
13-järege Bouf verkeeft seng Xbox a schafft bei de Leit am Gaart fir senger elengerzéiender Mamm en Auto ze kafen.
Eng elengerzéiend Mamm aus Nevada war komplett geschockt, wéi hire Jong vun 13 Joer hir e Kaddo gemaach huet, deen een net vun engem Jong a sengem Alter erwaart.
Den Newsdraach dreemt dovun, datt seng gutt a positiv Noriichten op Lëtzebuergesch de Leit dobausse gefalen an hinnen e Laachen an d’Gesiicht zauberen oder e waarmt Gefill vu Freed vermëttelen. An dësem Artikel erzielt hien Iech déi bescht « Gutt Noriichten » vum éischte Mount am Joer 2019.

Police Officer gëtt gelueft fir d’Beäntwere vun engem 911 Uruff fir e vermësste Petz vun engem autistesche Jong ze retten
En Teddybier ze verléieren ass normalerweis net deen Noutfall dee fir d’Police typesch ass – awer wann et ëm en ängstleche Bouf mamt Autismus geet, deen 911 urifft fir Hëllef ze kréie fir säin Plüschdéier erëmzefannen, dann hëlleft d’Police gär.

Foto vun engem Mann, deen eng eeler Fra e puer Stadionstrapen eropdréit, eruewert d’Häerzer
D’Shayla an den Thomas Harwell waren op engem Brad Paisley Concert an der Houston Livestock Show and Rodeo d’lescht Woch a si hu bemierkt wéi eng eeler Fra Problemer hat op hir Plaz ze kommen.
Well hire Mann Pompjee beim Hardin Volunteer Fire Department am Norde vu Houston an Texas ass, huet d’Shayla hirem Mann d’Fra gewisen a gefrot, ob hien net hëllefe kéint. Den Thomas ass direkt opgestan an huet der Fra gehollef.
Nom Concert huet hie gesinn, datt d’Fra ze midd war fir d’Trapen nach eng Kéier eropzegoen, – also huet hie si einfach op den Aarm geholl a fir de Rescht vum Wee gedroen.
Den Newsdraach dreemt dovun, datt seng gutt a positiv Noriichten op Lëtzebuergesch de Leit dobausse gefalen an hinnen e Laachen an d’Gesiicht zauberen oder e waarmt Gefill vu Freed vermëttelen. An dësem Artikel erzielt hien Iech déi bescht « Gutt Noriichten » vum éischte Mount am Joer 2019.

Schoulbezierk mécht aus onbenotze Cafeteria Liewensmëttel Take-Home Moolzechte fir bedierfteg Kanner
E Schoulbezierk ass mat enger ganz einfacher, awer effiziemter Léisung opkomm fir gläichzäiteg den Honger vun de Schüler an d’Liewensmëttelverschwendung ze bekämpfen.
Den Elkhart School District vun Indiana huet ugefaang hir iwwregbliwwe Liewensmëttel aus der cafeteria anzepake fir hir Studenten, fir datt si se de Weekend kënne matheem huelen.
Vill Schüler sinn ofhängeg vun de Moolzechten an der Schoul, dat sinn hir Haaptiessensquellen – wann also de Weekend keng Schoul ass, hu vill Kanner doheem näischt z’iessen.
Den Newsdraach dreemt dovun, datt seng gutt a positiv Noriichten op Lëtzebuergesch de Leit dobausse gefalen an hinnen e Laachen an d’Gesiicht zauberen oder e waarmt Gefill vu Freed vermëttelen. An dësem Artikel erzielt hien Iech déi bescht « Gutt Noriichten » vum éischte Mount am Joer 2019.

D’Kim huet e Bracelet géint K.o.-Drëpsen entwéckelt an dm verkeeft en
Op eemol ëm: Fies Mënsche schëdden anere beim Feiere K.o.-Drëpsen an d’Gedrénks. D’Kim Eisenmann huet e Bracelet dogéint entwéckelt – an et domat an den Onlineshop vun dm gepackt.
Den Newsdraach dreemt dovun, datt seng gutt a positiv Noriichten op Lëtzebuergesch de Leit dobausse gefalen an hinnen e Laachen an d’Gesiicht zauberen oder e waarmt Gefill vu Freed vermëttelen. An dësem Artikel erzielt hien Iech déi bescht « Gutt Noriichten » vum éischte Mount am Joer 2019.
Dir wëllt all Dag op d’mannst eng Portioun gutt Noriichten, da kuckt beim Newsdraach op Facebook eran 🙂
Leave a Comment