Den Newsdraach dreemt dovun, datt seng gutt a positiv Noriichten op Lëtzebuergesch de Leit dobausse gefalen an hinnen e Laachen an d’Gesiicht zauberen oder e waarmt Gefill vu Freed vermëttelen. An dësem Artikel erzielt hien Iech déi bescht « Gutt Noriichten » vum Juni.

De Björn bréngt Flüchtlingen d’Bake bäi – a gëtt esou zum Virbild fir déi ganz Regioun
Zu Eberswalde ticken d’Aueren nach anescht. Hei soe sech d’Awunner Moien, et kennt ee sech. D’Brandenburger Klengstad läit zwar nëmme ronn 50 Kilometer vu Berlin ewech, an awer trennen déi 40.000-Awunner-Stad an d’Milliounemetropol Welten. Auslänner gesäit een zu Eberswalde éischter seelen.
Ausser an der Bäckerei vum Björn Wiese. Aacht Mataarbechter mat Migratiounshannergrond huet de 46 Joer ale Bäckermeescher a sengen dräi Butteker agestallt a weist domat, wéi Integratioun vu Flüchtlinge funktionnéiere kann.
Hien huet e Syrer an e Pakistani agelueden, déi mat him zesumme Brout aus hirer Heemecht bake sollten. En Erfolleg. De Wiese huet déi zwee jonk Männer bei sech agestallt.
Quell: nurpositivenachrichten
Nodeems Polizisten him en Auto ginn hunn, hu Friemer engem 20-Järegen Dausenden Dollare gespent fir seng 5 Geschwëster z’erzéien.
D’lescht Woch hunn d’Geschwëster national Schlagzeile gemaach, nodeems déi lokal Police e Video verëffentlecht hat, wou d’Police sech weist mam Sam an engem neien Auto. De Kanner hir Geschicht gouf Dausende Mol gedeelt – an Dausende Lieser hu bei enger GoFundMe Kampagn fir d’Famill matgemaach a gespent.
An nëmmen enger Woch hat d’Säit iwwer $29.000 Dollar erreecht an et ass weidergaangen.
Quell: goodnewsnetwork
______________________________
Cafébesëtzer huet ee Joer laang e Mann mat gratis Zopp beliwwert, deen eng Chemotherapie krut.
De Juan Carlos Beristain war e Kachgenie hannert der Théik vum JC’s Cafe zu Cary, Illinois. Ausserdeem mécht hien Desserten a Kaffi, an hien ass bekoannt fir seng exzellent Zoppen.
Den Noah Dionesotes ass nëmmen ee vun de lokalen Awunner, déi seng Zoppen esou gär hunn. Ausserdeem datt den Dionesotes u Multiples Skleros leit, waren d’Zoppen och eng wäertvoll Ernierungsquell wärend senge Chemotherapien.
De Beristain huet vum Dionesotes senge Gesondheetsproblemer héieren – a vu senger Léift fir seng Zoppen. De Beristain huet direkt a puer Dëppercher mat drëscher Zopp gefëllt a se dem Dionesotes bruecht.
Quell: goodnewsnetwork
Kanner aus dem Abseits huelen
Och hautdesdaags kënne mer net verstoppen, datt all fënneft Kand am Norde vun Däitschland vun Hartz IV lieft.
Awer et gi Mënschen zu Hamburg, déi mat upaken an déi sech géint Ausgrenzung an Aarmut stellen. D’Janina Steiling ass sou eng jonk Fra. Si mécht sech am Projekt „mitKids“ staark a gëtt en Deel vun hirer knapper Fräizäit un dat klengt Angel of fir hatt aus dem Abseits ze huelen.
D’„mitKids“-Aktivpatenschafte vermëttele Kanner tëscht zwee an néng Joer, déi opgrond vun enger belaaschter familiärer Situatioun oder enger feelender Bezuchspersoun besonnesch Opmierksamkeet brauchen.
Quell: Rtlnord
Blog Comments
Erwin Boschmans
8. January 2020 at 20:39
All Respekt fir Är formidabel Leeschtung.
Ganz flott, tipp topp gemaach.
Villmools Merci.
Erwin Boschmans
8. January 2020 at 20:41
tipptopp