fbpx

​Den 9. Juni ass Mammendag!

„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

___

These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

Mammendag ass d’Fest vun der Mamm. Mir feiere Mammendag zu Lëtzebuerg den 2. Sonndeg am Juni.

Blummen, Knippercher oder och e selwergebastelte Kaddo: Dat sinn déi klassesch Kaddoe fir Mammendag.

Mammendag kënnt aus Amerika a gëtt zënter 1914 an der westlecher Welt gefeiert.

Den Ursprong vum Mammendag geet bis bei d‘Veréierungsritualer vun der Gëttin Rhea am antike Griichenland. D’Gëttin Rhea war dem Zeus seng Mamm.

Mammendag, wéi en haut gefeiert gëtt, gouf vun der englescher an US-amerikanescher Fraebeweegung gepräägt. D‘US-Amerikanerin Ann Maria Reeves Jarvis huet am Joer 1865 probéiert eng Mammebeweegung mam Numm „Mothers Friendships Day“ ze grënnen. Op deene vun hir organiséierten „Mothers Day Meetings“ konnte Mamme sech iwwer aktuell Froen austauschen.

Hir Duechter huet am Mee 1907 nom 2. Doudesdag vun hirer Mamm als Undenken zu Philadelphia virun der Kierch Blumme verdeelt. Nodeems si dat Ganzt am nächste Joer widderholl huet, huet si eng Initiativ gestart fir zu Éiere vun de Mammen en offizielle Feierdag anzeféieren – mat Erfolleg. Am Joer 1909 zum Beispill gouf an 45 US-Bundesstaate Mammendag gefeiert. Fënnef Joer méi spéit gouf den 2. Sonndeg am Mee als nationale Feierdag zu Éiere vun de Mammen erkläert.

An England hat de Kinnek Henry III. am 13. Joerhonnert den „Mothering Day“ agefouert, dee sech awer mat der Zäit erëm verluer huet. Dat neit Konzept vum Mammendag gouf awer erëm séier ugeholl a mam traditionellen „Mothering Sunday“ fusionnéiert. De Feierdag huet sech 1917 weider an der Schwäiz, 1918 a Finnland an Norwegen, 1919 a Schweden, a vun 1923 un an Däitschland a 1924 an Éisträich duerchgesat.

Och zu Lëtzebuerg feiere mir zënter Ufank vum 20. Joerhonnert Mammendag.

 

Vocabulary

Mammendag (m) = mother’s day

Knippercher (pl.) = chocolates

selwergesbastelt = handicrafted                                   

Ursprong (m) = origin

Veréierungsritual(er) (m) = worship ritual(s)                  

Gëttin (f) = goddess

gepräägt (= Verb: prägen) = engraved                           

austauschen (Verb) = exchange

Duechter (f) = daughter                                                

Doudesdag (m) = day of death

Undenken (n) = souvenir                                               

widderholl (=Verb: widderhuelen) = repeat

zu Éiere vun = in honour of                                

anzeféieren (=Verb: aféieren) = introduce, launch

Erfolleg (m) = success                                       

duerchgesat (=Verb: duerchsetzen) = implemented

Tags:
Tania Hoffmann

Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.