Un wat denkt dir wann ech Iech Maarteleng soen? Ech tippe mol op Tankstellen oder op en gedeelten Duerf wou en net genau weess, sinn ech an der Belsch oder zu Lëtzebuerg…. All dat maach stëmme mee Maarteleng ass och emol am Joer méi. Nämlech da wann am Juni de Koll an Aktioun Festival statt fënnt. Wann dir dësen aussergewéinleche Festival nach net kennt da loosst Iech mathuelen ob eng Rees tëscht Vergaangenheet, Modernitéit, Folk a villem méi.

Vläicht frot Dir Iech mol als éischt wouhier deen Numm vum Festival da kënnt. De Koll an Aktioun Festival huet säin Numm kritt well en eben um Site vun enger aler Schiferminn statt fënnt. An déi Minn heescht Koll. Vun 1790 un gouf op dësem Site an ënnerierdesche Minne Schifer ofgebaut bis 1986 och déi lescht Minn huet hir Dieren zou maachen. An der Spëtzenzäit waren hei 600 Aarbechter beschäftegt.
Op dësem aussergewéinleche Site fënnt all Joer em Päischten de Koll an Aktioun Festival statt deen sech op d’Fändele geschriwwen huet ee Festival fir déi ganz Famill ze sinn. Scho wann der op de Site kommt mierkt der hei ass eppes anescht: faarweg Dicher iwwerspanen d’Stroossen tëscht den historesche Gebaier vun der Minn, an de Beem hänke faarweg Stofffatzen déi monter am Wand flatteren, an all Eck vum Site setze Léit an diskutéieren an d’Kanner spillen op den ale Gleiser wou fréier emol de Jangli gefuer ass.


An all Gebai um Site gëtt eppes gebueden: Bars mat ënnerschiddleche Museksrichtungen, Iessstänn mat engem méi oder manner aussergewéinlechen Angebot, Plaze wou een sech zeréck zeie kann, Konschthandwierksstänn, eng Ausstellung mat Biller a Fotografien, eng grouss Concertsbühn, Virféierunge vu Leeëndecker a Schmatten, Virféierunge vun Artisten, Stänn mat Spiller a Bastelatelier’en fir Kanner. Et ass eng aussergewéinlech a gelonge Mëschung fir Grouss a Kleng.


Et ass dem Entdeckungsdrang vun de Kanner keng Grenze gesat: iwwerall sinn al Maschinnen, Gebaier an Ecker déi just drop waarden entdeckt ze ginn an da kommen och nach iwwer 15 Atelieren an Shows dobäi, déi dofir suergen, dass et de Klengen net langweileg gëtt.
Wéi et Owes bis däischter gouf, huet déi flott Beliichtung vum Site nach eemol ee besonnesche Flair ervir bruecht. Dës Atmosphäre, zesumme mam gudde Wieder Sonndes, huet et einfach gemaach déi verschiddene Concerte ze genéissen a bis wäit an d’Nuecht um Festival ze bleiwen.
Dir mierkt schonn op dësem Site fënnt jiddereen eppes well et gëtt fir all Stil an all Goût eppes gebueden. En grousse Luef un den Organisateur, well hei gouf eppes op d’Been gestallt wat et esou net nach emol zu Lëtzebuerg gëtt. Vläicht huet dir och elo Loscht kritt bei der Editioun 2020 vu Festival derbäi ze sinn a Maarteleng vun enger anerer Säit kennen ze léiere wéi nëmmen Tankstellen. 🙂

Leave a Comment