luxembourg - Wandern in Luxemburg Facebook Säit, leeden d’Facebook Grupp Trekking - Hiking - WanderenLëtzebuerg an hunn och en Instagram Account mam Numm walking_luxembourg.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.