Vu Plettenberg op Port Elizabeth
D’Rees op der Gardenroute geet an hire leschten Deel… a wat wär eng Rees a Südafrika ouni Safari?! Lass geet et 🙂
Vun Plettenberg fuere mir an d‘Schotia Private Game Reservea loossen eis um Wee dohin nach eng Kéier mat enger leschter Nuecht an der Jeffrey’s Bay vun engem dramhaft schéine Strand verwinnen.
Jeffrey’s Bay ass de beschte Surfspot an Südafrika, an wann Dir ee Bett an der Lodge On the Beach, reservéiert dann ass et quasi wéi wann Dir um Strand géingt schlofen. Mäin Restaurant Tipp ass hei de Walskipper, wou de Strand bis bei Théik läit. Op gegrillt Fleesch oder frësche Fësch, Dir hutt d’Wiel.
D’Safari am Schotia Private Game Reserve, op déi ech Iech mathuelen, bucht Dir am beschte laang am Viraus iwwer dësen Site. Verpasst och op kee Fall den Addo’s Elephant Park nieft de Big Five matzebuchen. Ech hat meng 2 Iwwernuechtungen am Hopefield Country House gebucht a war bis op d’Iessen ganz zefridden. Villaicht kënnt Dir d‘River Bend Lodge aus probéieren a mir Är Erfahrunge matdeele 🙂
Dir gitt vu Schotia ofgeholl an an den Elefantenpark bruecht. Hei kënnt Dir den Elefanten, esou laang dir wëllt nokucken, a gesi wéi se sech wäschen, spillen a beweegen. Op kee Fall de Fotoapparat vergiessen.
Ech géing Iech rode bei Schotia béid Tooth and Claw an Addo Morning Safari zesummen ze buchen. Op der Safari geet et 4 Stonne mat engem oppene Range Rover op t’Sich no de Big 5! Déi schéinste Biller vun Zebra, Giraff, Rhino, Léiwen a souguer Nashorn kënnt dir hei knipsen. 12 Stonnen an dëser Weldreserveze verbrénge bleift en onvergiesslecht Abenteuer. (Iwwregens ass des Reserve Malaria fräi)
Voilà, no 14 Deeg Rees schléissen ech meng Rees mat Iech zesummen zu Port Elizabeth an der « windy city » oof. Hei gënnen ech mir fir eng Kéier een5* Hotel, The Boardwalk Hotel, um Strand vum Indeschen Ozean. Den Hotel bitt ee fantastesch gudde Restaurant an och de Kaffis Buffet ass genial gutt.
Vun Port Elizabeth kann een iwwer Kapstadt oder Johannesburg zréck heem fléien.


Zum Enn vu menger Serie wëll ech awer och nach ee Moment huele fir éierlech mat Iech ze sinn. An den Artikelen hunn ech déi manner schéi Säite vu Südafrika net mat erabruecht. Einfach well se fir mech, zwar zum Land dozougehéieren, ma d’Rees awer net manner schéi maachen:
Natierlech fënnt ee Leemhütten a schlecht Stroossen a Südafrika, et ass eng vun de Facettë vum Land, eng kleng. Déi aner si modern Metropolen, super Stroossen, luxuriéis Shoppingzentren & Hoteler. Genausou huet d’Fro vun der Sécherheet zwee Gesiichter. Dir wäert Iech an deene meeschte Géigenden total a Sécherheet fillen, a wäert ëmmer erëm zréck goen. Meng Tipps : drot Äre Wuelstand net zur Schau, sitt wuechtsam a loosst den Auto zou, wann Ärt Bauchgefill Iech e Warnsignal gëtt. Vermeit Nuetsfueren, besonnesch wann Wëldwiessel ass, evitéiert grouss Demonstratiounen, a looss keng Wäertsaachen am Auto leien. Ech hoffen duerch meng Artikele krut dir och Loscht op eng Rees a Südafrika! Ech wees allzäit, ech si prett fir zréck 🙂 De Mix vun de Landschaften, der Atmosphär, de Leit, dem Wäin, dem Iessen an dem gudde Wieder, loosse mech ganz reegelméisseg erof fléien a maachen aus dësem Land eng vu mengem Liiblingsdestinatiounen.
Leave a Comment